Haut steet am "d’Wort" rem ën Artikel iwwert d’Petitioun zum Änneren vun der nationaler Tricolore an de Roude Léiw. Ech hun net matgeziëlt, mee ongeféier eng Dozen Artikelen därften ët ower schon gewiëscht sin, déi d’d'Wort (blöde Numm wéll) zanter dem Ufank vun där onsäglecher Debatte bruëcht huet. Iwwert d’ Géigesäit (Petitioun fir den Erhalt vun Roud-Wäiss-Blo) hun ech bis ëlo eng Kéier eng kléng Randnotiz geliës. Vun objektiver Berichterstattung net di Spuër. Mee firwat och wäit recherchéiren, wann Copy&Paste vun enger Pressemeldung mi einfach ass. A wann all zwee Deeg eng nei Pressemeldung mam nämlechten Thema eraus kannt, mierkt dat jo souwisou keen, wéi am Fall Blogdelux.
-
Archives
- September 2016
- October 2015
- January 2015
- December 2014
- November 2014
- October 2013
- August 2013
- April 2013
- February 2013
- November 2012
- October 2012
- March 2012
- January 2012
- December 2011
- September 2011
- June 2011
- December 2010
- August 2010
- July 2010
- June 2010
- May 2010
- April 2010
- February 2010
- January 2010
- October 2009
- September 2009
- August 2009
- July 2009
- May 2009
- March 2009
- February 2009
- January 2009
- December 2008
- November 2008
- October 2008
- September 2008
- August 2008
- June 2008
- May 2008
- April 2008
- March 2008
- February 2008
- January 2008
- December 2007
- November 2007
- October 2007
- September 2007
- August 2007
- July 2007
- June 2007
- May 2007
- April 2007
- March 2007
- February 2007
- January 2007
- December 2006
- November 2006
- October 2006
- September 2006
- August 2006
- July 2006
- June 2006
- May 2006
- April 2006
- March 2006
- February 2006
- January 2006
- December 2005
- November 2005
- October 2005
- September 2005
- August 2005
- July 2005
- June 2005
- May 2005
- April 2005
- March 2005
- February 2005
- January 2005
- December 2004
- November 2004
- October 2004
- September 2004
- August 2004
- July 2004
- June 2004
- May 2004
- March 2004
- February 2004
- January 2004
- December 2003
- November 2003
- September 2003
- August 2003
-
Meta
Pingback: Ma, déi ass gutt!
De Lex Roth seet: de Roude Léiw ass kee nationale Fändel dat ass e Wopen, just fir d’Militär an d’Schëffahrt zu Lëtzebuerg, en huet de Sport vergiess. Eise Fändel gëtt net genuch opgehangen, ech géing der 3 ophänken den EU-Fändel, de rout -wäiss-bloen an de Roude Léiw, dierf et awer net, mäi Mann, genee wéi ech Lëtzebuerger, ass komplett dergéint. Eis Heemecht ass dach elo schonns d’Land Multikulti-Lux, zerrapt an zerklappt vu Parallelgesellschaften.
Zevill Italiener kräische nach op italienesch, d’Portugiese äntwerten: »Nous, nous on est très fiers » a wëllen 2 Nationalitéiten an hire Fändel niewt eisen hänken. Déi ausserhalb vun der EU bréngen hier friem Reliounen matt. Mir selwer hu kéng Relioun, d’Kierch huet d’Sprooch an d’Inhalter verpasst d’Relioun un Demokratie unzepassen, ass nach ëmmer total fraefeinlech. Déi Gréng loossen eng Petitioun lafe fir d’Trennung vu Kierch a Staat, déi Rout si schonns direkt bei deem Thema ëmgefall, fir an d’Regierung ze kommen, wat déi Gréng doutsécher och gemaat hätten.
