No “Lëtzebuerg Privat” kënnt lo den nächste Streech vun der nationaler Boulevard-press op de Maart. “Promi Lëtzebuerg” heescht dat Wonnerwierk vun Nullegkeet, mat gewinnt schlecht “recherchéierten” “Artikelen” a Biller vun angeblechen “lëtzebuergeschen” “Baurefraaen”. Eppes, fir dat sëch sougenannt C-Promien kënnen sélwer op d’Schëller klappen, wéll si et lo endlech an eng “Zeitung” geschafft hun. De Link dozou, gëtt et natirlech net op deser Plaaz (googlen kann jiddereen sélwer). Einfach aus Prinzip, mee duerfir en aaneren. Promi.lu ass nämlech eng ganz aaner Säit.
Ech wousst guer net, dass et Lëtzebuerger Promie gëtt. Duecht dee Status hätte just eis groussherzoglech Famill, eise Staatsminister, de Ranga Yogeshwar, d’Désirée, d’Maaaaaandy, de Kim Kirchen an d’Schlecken. Eng Zeitung just iwwert déi ass o net ESOU interessant.
Vill Spass bei http://www.promi.lu, do kreien dei Briilliant Zeitungen och mol eng oof!!
;-)
chris
Wann’s de schon Reklamm mëss, da schreif wéinstens de Link richteg. ;)
Ech hun dee mol verbessert.
De Point24 (point de news! pas de news?) këent den 27 November raus. Heili, heilo… hei zu Lëtzebuerg ass et esou: wann 1 Idiot ëppes gehirlos mécht, méngen déi aner Idioten si mussen follegen. Pfff…
Tja, promi.lu kruut de maulkuerf opgesaat, … Breif vum Afekoot, a buum, … keng Looscht op Stress, ass schons eriwwer … Kritik, wei et schengt, verdreit keng Kritik!!
Fannen daat zwar wierklech schued, mee bon!!!
@the future: Weess de dat genau, wat do geschidd ass?
Wees et ganz genau!
Gei mol deng Mail’e liesen w.e.g.