roud a blo

Genau sou wi an den amerikaneschen Wahlen vun 2004, stinn lo och zu Lëtzebuerg di Roud géint di Blo. Di eng wëllen de nationalen Fändel duërch de roude Léiw ersaat kréien, di aaner wëllen ë bäi behaalen. Wärt Lëtzebuerg dës Spléckung vun der Natioun iwwerstoën? Wärte mer an Zoukonft iwwerhaapt nach ë Fändel hun? Wir ët wirklech besser, wann ë nemmi kinnt mam hollännesche Fändel verwiësselt gin? Mä wärte mer dann eise Fändel nach iergendwou richteg kënnen ouni Veronstaltung (besonnesch am Ausland) gesin, wéll sou ë Léiw jo awer ë komplizéiert Déier ass fir ze molen?

Link

This entry was posted in News. Bookmark the permalink.

4 Responses to roud a blo

  1. Thierry says:

    Ech sin fir d’Spléckung vum Land. D’Éisléck behällt deen aalen Fändel, d’Guttland kritt dee neien, a wien net zefridden ass soll halt plenneren. T’ass souwisou lächerlech déi Saach mam Verwiesslen, ass dann nach kengem Idiot opgefall, dass de rouden Léiw erstaunlech Ähnlechkeeten zum Fändel zu der belscher Provënz vu Luxembourg huet?! Sin mer dann alleguer Belsch amplaz Hollänner, wat ass dann do den Zweck vun der Saach, dat belscht Kinnékshaus ass och net vill besser wéi dat hollänescht. :)

  2. pa says:

    Firwat soll dann grad d’Éisléck den aalen kënne haalen? Ech sin duerfir, datt d’Gutland deen hällt an déi do uawen de Léiw huëlen ;)

    Mä ech fannen dat Ganzt Blödsinn. A wann eppes soll geännert gin, dann just duërch ën Referendum a net eppes klammheimlech an der Chamber decidéiert.

  3. Thierry says:

    Mengetweegen och d’Guttland. Mee vu dass di do uawen jo normalerweis (nach) méi konservativ sin, loossen se sech dat vläit net su einfach opschwätzen. ;)

    Jo, dat Ganzt ass Blödsinn. Mee free dech dach e bessen dass et dat Wichtegst ass, iwwer dat mer am Moment ze schwätzen hun. An Däitschland hun se sou grav Probleemer wéi Gesondheetsreform an eng Reform beim ALG2. T’geet eis dach gudd mat der Fändeldiskussioun. ;) :S

  4. Fireball says:

    De Problem ass just, mat der Fändeldiskusion huet keen opgepasst, waat am Budget stoung, well do erem ganz gescheckt no amerikaneschen Virbiller eng Stammdechdiskusioun eropbeschwuer gin ass, fir daat dei wirklech wichteg Saachen quasi onbemierkt iwert Bühn goen konnten.
    An eng Arbeschtslosendiskusion hun mir och!

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>