invasioun vun de gardenzwerger

When yellow gnomes attack…

Haut de moien sin së op eemol opgedaucht: giël Plastiksgardenzwerger! Op verschiddenen Plaazen an der Staad goufen së schon entdeckt an erbarmungslos enttarnt. Mä wat stëcht dohannert? Eng Invasioun mat der Weltherrschaft als Ziel? Oder just eng geschéckten viral PR-Aktioun? De Site ass op eng Bouneweger Medienagentur registréiert, mä d’Aktioun ass anscheinend europawäit. Wien méi weess oder eng Foto huët, soll dat un egalwaat@egalwaat.lu schécken.

Link

Update: anscheinend sin schon di meescht giël Männecher entweder geklaut oder vun humorlosen Gemengenaarbechter mat geholl gin.

This entry was posted in News, Nonsens. Bookmark the permalink.

3 Responses to invasioun vun de gardenzwerger

  1. Thierry says:

    Wat och emmer et ass, efficace ass et allemol, jiddereen schwätzt dovunner. Dat erennert mech iergendwéi un den Tango Buzz an den Plakater “Ils arrivent…”. Ech géing mol op viral Marketing tippen, t’ass 1. modern an 2. déi efficacsten Method hautzedags Reklammen ze maachen.
    Iergendwann wärte mer et scho gewuer gin. An ech loosse mech net dovunner beaflossen, ech kennen de Prinzip vu viralem Marketing ze gudd, also zerbriechen ech mer net de Kapp driwwer, ech waarden just gedelleg op eng Enwert. :)

  2. pa says:

    Den Tango Buzz ass mir zwar mol net sou opgefall. An dat dotent schéngt wirklech vun interact.lu, enger Marketingagentur ze sin. Wat mech just erstaunt ass, datt së dat och an aanere Länner maachen, ët stoung souguër schon an enger schwedescher Zeitung.

    Ech versiche mech meeschtens och net vun viralem Marketing beaflossen ze loossen, mä dat mat den Gaardenzwerger fannen ech ower witzeg, wéll ët jo lo och net direkt eng Reklamm fir si ass. Dat gouf ët jo schon ënnert aanere Formen firdrun. Just schuëd ass, datt baal néirens méi een ze fannen ass. Dat wär dach witzeg, wann een déi einfach mol sou ging stoë loossen.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>