d’baach erof

Ech hu lo grad eng Rei vun 4 Artikelen op "The Daily WTF" geliës, engem Site, deen Anekdoten aus der IT-Welt presentéiert, di ee just mat WTF? kann beschreiwen. Di 4 neist Artikelen sin eng Serie iwwert eng reel existéierend Firma mam Numm Virtuadyne (dee Numm ass awer fiktiv) an hir Grënnungsgeschicht. Do prallen geballt Inkompetenz, gewalteg Ahnungslosegkeet a Vitamin B openeen a loossen am Endeffekt iwwert 200 Milliounen Dollar (!) an der Toilett verschwannen. Geléiert huët natierlech keen eppes do raus. Hei sin d’Geschichten: 1, 2, 3, 4.

Dat trauregst ass nach, datt sou Fiaskoen Gang und Gebe sin an der IT-Welt, wou oft Decisiounen vun Leit ouni Ahnung vun der Technik geholl gin. Einfach nëmmen masseg Geld an eppes stiëchen, bedeit net onbedéngt, datt dann alles méiglech ass, wat een gär hätt. Wann eng Fra 9 Méint brauch, fir ë Kand auszedroën, nëtzt ët näischt, wann een 9 Fraën engagéiert, di dat an engem Mount maachen. Mä soubaal iergend wou ë Computer am Spill ass, schalt bei ville Leit de gesonde Mënscheverstand einfach aus. Firwat eigentlech?

This entry was posted in Pablog. Bookmark the permalink.

One Response to d’baach erof

  1. Thierry says:

    Loos mech iwwerleen… An Hollywood Filmer an Fernsehserien gesäit een emmer rem wéi Computeren Saachen erleedegen déi schier onméiglech sin (“Ech hun do sou ee neien Algorythmus Chef mat deem kann ech der d’Nummerscheld erausliesen obwuel et just zwee Pixelen sin”). D’Onwessenheet vun den Otto-Normal Bierger vis-à-vis vun Technik a Computeren am Speziellen ass praktesch onendlech. An de Problem ass, wéis de jo och schon soos, dass déi leit déi d’Entscheedungen huelen eben déi sin déi keng Ahnung hun, amplaz ITler esou Entscheedungen z’iwwerloossen.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>