Aus dem, um Internet wuel aktivsten Lycée vu Lëtzebuerg, kënnt lo di éischt Möchtegern-Klaap-Säit. Vill steet nach net do (an ass och schwéier ze fannen), mee wat kënnt wuel als nächst? E Verréider aus dem Schoulministère, en “deep throat” vun der Regierung? Quatsch, ech hun de Link just hei hi gestallt fir opzefëllen.
Link (via omg.lu)
D’Intelligenz fällt dramatesch, dem Mady seng Schoulpolitik weist éischt Resultater. -.-
Nee, d’Intelligenz bleiwt nämlecht, mee se gëtt lo op méi Leit verdeelt.
Gudde Sproch, pa.
Wéi ech dem Thierry säi Kommentar gelies hunn, duecht ech als éischt en hätt eist Mady (dem LCE séng Sekretärin) gemengt, wat mech irritéiert huet…
Huet naischt mat Schoulpolitik ze din, wanns de mech frees. Dommheet verhennert en net andems en Leit duerchfaalen leist (oder den Geigendeel). Den Problem setzt méi deif.