Dëss Woch an der Bank, 2 jonk Italiener viru mer, wollten e Compte opmaan, haten hiren eegenen Iwwersätzer mattbruecht a jiddereen huet dat mattkritt esou haart gouf geschwat. Hei gouf schonns längstens verpasst déi ëmol direkt a lëtzebuerger, däitsch a franséisch Couren ze schécken (e Minimum, bei eis herrscht jo 3-Sproochegkeet) fir déi, déi bei eis wëlle schaffe goen.
Eis Nationalidentitéit seet de Lex Roth ass d’ 3-Sproochegkeet: d’Franséisch fir d’Juristerei. An der Praxis setzen d’Asti-Sesopi-Clae d’Franséisch awer elo schonns un déi 1.Stell. Esou ginn eis op Laangweil d’Lëtzebuergesch an Däitsch verluer, wëllt awer keen zouginn.
Dem Lex Roth séng Nationalidentitéit gëtt et an der Praxis iwwerhaapt net méi, éischter dem G.Calteux säi Sproch: d’Fauscht an der Täsch.
Dem Michel Wolter séng Fändelaktioun kënnt grad giedlech: 1.de „Roude Léiw“ gesäit ee besser no Baussen, 2.de Léiw ass an der Natur um ausstierwen. Lëtzebuerg ass längst um Ausstierwen, en Auslafmodell, wou awer gi mer als „Unhängsel“ bäigefléckt? Ech perséinlech wëll och nach am Alter schwätzen wéi de Schniewel mer gewues ass! De Saz endlech ëmol fäerdeg maan: „Mir brauchen d’Auslänner, si eis awer nach méi! Mir bidden hinnen Aarbecht an och nach eng nei Heemecht un.
Si awer leide nach an der 2.-3. Generatioun um „Deuil de l’Immigration“! Déi Leit kënnen also nach kee Bezuch zu eiser Heemecht hunn. Déi meescht sinn iwwerhaapt nach net ëmol zu Lëtzebuerg richteg ukomm. Si sollten ëmol hir psychologesch Krankheet den „Deuil de l’Immigration“ auscouréieren éi si eist d’Wahlrecht gären hätten.
Et gouf eng italienesch Konferenz op der UNI-Lëtzebuerg organiséiert wou d’Organisateuren anscheinend de Sënn vum Wuert „le Deuil de l’Immigration“ net verstaanen hunn, soss bräicht et deen Débat vun der duebler Nationalitéit guer net ze ginn.
Fir ze schaffe brauch ee kéng Lëtzebuerger Nationalitéit et gëtt jo kee gezwongen bei eis ze schaffen. A fir wielen ze goen, geet déi Lëtzebuerger Nationalitéit largement duer. Wee bei eis wielen dierf goen, sollte mer eis vu Bréissel iwwerhaapt net opzwénge loossen. Déi Lëtzebuerger Nationalitéit, eis Sprooch, eise Fändel, eis Heemecht unzehuelen ass kee Klacks, mä bleift e „Reifeprozess“. Déi just um Duerchzuch sinn, si mam Häerz net bei eis. Fir bei eis wielen ze goen, muss een ëmol ukommen an der neier Heemecht!
De Roude Léiw als Nationalfändel?
Also ech si fir déi al Versioun well se méi farwekräfteg ass.
E Referendum wir natierlech optimal mä net nëmmen fir d’Fändelaktioun mä och nach zu aneren Themen well et momentan vill Kritik an der Bevëlkerung gëtt. Ausserdeem wiren d’Käschten dann op verschidden Themen verdeelt déi d’Bierger interesséieren z.B.:
1. de Roude Léiw oder d’Tricolore?
2.Monarchie oder Republik?
3.Trennung vu Kierch a Staat?
4.Multipel Nationalitéiten (méi Päss) oder nëmmen e Lëtzebuergeschen?
Merci fir däi Bäidrag, mee ech gesi lo kee Grond di aal Diskussioun (desen Artikel ass iwwert ee Joer aal) neess opzerullen. Et gouf décidéiert de Fändel ze haalen an ech perséinlech fannen dat gudd.