telé vu muer?

Ech hat mech firun enger Zäitchen mol beim “Venice Project” als Beta-Tester ageschriwwen, einfach sou aus Spaass. Dat ass e Projet fir eng Zort IPTV anzeféieren, gouf vun den Skype-Grënner lancéiert (wann ech mech richteg erënneren) an ass hei zu Lëtzebuerg usässeg. Mëttlerweil hun se de Numm an “Joost” ëmgeännert, wann dat engem méi soll geleefeg sin. Ech kruut lo grad matgedeelt, datt ech zwou Invitatiounen kinnt verschécken, fir datt aanerer och kënnen drun Deel huëlen. Also, wien wëll kann hei e Kommentar mat enger Emailsadress hannerloossen. Di zwee éischt sinn fir. De Projet sélwer ass lo net sou immens; di verfügbar Kanäl sin relativ banal (Musikvideoen, Sport…). Dat eenzegt interessant war fir mech bis ëlo e puer Dokukanäl an “Fifth Gear”, vill gekuckt hun ech et awer net.

This entry was posted in Pablog. Bookmark the permalink.

4 Responses to telé vu muer?

  1. Grommel says:

    Mellen mech dann hei och! :)

    useless PONKT address ATTTTT gmail PONKT com

    merci.

  2. pa says:

    Okay, Invites sin geschwënn ënnerwee.

    @benem, kruus du net schon een vum Fireball?

  3. benem says:

    nee, ech krut keng Mail naischt, dofir hun ech mech hei emol nach engkéier gemeld.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>