zäitmaschinn no fir

Heiansdo huet een dat (ech opmannst, loosst mech net am Stach), datt een duerch iergend ee Geroch, Gefill, Geräich un eppes vergaangenes, eppes aus der Kandheet oder einfach u fréier erënnert gëtt. Ët fillt een sëch fir ë kuerze Moment an déi Zäit zréck versaat, eng mi einfach Zäit, wou d’Liëwen nach net sou komplizéiert wor (mengt een opmannst, eternal sunshine of the spotless mind a sou). Ët sin Sensatiounen, di een ëmmer rem gär spiirt, mat Genoss, ower och mat Virsiicht, wéll ee färt, wann een së ging ze oft genéissen, kinnten së an d’Banalitéit rutschen. Wann een all Dag säin Lieblingsiëssen ësst, kann een dat härno net méi gesin. Mee dat heiten sin Situatiounen, di mech ëmmer rem iwwerraschen a mech frou stëmmen:

- De Geroch vu waarmem Gudrong. Jo, laacht roueg, mee dee Geroch erënnert mech un eppes, wi ech nach ganz kléng wor. Ech hu keng Ahnung u wat. Vläit un eng Sandkëscht? Mee all Kéier wann ech am Summer laanscht eng frësch gemaate Strooss kommen, oder de Reen op enger waarmer Strooss verdonst oder ech op engem Quai stinn op den Zuch ze waarden, sin ech ee Moment roueg, zéien déif Loft duerch d’Nuëss a genéissen einfach nëmmen de Geroch.
- Eng waarm Summerbrise mat komplett bloëm Summerhimmel an enger Sonn am Zenit. Wien huet dat net gär? Wann liichte Stëbs iwwert de Buëdem flitt, ëmsou besser.
- Tabakgeroch. Also net lo vun enger ugefaangener Zigar, mee dee kaalen frëschen. Dat läit vläit dorun, datt heiansdo mäi Wunnquartier Bouneweg vun Tabaksgeroch gefëllt ass, deen aus der Zigarettefabrik vun der Gare eriwwer geflunn kënnt. Als militanten Nëtfëmmer misst ech jo eigentlech dogéint sin, mee sou laang ën net brennt, ass mer den Tabak egal.
- Eng Owessonn, di déif steet an eng laang Baamallee am spéide Summer an ë roud Liicht mat laange Schiëder hüllt. Den typesche Klischee vum Indian Summer, deen ech ower ëmmer rem gär erliëwen. Als Hannergrondmelodie nach ë bessen luësen, melancholeschen Jazz op enger gedämpftener Trompette oder Bugle an ech ging ën Oscar fir di Szene kréien.
- Wann ët liicht reent an ët waarm ass. Wann d’Stroossen an d’Gebaier naass sin, wirkt di ganz Welt iergendwéi méi realistesch. Dee flouën Uschäin vun der Drëchent mëcht kloeren Strukturen a schaarfem Kontrast Plaaz. De Reen ëmhüllt een, ët gëtt een vun der Matière beréiert, ët ass een ën Deel vum Wiëder. Dausenden vun Drëpsschléi gin ën angenehmt Hannergrondrauschen.

Och dat ass iergend wann eriwwer, mee ech hu Gedold. Ech kann waarden, dat nächst kënnt bestëmmt. Hoffentlech.

This entry was posted in Pablog. Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>