Haut um 17 Auer ass ët rem souwäit: di gréisste Kirmes am Land an an der Ëmgéigend geet op, anzwar d’Schueberfouer! Fir d’666. Kéier bidden honnerten vun Iessbuden, Spiller a soss fir Stänn Spill, Spaass, Ënnerhaalung a suërgen fir dat leiwlecht Wuël. Nom 11. September herrscht dann no engem grousse Freedefeier rem Rouh um Glacis-Feld um Lampertsbierg.
Update: Wien eppes zu engem Spillgeschäft oder enger Iessbud op der Fouer wëll soën, kann dat och am Forum maachen.
Wat freen ech mech op den 12. September. :D
Ech freeën mech zwar nawell all Joer rem op d’Fouer. Et ass zwar natierlech eigentlech Suen zur Fenster rausgeheit – mee dat ass op der anrer Säit bei all Saach déi Spass mecht sou. A wann een och nemmen eppes dohinner drenke geet, d’Atmosphär gefällt mer einfach.
Dat eenzegt wat stéiert sin heiansdo wierklech déi Asien déi fier bei der Entrée lungeren. Déi giffen eigentlech besser tescht e puer riesen Dreckscontaineren an iergendenger Gaass passen. Mee nee, se mussen d’Entree vun der Fouer blockeiren :P