Et huet net laang gedauert, Lëtzebuerg huet lo och eng eegen Multimediaplattform fir Video an Audio dem breeden Publikum zur Verfügung ze stellen. Podium.lu bidd desweideren d’Méiglechkeet fir Video- Photo- oder Audiocasten un. Och wann nach deen een oder aanerenBug ze fannen ass, schéngt dat awer eng interessant lokal Alternative zu deenen groussen Konkurrenten ze sin.
Ech hu lo grad gesin, datt déi och Videoen vun YouTube iwwerhuelen, ee vun ewlTV war och dobäi. Hmm…
Schiel Conditiounen hun se awer op alle Fall. Wann een eng Datei bei hinnen eroplued, iwwergeet ee sämtlecht Copyrighter u sin a si kennen dann mat der Datei maachen wat si wellen.
Ass dat net bei YouTube & Co. och esou? ‘t muss een dach op all deene Plattformen scho bal dem Däiwel d’Séil verkaafen fir iwwerhaapt eppes dierfen ze maachen.
Podium.lu ass awer wäitaus méi krass mat hiere Conditiounen.
http://www.podium.lu/index.php?option=com_content&task=view&id=25&Itemid=88888911 -> Punkte 5 & 6
http://www.youtube.com/t/terms -> Punkt 5
ech duecht dat ass bei youtube an co och sou? an net nemmen fir schiel ze sin, mee fir sech iwwerhaapt rechtlech ze secheren
Deelweis mussen gewess Rechter geholl gin, well en d’Datei soss guer net weisen geif. Daat den Copyright awer un eng Plattform geht ass mir néi. Bei Myspace an bei youtube ass et net esou. Bei youtube steht zB. klip a kloer daat en d’Rechter bei engem selwer bleiwen…
Ass et hei an Europa net och sou, datt de Copyright vläit u si geet, mee den Urheberrecht (gëtt et mol an Däitschland) ëmmer bei engem sélwer bleiwt?
Ech wollt just drop hiweisen dat mir eis Copyright-conditiounen bei Podium.lu iwwerschaffen.
Et geet eis just drëm d’Rechter ze hunn dësst Material am Kader vun eisem Site kënnen ze benotzen.
Dat heescht och evtl mol ee Best-of zesummeschneiden ze kënnen a souweider.
All weider Kommentare a Kritik kënn dir roueg un eis weidermailen info@podium.lu
Negativ fällt op, dass den Site net Opera-kompatibel ass. Pfui. *op YouTube geet*
Och nach dat. Du verpass net vill. U sëch gin do gréisstendeels YouTube-Videoen agebonn, de Site ass zimlech konfus, ech hun eng Éiwegkeet gebraucht, bis ech de Video mam Bommeléeër fonnt hat (just den Trailer wor verlinkt), du kanns och net d’Usersäit vum Uploader kucken (fir ze gesin, wat deen nach huet), de Flash-Player weist keng Zäit un, spillt par défaut endlos weider, Kommentaren wiren pro Video och nach flott.
Soit, all dat, wou fir YouTube gudd, feelt hei, da kann een och direkt op YouTube goen. Wann et wirklech just sollt e Portal fir lëtzebuergesch Videoen op YT & Co. sollt sin, dann hätt een dat sollten maachen an net sou eng Mëschung.
Podium.lu bidd un op eegen Videon ze verlinken dei bei Youtube, myvideo.de, clipfish.de etc ze fanne sinn. Bei podium sinn eben nët nëmmen Videoen ze fannen vun engem Video-portal mee och vun aaneren.
Mei huet Podium.lu nie versicht ze sinn, also kann ech déi Kritik nët richteg verstoen. Wann de Site nët op OPERA geet, dann ass dat natierlech ee grousse Probleem. Muss mol kucken u waat dat Leit. (Wat geet da genau nët)
Mir sinn op fir all konstruktiv Kritik. Dei Ausso mam Link vum Bommeleeer ass falsch. Do wou elo de Film ze fannen ass, war awer effektif bis e Freiden den Trailer drop. !!!
Soubaal mir de Film op de Site gesaat hunn, hu mir och de Link riets geännert (Beim Plakat) Also dei Ausso dat een de Film nët fannen kann ass op alle Fall nët Richteg. Ausser dat de Film natierlech net virum Freiden 22 Auer konnt um Site fonnt ginn, well en nach nët faerdeg war.
Fonktioun vun de Kommentaren fir d’Filmer ass amgaang agebaut e ginn.
Mat beschte Gréiss
Hunn iwwregens de Podium am aktuellen Opera getest. Bei mir leeft alles.
Kann w.e.g. ee mir soen wat genau do nët leeft, bzw nët fonktionnéiert.
Bis dann
Eisen Disclaimer ass op Kritik hinn och geännaert gin !!
Do ass jo och en Film vun mir drop :-) Rallye de Luxembourg 2000
Firwat ass den Disclaimer net ob Letzebuergesch oder Däitsch?
Well den disclaimer immens schweier op juristen letzeboyesch oder daitsch ze iwwersetzen ass.
Ideal fanne mir dat awer och net :-(
Ass awer op der To Do list (just nët ganz fir !)
wat ass eng To Do list ?
Eng Lëscht mat Saachen, di nach ze maache sin (to do).
[...] egalwaat.lu hun ech grad gelies, dass et elo och ee YouTube made in Luxembourg gett, Podium.lu. Op een elo eng [...]