U sëch wollt ech hei eppes iwwert de Site vum MUDAM (am Volleksmond och "Pei-Musée" genannt), deen läschte Weekend offiziell opgoung, schreiwen. Mä d’Säit huët sou ë komesche Layout, respektiv iwwerhaapt keen, datt ech dovun ofgesin hun, mech doduërch ze wullen. Weder am Firefox, nach am Internet Explorer gett di Säit richteg ugewisen. Oder besser gesoot, së gett schon richteg ugewisen, mä ass awer wahrscheinlech net dat, wat den Claude Closky vun Noel Solution (dem Quelltext no den Auteur) geduëcht hat. Deem misst een d’Pei sträichen! Vläit ass dat ganzt sélwer awer och als Konschtexperiment geduëcht, wéll u sëch hat ech mer baal erwaart, eng vun deenen üblechen onbenotzbaren, a réngem Flash gehaalenen Animatiounen ze gesin. Vläit konnten së sëch awer och nach net décidéiren, wéi eng Faarw den Hannergrond sollt kréien.
-
Archives
- September 2016
- October 2015
- January 2015
- December 2014
- November 2014
- October 2013
- August 2013
- April 2013
- February 2013
- November 2012
- October 2012
- March 2012
- January 2012
- December 2011
- September 2011
- June 2011
- December 2010
- August 2010
- July 2010
- June 2010
- May 2010
- April 2010
- February 2010
- January 2010
- October 2009
- September 2009
- August 2009
- July 2009
- May 2009
- March 2009
- February 2009
- January 2009
- December 2008
- November 2008
- October 2008
- September 2008
- August 2008
- June 2008
- May 2008
- April 2008
- March 2008
- February 2008
- January 2008
- December 2007
- November 2007
- October 2007
- September 2007
- August 2007
- July 2007
- June 2007
- May 2007
- April 2007
- March 2007
- February 2007
- January 2007
- December 2006
- November 2006
- October 2006
- September 2006
- August 2006
- July 2006
- June 2006
- May 2006
- April 2006
- March 2006
- February 2006
- January 2006
- December 2005
- November 2005
- October 2005
- September 2005
- August 2005
- July 2005
- June 2005
- May 2005
- April 2005
- March 2005
- February 2005
- January 2005
- December 2004
- November 2004
- October 2004
- September 2004
- August 2004
- July 2004
- June 2004
- May 2004
- March 2004
- February 2004
- January 2004
- December 2003
- November 2003
- September 2003
- August 2003
-
Meta
fir sou wuertspiller misst een dir den blog straichen
Hehe, sou schlemm sin dei dach net Thorben :).
Zumolst wann ee mat der Mudam Sait verglaicht. Déi ass wierklech net besonnech benotzbar. Grugeleg all dei hover Effekter déi di Ganz Sait zum Wackele brengt. Mee bon, wat soll ee soen, et ass fun engem «Könschtler».
Katastophal. T’ass alles dass ech de Menü iwwerhaapt gesin, an heiansdo spréngt sou eng komesch fuerzgréng Affiche iwwer déi ganz Säit op. Wann de MUDAM (fir dee Numm misst een dem Ministère och villes sträichen :D) nemmen hallew sou gudd ass, da war et de Sträit em déi faméis Sténg jo scho baal wert. Hm, obwuel dat ass wahrscheinlech d’Erklärung: nodeems se do Milliounen u Steiergelder verschwend haten ware keng Suen méi do een ze bezuelen deen wees wat HTML ass. Mee Kanner, dofir gett et dach OpenSource Léisungen…
Emmer rem schéin ze gesin, wat mir hei vu Kompetenz strotzen an deem klengen Land… :D
Ech wor an Mudam an engem eidlem Raum wouropp hin ech gesoot hun et ass naischt an deem Sall dran. Den Guardien huet geschmunzelt an ech gouff vun aneren Leit als Kulturbanaus vernannt.
Et muss een eppes vun moderner Kultur verstoen an och eemol am Mudam dra gewiercht sin fier hier Internet Sait ze verstoen ;-)
Hmm, ën eidele Raum ass mer zwar néirens opgefall. Wou war deen dann, méi am Keller? Do waren eng Rei Reim mat Videoprojektiounen, vläit woren déi grad aus oder sou…
En war uewen um Stack op der rietser Seit virun den Traapen fier eroof bei d’Cafeteria. Anscheinend wuar d’Struktur vun der Mauer extra (ronn Ecken emplaatz vun eckegen Ecken)
Ah, okay, ech weess lo, wat’s de mengs an hätt do och geschmunzelt. Du häss missten d’Mauer mol mi vun no kucken. De Kënschtler hat d’Mauer mat Bläistëft vollgekritzelt. De ganze Raum. Vun ënnen bis ganz uëwen. Wirklech alles.
Oh merde, voll gebeit!! Ech sin juste 2 Schrett ragaangen, hun naischt gesin an sin rem direkt rausgaangen. Hehe
Naja, iwwer Konscht lisst sech wierklech streiden, mee déi Internetsäit ass wierklech grausam. Vum Ausgesinn emol oofgesinn ass alles immens duergerneen opgebaut a verschidde Links kann een net richteg uklicken well déi d’Gréisst déi ganzen Zäit änneren. A Saachen Internet-”Konscht” ass dat do wierklech dat allerlescht. Fir e Millioune-Projet ass dat do dach net ze gleewen!
wat ass eigentlech mat okay.lu lass?
LuxAdmin huët iergend eppes mat den DNS-Serveren verschass.
kommen dei awer rem?