Can’t Fight The Music oder: De Film Vum Liëwen

Wéi ech lo grad op engem amerikanesche Blog dese Bengel gesin hun, duecht ech mer, datt dat kinnt interessant gin. Et geet ëm den Soundtrack vum Liëwen. Wéi eng Musek gingen bei di verschidden Événementer vum eegenen Liëwen passen. Och wann ech éischt ongeféier d’Halschent dovun duerch hun, kann een sëch jo mol préparéiren. Dat Ganzt fonktionéiert esou, datt een einfach de Museksprogramm, deen een benotzt (z. Bsp. iTunes) op Shuffle stellt. An dann léisst een e laafen. Wat zoufälleg kënnt, gëtt geholl, ouni Rücksicht. Wien fuddelt an zum nächste Stéck weider spréngt, ass e Läppchen.

Opening credits: Always look on the bright side (Monthy Python)
Also besser kann een et jo wuel kaum ufänken. Direkt di richteg Stëmmung fir dat Positivt ze gesin an net alles sou sériö ze huelen.

Waking up: Radio Ga Ga (Queen)
Ehm, jo dat kinnt dann mäin Radiowecker sin.

First day of school: Live And Let Die (Paul McCartney)
Uui, do fänkt scho richteg den Eescht vum Liëwen un. Den Zoufallsgenerator schéngt mer nawell e gewëssen Sarkasmus ze hun.

Falling in love: Hello Goodbye (Beatles)
An lo kann en och nach hellsehen. D’Method vum Zoufall ging ech mol nawell gär gewuer gin.

First love song: Whenever I Say Your Name (Sting, feat. Mary J. Blige)
Dat passt scho bal op eng kitscheg Art a Weis beieneen.

Breaking up: She’s Leaving Home (Beatles)
Sou zoufälleg schéngt dat jo och net ze sin; schon dat 2. Stéck vun den Beatles. A rem e passenden Zoufall, wirklech!

Prom: Crazy (Gnarls Barkley)
Op sou engem Événement kann een och géckeg gin.

Mental Breakdown: One and the Same (Rob Dougan)
Do hätt dat Stéck firdrun éischter dobäi gepasst.

Driving: Les comédiens (Charles Aznavour)
Alles op den Trottoir! Ech wosst mol guer net méi, datt ech dat Stéck an der MP3-Sammlung hat.

Flashback: When I’m 64 (Beatles)
Zoufall. Wirklech. Kee Witz.

Getting back together: Wishful Thinking (China Crisis)
De Gott vum Zoufall mëcht de Géck mat mir.

Wedding: There’s Only Me (Rob Dougan)
Geschwënn huelen ech dat perséinlech.

Birth of Child: Müssen Nur Wollen (Wir Sind Helden)
Dee beschte Rotschlag, deen ech je krut.

Final Battle: I Am The Walrus (Beatles)
Nujo, do kann ech lo net vill eraus liësen; ausser, datt den Zoufallsgenerator d’Beatles anscheinend gär huet.

Funeral song: Make Your Own Kind Of Music (Mama Cass)
Ass et duerfir lo net e bessen ze spéit?

End Credits: Banana Boat Song (Harry Belafonte)
Firwat muss ech lo un de Film “Beetlejuice” denken?

Insgesamt sin ech nawell zimlech erstaunt iwwert d’Resultat. Ass e besse méi interessant, wi ech geduëcht hätt. Ech werfen dese Bengel un all déi weider, di Loscht hun, en och ze maachen.

This entry was posted in Pablog. Bookmark the permalink.

3 Responses to Can’t Fight The Music oder: De Film Vum Liëwen

  1. Fireball says:

    Waat fir en Player hues de dann benotzt? Beim Winamp beobachten ech effektiv och oft, daat en emmer op déi selwescht Interpreten zerecksprengt. Wiesou och emmer. Vlaischt ass den Generator och en ganz simplen Code oder sou.

  2. pa says:

    Dat war den iTunes. Do kann een awer och astellen, ob en méi oder manner zoufälleg soll d’Stécker auswiëlen. Wat och ëmmer dat heesche soll…

  3. Chris says:

    Ech hunn em puer mol haart misse laachen, well den Zoufall et wierklech gutt mat der gemengt huet, a witzeg Choix’en getraff huet. ;)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>