Archive for March, 2007

luxembourgish for insiders

Wednesday, March 14th, 2007

Ech huelen un, datt et fir di éirewärt Liëser vun desem Site net vun furchtbar groussem Notzen wärt sin, mee trotzdem presentéiren ech mol ë Link op ën YouTube-User mam Numm Luxpaul, deen eng Reih vun Lëtzebuergeschlektiounen fir Engleschsprocheger online gestallt huet. Moien an Äddi.

Link

schleichwerbung

Wednesday, March 14th, 2007

U sëch sollt dat op desem Site net sou oft virkommen, mee hei gëtt lo och Reklamm gemaat. An zwar fir den Little Woodstock Festival deen zu Iernzen am Juni 2007 statt fannen wärt. Jonk lëtzebuergesch Gruppen spillen do Metal, Rock, Alternative, Reggae, Ska, Blues, Pop-Rock oder Ähnleches. Ech hu lo keng Ahnung, op di Gruppen di do optriëden gudd sin (et gin och nach weider Schülerbanden gesicht), duerfir kuckt iech de Site einfach mol un.

Link

revved webdesign

Friday, March 9th, 2007

Eng Fro iwwert Webdesign? Firwat fonktionéiert dee JavaScript net? Wéi kréien ech CSS richteg ugewisen? Firwat wëll PHP net op d’MySQL-Datebank zougräifen? Dës a nach vill aaner Froën kritt een op revo.lu beäntwert, enger lëtzebuergescher Kommunautéit fir "Web-developer".

Link