Vun haut un gëtt vun der Staad Lëtzebuerg e gratis Wireless-Réseau zur Verfügung gestallt. Wien also vun elo un mam Laptop um Knuëdler wëll surfen oder op enger Terasse op der Plëss wëll eng Email verschécken, kann dat lo maachen. Oder awer och net an einfach säin Iëssen, Patt oder Kaffi genéissen.
Haha op däitsch ass e net gratis. :))
Flott Saach, mais firwat schwaetzen se vun enger Testphase bis 2008, an da soll daat ganzt kaschten? Services payants fir Internet acces gouf et jo scho méi laang, an ouni zousaazleeschtung huet een da kaum e grond eiser Gemeng dee Service oofzekaafen
Ech hat na ni de Besoin an engem Cafe op der Terrasse e Laptop auszepaken, ganz dovun ofgesin dat ech sou en Dengen dach net dauernd mat mer ronderemschleefen.
Allerdings ginn et awer och där anrer Leit.
Mee vläit starten ech jo dann dest Joer op der Fouer eng Live-Webcam-Iwwerdroung aus dem Rieserad? :o