Den “nixnix” huët Foljhendes geschriwwen:
eng letz politikerin déi iwwer hir aarbecht am Europaparlament mat videoclips op YouTube an op Google Video informéiert.
Ech perséinlech fannen dat mol eng luëwenswärt Initiative, déi d’Astrid Lulling (wuël mat Hëllef vum Jérôme Lulling) do ënnerholl huët, fir verschidden Aarbechten vum Europaparlament de Leit mi noh ze bréngen. Op der Homepage fënnt een net nëmmen eng Reih Dokumenter a Linken zu deenen verschiddenen Themen, mä och nach d’Adressen vun Videoblogen op YouTube an Google Video. Dës stellen sëch aus kléngen Videoschnipselen aus 1-2 verdaulechen Minutten zesummen. Ouni lo eppes iwwert den Inhalt auszesoën, fannen ech dat durchaus gelongen an ët kinnt roueg mol Noahmer hei zu Lëtzebuerg fannen, wéll ët gin genuch Politiker vun deenen een net weess, wat së iwwerhaapt maachen.
technesch tip top, de Clip 3/3 mam Robert Goebbels ass souguer witzeg, mee wee brauch nach RTL TV wa jiddwereen seng eegen TV ka maachen? wat gët daat réisht fir d’wahlen2009: CSV TV, LSAP TV, Gréng TV, DP TV … horror, en overflow_ un informatiounen
an dësem clip hei leet d’astrid sëchmat der internetzeen un
http://www.youtube.com/watch?v=XNl8PgKgt2I