social networking a sou…

Nodeems de Fireball an desem Kommentar d’Iddi vun engem “Netzwierk-Iwwerbléck” vun Bloggen hat, hun ech mol do ë bessen informéiert.

Als éischt muss ee mol definéiren, wat fir Relatiounen do mussen berücksichtegt gin. Et kinnten séier zimlech vill Donnéeën zesumme kommen, wann een all Verlinkungen an all Artikel vun engem Blog nosiche geet; duerfir sollt sëch d’Blogbuerg alléng di Linken an der Blogroll beschränken. Ech mengen, dat wir akzeptabel.

De Problem ass ower, wéi fënnt een di Linken automatiséiert eraus? Et gëtt do kee richtegen Standard, wi eng Blogroll soll ausgesin, kee Schema, nodeems een kann ë Blog parsen. Bei deenen meeschten WordPress-Installatiounen stinn di Linken ënnert dem Wuërt “Blogroll”, dat muss awer net sin an aaner Systemer benotzen rem aaner Beschreiwungen. Ass schon ë besse kniwweleg. Da gëtt et awer och nach XFN, ë Schema, dat Relatiounen tëschent Bloggen soll weisen, mee leider gëtt dat net vun ville benotzt.

Wann do een eng Iddi hätt, wéi een un dee Problem kinnt eru goën, wir ech frou, wann ë kinnt ë Kommentar hei hanner loossen!

[Update]: U sëch hätt ech sélwer kinnten drop kommen! Moment, sin ech jo och! Ech benotzen einfach d’API vun Technorati. Ass net perfekt, mee Technorati gëtt engem eng Lëscht mat de Verlinkungen vun all deene Blogen, di Technorati pingen an dat sin së bal all. Sou kritt een och ë richtegt Netzwierk mat all de Relatiounen duerch Verlinkungen an den Artikelen a net nëmmen wéngst enger ni aktualiséierter, statescher Blogroll. Mol kucken, wat dat dann gëtt!

This entry was posted in Pablog. Bookmark the permalink.

One Response to social networking a sou…

  1. Fireball says:

    Cool :) Ech freen mech!

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>