a brëll dach sélwer!

Google huët ë neie Service online gestallt. Ën ass awer nach an der Beta-Phase (wi baal alles bei Google), duërfir sollt een lo net säin komplett Liëwen domat am Viraus plangen. Ën heescht Google Romance.

Interessant ass och, datt d’Kanalinselen Guernsey, Jersey an d’Isle of Man lo endlech hir eegen ccTLD, also Internetendung kruut hun, anzwar .gg, .je an .im. Dat gouf jo awer och Zäit!

Flott ass lo och gewuër ze gin, datt sëch dns.lu an Administration Publique des Réseaux IP de Luxembourg” embenannt huët.

This entry was posted in Pablog. Bookmark the permalink.

5 Responses to a brëll dach sélwer!

  1. Thierry says:

    Ech mengen Google Romance ass kee Kommentar wert.

    Mee déi Iniative Vanity Nummeren bei Domains anzesetzen… nujee, ech wees net wat ech dovunner haalen soll. Jo, villäicht gin d’Nimm knapp, mee kréien mer dat geléist andeems elo nach eng Method bäikennt, déi genausouwéineg je standardiséiert gett wéi Accenten an Umlauter an den Domains? Oder déi chinesesch Schreftzeechen? An wann se dann och nach nemmen mat Mozilla an Microsoft diskutéiren: HALLO?! Do gin et nach tonnen aner Browseren! Lëtzebuerg gesäit sech alt nees e bessen ze grouss mengen ech… Si sollten mol de Registratiounsprozess bei Restena an d’21. Joërhonnert bréngen, an d’Käschten sänken, dovunner hätte mer méi.

  2. pa says:

    Djëft, ech hun net dru geduëcht, datt ë Link jo meeschtens automatesch ënnerstrach get. Do gesäit ee jo guër net di Buchstaawen, di ech beim neie Numm sélwer ënnerstrach hun.

    An zu den ccTLDs, am Heise-Forum sin der dann awer och nawell eng Reih Leit drop era gefall, datt ët kee Geck ass.

  3. federico says:

    1) Wat ass ënnerstrach?
    2) Lo sin ech verwirrt :S :)

  4. Thierry says:

    @ fede
    “Administration Publique des Réseaux IP de Luxembourg

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>