Gëschter gouf de neie Velo-system vun der Stad Lëtzebuerg firgestallt, an zwar zu Paräis (wou och soss?). Um offizielle Site (ganz a franséisch gehaal a mat deem engen oder aaneren Schreiwfehler vun lëtzebuergesche Nimm) kann een séch registréiren, fir op eng vun den 25 Plaazen uëchter d’Staad séch kënnen e Velo ze léinen, deen eng hallef Stonn gratis ass. Den Abonnement kascht awer och schon. Duerfir kruut d’Staad awer eng sëlleg nei Reklamstafelen opgestallt. U séch also de richtegen Zäitpunkt, fir de Velo aus dem Keller ze huelen a (bal) gratis sou laang ee wëll duerch d’Staad ze fueren.
Archive for February, 2008
d’(vel)oh!
Wednesday, February 27th, 2008luxopoly
Tuesday, February 19th, 2008Séier, et bleiwen nach knapps 10 Deeg fir Lëtzebuerg bei an d’Monopoly World Edition ze setzen. Wann der genuch ofstëmmen, kann dat wirklech geschéien. So jidderengem Bescheed! ‘t wir jo gelaacht, wa mer Gdynia (Polen) net vun éischter Plaatz kinnten verdrängen.
200
Sunday, February 10th, 2008Ech hätt et net geduecht, mee no bal 2 Joer huet d’Blogbuerg elo konnten säin 200. Blog begréissen.
Ech weess, datt eng ganz Reih vun de Blogen, di nach dran stin, net mi existéiren oder aktualiséiert gin, mee zu iergend engem Zäitpunkt hun se awer existéiert. An nächster Zäit wärt et och eng Reih Ännerungen a geraumt gin. Virschléi a Verbesserungen sin natirlech wëllkomm.
