rem ganz nei

D’Blogbuerg ass lo rem ganz nei an der endgülteger Versioun 2.0 opgaangen. Bis ëlo sin mol zwee RSS-Feeds dobäi komm an an Zoukonft wärten een nach verschidden Informatiounen iwwert d’Blogen kënnen ofruffen.

Wien lo nach ë Blog vermësst, dee soll weg. de Formulaire um Site benotzen. Ech hu keen express ewech gelooss; entweder kennen ech de Blog dann net oder hun ë vergiëss. Mee dat kann een da jo ganz séier änneren ;)

D’Säit ass lo op englesch, wéll eng ganz Reih vun Blogger hei zu Lëtzebuerg net onbedéngt dem Lëtzebuergeschen fäheg sin an domat och méi ën internationalen Publikum ugesprach gëtt, deen sëch vläit mol wëll iwwert di lokal Blogosphäre (rem dat Wuërt!) informéiren.

This entry was posted in Blogs, Intern, Internet & PC. Bookmark the permalink.

2 Responses to rem ganz nei

  1. Fireball says:

    Genial! Merci fir den gudden “Service”. Ech geif mir nach esou en Netzwierk-Iwerbleck wenschen, wann daat meiglech/machbar/net ze opwänneg ass. Mee ech kann mir virstellen daat et ziemlech schweier ass d’Verlinkungen ze kucken/kontrolleiren.
    Waat och cool wier wieren Tags oder “Kategorien”. Mee Tags sin vlaischt besser well en dann sain Blog méi genee kann beschreiwen.

  2. pa says:

    Merci fir de Luëw. Dat mam Netzwierk-Iwwerbléck wir eng interessant Iddi, mee schwéier z’implementéiren, datt dat automatesch kann fonktionéiren. Meng Iddi ass nämlech, datt ausser dem Androën vum Blog, soss keng weider Informatiounen manuell mussen dobäi gesaat gin.

    Duerfir kann ech mech och net sou fir “Kategorien” oder Tags begeeschteren. Éischtens mussen déi vun engem agedroë a gepfleegt gin an zwwetens, si së ni komplett. Do haalen ech mech léiwer un déi Informatiounen, di eendeiteg sin a kënnen maschinell erfaasst gin. Ë Blogroll-Netzwierk-Iwwerbléck wir awer interessant, mee wéngst den verschiddenen Blog-systemen a -layouten net sou einfach z’erfaassen, mee ech kucke mol do weider.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>