A läschter Zäit hëllt di Onsitte ëmmer méi zou, datt een sëch muss op all kléngem Blog registréieren, fir kënnen e Kommentar ofzegin. Anscheinend fir dem Spam Meeschter ze gin. Do gin et jo awer gudd Léisungen dogéint! Ech opfalls, hu keng Loscht mech bei 50 Blogen all Kéiers mussen als éischt ze registréieren, fir kënnen eppes ze schreiwen. Da huet een heiansdo fir mol en hëllefs- oder geeschträichen Kommentar ze schreiwen, et huet een och schon 5 Minutten dru geschriwwen, et wëll een ën ofschécken an da geet dat net! Sou eppes nervt mech dach dann zimlech staark. D’Leit hätte jo awer gär, datt eppes bei hinne geschriwwe gëtt an net ëmgedréint; da sollt een d’Barrièren och net ze grouss maachen. E Captcha oder de WP-Plugin Akismet hëllefen do jo awer zimlech gudd. Desläscht ass et mer rem beim Thierry opgefall, wou ech rem wollt eppes schreiwen an et mer rem fir d’x-te Kéier verbuëde gouf. Sorry, dann eben net.
-
Archives
- September 2016
- October 2015
- January 2015
- December 2014
- November 2014
- October 2013
- August 2013
- April 2013
- February 2013
- November 2012
- October 2012
- March 2012
- January 2012
- December 2011
- September 2011
- June 2011
- December 2010
- August 2010
- July 2010
- June 2010
- May 2010
- April 2010
- February 2010
- January 2010
- October 2009
- September 2009
- August 2009
- July 2009
- May 2009
- March 2009
- February 2009
- January 2009
- December 2008
- November 2008
- October 2008
- September 2008
- August 2008
- June 2008
- May 2008
- April 2008
- March 2008
- February 2008
- January 2008
- December 2007
- November 2007
- October 2007
- September 2007
- August 2007
- July 2007
- June 2007
- May 2007
- April 2007
- March 2007
- February 2007
- January 2007
- December 2006
- November 2006
- October 2006
- September 2006
- August 2006
- July 2006
- June 2006
- May 2006
- April 2006
- March 2006
- February 2006
- January 2006
- December 2005
- November 2005
- October 2005
- September 2005
- August 2005
- July 2005
- June 2005
- May 2005
- April 2005
- March 2005
- February 2005
- January 2005
- December 2004
- November 2004
- October 2004
- September 2004
- August 2004
- July 2004
- June 2004
- May 2004
- March 2004
- February 2004
- January 2004
- December 2003
- November 2003
- September 2003
- August 2003
-
Meta
Dat nervt mech och an ech mellen mech och net iwwerall un. Dann eben keen Kommentar vun mir ;)
An ech hunn an mengem WordPress-Blog quasi keen Spam, och ouni Registréirungszwang. Just pour info.
Gleew mer, ech hu verdammt laang driwwer nogeduecht op ech Registréirung soll obligatoresch maachen. Mee ech krut trotz Akismet an Spam Karma 2 nach emmer all Dag 200 bis 300 Spamkommentarer (déi den SK2 dann zwar gréisstendeels ofgefaangen huet, mee déi ech dann awer hun missen manuell läschen). Dat war en plus alles nach bei mengem ale Provider, wou d’Datebank elo net sou onmoosseg schnell war, sou dass ech emmer nemmen konnt maximal 20 Kommentarer mateneen am SK2 läschen, anerwerts ass alles zesummegebrach.
Ass et egoistesch wann ech dem Visiteur et zoumudden, dass et en sech registréiert? Jo, iergendwou schon. Mee du kriss de och total d’Flemm wanns de all Dag Zäit verléiers fir souvill Spam läschen ze goen (ech hu scho genuch Spam bei der Email auszesortéiren ;)). Sou gäre wéi ech de Leit géing d’Méiglechkeet loossen fräi ze kommentéiren (an jo, ech fannen et schued, dass elo dowéinst manner Leit kommentéiren), momentan gesin ech perséinlech keng aner Léisung.
Pingback: sad autumn
wann sk2 se oofgefaangen huet an du hues se missen läschen, bedeit dat jo, dats de en falsch configureiert hues?