Desen Artikel op boingboing.net iwwert d’Photosaustellung vun amerikanesche Biller aus de 70′er Joren am CNA zu Diddeléng, huet méch op dem Photograf séng Websäit opmierksam gemaat: American Pictures. Hien verweist do op eng aaner Säit, wou en d’Frëndschaftlechkeet beschreiwt, mat där en am Ku-Klux-Klan empfaange gouf. Als éischt méngt een, et wir Satire; dann kënnt een éischt drop, datt dat alles eescht geméngt ass. An zum Schluss miërkt een, wat fir eng Lektioun a Punkten Rassismus a Virurdeeler de Photograf domat wëll gin. En interessante Konzept, deen awer keng eendeiteg Konklusiounen zouléisst. Ech hun d’Ausstellung net gesin, mee ech froe mech, op den CNA domat méi hätt kinnten Reklamm maachen, anstatt just eng weider Billerausstellung vun engem bestëmmtenen soziale Beräich. Wir et dann och vläit kontrovers opgeholl gin?
Archive for March, 2008
faarweg biller
Saturday, March 29th, 2008something blue
Friday, March 21st, 2008Haut de Moien um Knuedler:

agefruer
Saturday, March 15th, 2008Firun e puer Wochen ugekënnegt, huet haut endlech den “Freeze”-Event fir Lëtzebuerg statt fonnt. 100 Leit sin fir eng kléng Zäitchen op der Gare einfach agefruer an d’Passagéier, di grad aus den Zich koumen, hu séch wuel gefroot, op een d’Zäit ugehaal hätt. Hei ass de Video dozou:
An all déi, di net dobäi waren a méngen, datt e Flashmob kee Flashmob ass, wann den RTL schon eng Woch firdrun invitéiert gëtt, dénken séch wuel:

