web… äh, blogbuerg 2.0

"User-generated content" ass eent vun deene groussen Buzzwiërder aus dem Web 2.0 – Hype vum läschte Joër. U sëch eng immens Iddi: eng erfollegräich Websäit ze hun, ouni vill Arbecht mussen dran investéiren, wéll d’Benotzer sélwer den Inhalt erstellen. An dat maachen së och nach gären. A gratis. Dann ginn et och nach sougenannt "social networking"-Säiten (rem sou ë Buzzwuërd), di existéirend Donnéeën huelen a just op eng nei Art a Weis mateneen verknäppen. Mëttlerweil ginn et Meta-Meta-Meta-Säiten, di iwwert honnert verschidden Ëmwéeër versichen iergendwelch nei, onbekannt Informatiounen aus existéirenden Informatiounen eraus ze fannen. Dat ganzt erënnert mech ë bessen un di Theorie mat där së sëch verschidden Krankheeten erklärt hun, éier ët di modern Medizin gouf: nämlech d’Abiogenese, dat spontant Erstoën vun Liëwen.

Menger Meenung no, kann een Informatiounen just bis zu engem gewësse Grad mateneen verbannen; alles doriwwer eraus ass just Wonschdenken. Duerfir hat ech lo de läschte Mount och ee Projet vu mir, d’Blogbuerg frësch opgebaut an aus enger statescher Lëscht vun Blogadressen, eng dynamesch Datebank gemaat, di eng Reih vun "Statistiken" weist. Net méi a net manner. Et ass lo näischt Dichteges, mee ech mengen, datt een d’Resultat duerchaus kann benotzen. Am Moment hun ech och déi Iddien do realiséiert, di ech bis ëlo duerfir hat. Ech froë mech, wat een nach fir Konklusiounen kann eraus zéien, wann een sëch op ë Minimum vun Informatiounen beschränkt. Huet nach een Iddi oder eppes, wat ën do vermësst? Schreiwt mer einfach ë puer Kommentarer.

This entry was posted in Pablog. Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>