Archive for June, 2007

hirsch mat 18 lächer

Wednesday, June 27th, 2007

Vläit huet schon een di Plakater an der Staad gesin, di een net direkt erkenne loossen, wat se engem wëlle matdeelen. Den "trans(ient) city project" wëll eng Kaart vun der Staad erstellen, di engem hëlleft, sëch säi Wee duerch d’Staad Lëtzebuerg ze golfen. Fir Leit, di net wëssen, wat se soss mat hirer Zäit sollen ufänken.

Link

monarchie

Friday, June 22nd, 2007

Haut ass ganz nei a pünktlech fir de Nationalfeierdag den offizielle Site vum groussherzoglechen Haff online gaangen. Mat engem gudd gefëllten Inhalt informéiert d’Säit iwwert d’Aktualitéit, d’Famill an d’Fonktiounen vun der Monarchie.

Link

rrrradio

Wednesday, June 20th, 2007

Et woren wëll Zäiten, d’80er, opmannst op de nationalen Radiowellen. Piratensender haten d’Frequenzen méi oder manner am Grëff. Wi d’Poliss éischt huet missten agréifen, sin d’Megahertzen just sou no riets a lénks geflunn. De Radio LNW huet eng Iwwersiicht vun den bekanntesten Senderen an hirer Geschicht zesumme gestallt, gewürzt mat Dokumenter a weideren Linken.

Link

an all richtung

Monday, June 11th, 2007

An Zesummenarbecht mam LCTO huet arounder.com, eng Säit fir 360°-Panorama-Vuen, eng Kollektioun mat Biller vun bekannten, touristesch attraktiven, Plaaze an der Staad Lëtzebuerg gemaat. E Must fir all Tourist, deen sëch säi Visiteprogramm am Viraus zesumme stelle wëll.

Link

héich eraus

Saturday, June 2nd, 2007

Net nëmmen an der Satellitentechnologie ass Lëtzebuerg e weltwäiten Virreider; och an der Zoukonftsvisioun vum Weltraumlift wëll Lëtzebuerg vun Ufank un dobäi sin. Nodeems sëch soss nach keng Natioun sou richteg un dat Thema eru getraut huet, gëtt dest Joer am November den weltwäit éischten Workshop zum Thema “Space elevator” vum Nationalen Fuerschongsfonds ofgehaal. E Beräich, dee vill Méiglechkeeten versprëcht, wéll wien brauch nach Rakéiten, wann e kann mam Lift an de Weltraum erop fueren?

Link