BLÖD op lëtzebuergesch?

Wann een sou liëst, wat di däitsch BLÖD-Zeitung fir domm an oft gemeng-geféierlech "Reportagen" bréngt, kann ee frouh sin, datt ët sou eng "Zeitung" net op lëtzebuergesch gett.

Wéi eng Schlagzeilen kinnt een dann a sou engem Machwiërk erblécken?
Sex & Politik:
In der Regel sprechen Politiker viel und gern, aber Sex ist ein Tabu. Auch in Luxemburg?
Die Kartei der Schuldvermutung:
Das geheime Strafregister der Luxemburger
Astropolitik:
Typisch Skorpion Paul Helminger
Unter Drogendealern und Abhängigen, Nachts im Stadtpark:
Wenn brave Bürger zu Hause sitzen, erwacht die gefährliche Seite des Kinnegsgaart-Parks

Gottsäidank bleiwt eis sou ë Kéis erspuërt. Duerfir setzen ech och kee Link op luxprivat.lu. Sou ë Rëff kënnt mer net op d’Säit!

This entry was posted in Entertainment. Bookmark the permalink.

15 Responses to BLÖD op lëtzebuergesch?

  1. Thierry says:

    Lo mol ofgesin dovunner, dass hiert Däitsch einfach nemmen katastrofal ass, fannen ech passt dat do exzellent. All Land kritt dat wat et verdéngt. Do kennt esou eng Zeitung genau richteg. :D

    Als Parodie (ass et eng?! well et ass extreem louche…) wier et allerdéngs gäil. “So Wohnen unsere Minister: Bei Junkesch” dat fannen ech richteg cool. An dass se een Artikel schreiwen iwwert dem Maria Theresa seng Gewichtsprobleemer… hehe :D

  2. federico says:

    Ganz nei gesäit dat lo net aus, sou Artiklen fënnt een och ëmmer méi oft am Wort.

  3. Thierry says:

    LOL Ech mengen ech muss mer een Auslandsabo vum Wuert besuergen. :D

  4. Thierry says:

    Wort. Argh. Nondikass firwat hun di och ee preiseschen Numm?!

  5. pa says:

    Dat heescht net méi Luxemburger Wort. Dat heescht lo “d’Wort”, also d’d'Wort.

  6. KneppelsJang says:

    Luxprivat sin dei richteg Helden vun eisem Land. Wou beim Feierkroop Feierowend ass geet et bei Privat Luxemburg ereicht un. Respekt fier dei Leit dei sech trauen hier komplett Existentz ze riskeieren fier hieren Mattbierger d’Wouerecht mattzedeelen.

  7. @KneppelsJang: Ojee, du deess mer leed…. Dann looss dech mol schein vun dengen Helde retten….

  8. Waldemar says:

    Jo, a wal eis BLÖD-Zeitung nach net domm genouch wier fir total blöd ze ginn, krute mir an den 80er Joren och nach d’RTL Telé dozou. ;-)

  9. Marc says:

    Deitsch vun Letz. Privat as net daat allerbescht an vill leit haalen se och fier blöd mee da mussen se se jo net kaafen an sech net driwa opreejen? Ech liesen se all Woch an stin dozou. Do stin weinstens emmer Saachen dran dei ee na net wosst an et as net su langweileg wei aaner letzebuergesch Zeitungen. Maacht et dach all wei den Dokter Colombera, scheckt mat stolz geschwellter Broscht e Möchtegernbreif dohin, deen huet sech zwar domat nemme lächerlech gema mee bon.

  10. erny says:

    ëng besser zeitung wéi lo de luxprivat hun ech nach net hei font awer schon as dat do ganz interessant weel dat hun ech selwer sue erliewt
    wéi et zum asdrok kuem déi härren drënke kaffi
    da soen se nach geseiss du net das mir kaffi drënken an de gichet voller leit as de birger dofir do sue liederhaanesen zeerhallen, dëck bezuehlt ,vir neicht méi brauchen ze machen an all déi anner sachen mam plastiq ëmwelt wunengen asw, hun déi selwecht politiqer an de 60-70 johren selwer agelaut dat wer eng gudd sach géif net méi breichen wann et op de buddem fellt asw kuckkt déi verhandlungen aus de läschten 35-40 joer mol no da wëss jidderen wue en drun as et sin net biirger déi esue en kaaos hannerlos hun et waren eis spetziallisten an dem schrott vun regirung selwer,das sie wéi sue en kasperlëck’s teater an scheissen op hier’t europa
    esue eng armesielleg regirung brauche mer netsin sollen letzeburg op gin an dann eisen matbirger iwerlossen villeicht,können déi méi domader uffänken eng en kolloni weider !!
    dat wer et mol vun mir aus soen ech merci bis dann emol macht et gudd

  11. erny says:

    da wollt ech nach mol e wuert soen zu der sprooch hei zu letzeburg bis haut huet kénn sëch
    leider keng regirung fir eis mamensprooch agesat
    sin déi herren och am frankkreich gebuur oder wat as en land ueni seeng wuutzelendas déi sech emer méi ëm d’auslänner, staat hir sprooch unzewenden wéi se se dohém vun der mam an wéih geluuecht kriit hun oder sin mir sue dom oder sin se frue wan den auslänner alles soll verston oder wat bezweecken déi hären mat dem qwatsch do wann hier egen leit net méi verstin wat do vir eppes zesummen gesaabelt geht??

  12. Maach4un says:

    @ Erny: Da géing ech virschloen, du gees mamm gudde Beispill vir, a léiers vir d’éischt emol selwer Lëtzebuergesch zerguddst schreiwen, esou datt een et och liese kann. Da gesi mer weider.

  13. erny says:

    ech wert mësch unstrengen vir dem maach4un et gerecht ze machen trotz dem brauch’s du mësch net ze beleeéren dat könnt am gewuul’s emol fir oder war’s de irgenwéi getraff gin!!!

  14. Maach4un says:

    @Erny Ech fille mech getraff, wann ee mer zoumutt, eppes ze liesen, dat egal wéi geschriwwen ass (iwweregens net nëmmen orthographesch). Dat ass a mengen An en Ausdrock vu Respektlosegkeet.

    So mer elo net, ech bréicht et jo net ze liesen, well dann froen ech dech, firwat dass du dann iwwerhaapt schreifs.

  15. pa says:

    Ech kann dem Maach4un nëmme Recht gin. erny, dat ass net nëmmen orthografesch falsch, mee ging och am geschwaatene Wuërt kee Sënn erginn, wat’s de do schreiws. Du wärs gudd als Journalist bei LuxPrivat.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>