richteg lëtzebuergesch schreiwen

Nodeems scho virun enger Zäitchen hei de leider net méi weider gefouerten CORTINA-Projet firgestallt gouf, ass et elo un der Reih vu spellchecker.lu. Eng Initiativ vun Studenten huet et sëch zum Zil gesaat, endlech eng vernünfteg automatesch Korrektur vun der lëtzebuergescher Sprooch z’entwéckelen an zwar als Open Source. Eng éischt Beta-Versiounen sinn och schon fir den OpenOffice.org verfügbar. Iwwregens gouf dësen Artikel natierlech mat der Onlineversioun vum Spellchecker verbessert! ;)

Link

This entry was posted in Internet & PC, News. Bookmark the permalink.

5 Responses to richteg lëtzebuergesch schreiwen

  1. b352 says:

    dat doten ass mol eng gudd initiative, an ech wäert déi säit mol direkt bookmarken a benotzen.

    mais ech froe mech ëmmer nees, wéi een “richteg” lëtzebuergesch schreift. wéivill leit sollen ët hei am land gin, déi vu sech behaapte kéinten richteg lëtzebuergesch ze schreiwen?! :-)

    Opjiddfer Fall eng immens fäin Saach.

  2. a380 says:

    Cool! Do steet eppes vu “jiddferee ka mathëllefen”. Wees ee wéi?

  3. CK says:

    Net schlecht. Dat gefällt mer. Dee “CORTINA-Projet” schéngt scho säit e puer Deeg net méi erreechbar ze sinn, oder ass dat just bei mir esou?
    De spellchecker.lu schéngt eng gudd alternativ ze sinn. Just erkennt en offenbar eng Rei Wierder (nach) net.

  4. marc says:

    Dat as effektiv eng goud initiativ. Richteg lëtzebuergesch schreiwen as net einfach fir mech, obwuel et meng heemsprooch as.

    P.S. merci fir de link op der Saït “Lëtzebuergesch Blogen”

  5. miguel says:

    Moiën,

    dësen Website gët “egalwaat” genannt an dat Wuert as scho richteg gewielt ginn. Firwat? Ganz einfach: kann ee iwwerhaapt Lëtzebuergesch schreiwen? D’Situatioun vum Lëtzebuergeschen as egalwaat.
    1) di meescht Lëtzebuerger kënnen kee Lëtzebuergesch schreiwen.
    2) jiddereen (oder jidfereen, jhidfereen)schreiwt a schwätzt wéi ee wëllt, d.h. all Regioun hei am Land huet säin “Dialekt”, z.B. wat as richteg? do uewen oder do uawen, muer oder muar, Méindeg oder Méindig, Gare oder Guar, Gaart oder Goart, asw …..wat as dann richteg? Wat as dann Standardlëtzebuergesch?
    Kee Wonner, dat datt geschriwwent Lëtzebuergesch nach ëmmer oder nimools stattfënnt.
    3) ët misst een sech eens ginn, wéi e Lëtzebuergescht an d’Zukunft richteg ass (oder as).
    4) wann ët esouwäit ass, Lëtzebuergesch dann richteg schreiwen.
    5) Lëtzebuergesch op all Stroosseschëld setzen an op d’Press vill méi benotzt ginn, well Däitsch a Franséisch zevill dominéieren.
    6) Lëtzebuergesch als eng vun d’EU-Sproochen unerkennen. Dofir misst een Ustrengungen maachen.
    Ustrengungen as och e Beispill. Et sinn Leit di Effort’ën soën.
    7) Geschriwwent Lëtzebuergesch an der Schoul geléiert ginn.

    Konklusioun: EGALWAAT!

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>