second bock

Di mi eeler Liëser erënneren séch vläit nach un Second Life, eng online 3D-Welt, ronderem déi et 2006 an 2007 nawell e groussen Hype gouf. Ma, anscheinend existéiert dat alles nach an ass weiderhin um Floréiren. Et het séch souguer eng gréisser lëtzebuergesch ‘Community’ gebild (de Grupp “Lëtzebuerg”, deen ech Mëtt 2006 gegrënnt hat, wor net grad sou erfollegräich, duerfir gin et der lo awer eng ganz Reih aanerer). Besonnesch de lëtzebuergesche Muséker “Cyberpiper” ass do erfir ze stiëchen, deen séch am Moment zesumme mat aanere Fräiwëllegen a mat Hëllef vum Katasteramt ameséiert fir eng virtuell Rekonstruktioun vum Bockfiëls (wou di ursprünglech Buerg Lëtzebuerg stoung) ze bauen, respektiv ze “builden”, wi dat op “Second Lëtzebuergesch” heescht. Hei ass e Snapshot vum 22. Abrëll 2008, dat Ganzt ass awer nach laang net färdeg. Dat Bloot am Hannergrond ass iwwregens d’Miër, wéll eng virtuell Belsch gëtt et, ménges Wëssens no, nach net.



This entry was posted in Entertainment, Internet & PC, Kultur. Bookmark the permalink.

4 Responses to second bock

  1. Chris says:

    Wow, schon iergendwéi cool. Mee woufir dat ganzt?

  2. Thierry says:

    Second Life gett et nach?? Ech hunn firun Méinten fir d’leschte Kéier eppes driwwer gelies, an deemols huet et geheescht d’Userzuel wier drastesch gesonk an et wier zimlech doud. Wéi wéineg richtegt Liewen muss een dann hunn, fir sech mat engem gefakte Liewen ze beschäftegen?

  3. pa says:

    @Thierry: Oh, SadAutumn gëtt et och nach? Mol kucken… Ah, nee ;)

    Ech gin ongeféier all 6 Méint rem e puer Deeg an SL kucken, des Kéier lo, wéll ech eng Noriicht iwwert dee Bockfiels kruut.

    An ech ging net soen, et wir e gefaktent Liëwen, genau sou wéineg wi e Blog e falscht Liëwe wir. Et sin ëmmer richteg Leit di dohannert stiëchen, dat kann also net falsch sin.

    Ménger Meenung no ass de Konzept an d’Richtung dat, wat an Zoukonft wärt kommen, mee den Hype wor iwwerdriwwen an d’Technik, di dohannert stëcht, ass lo schon iwwerliëwt. Méi realistesch fannen ech di Zoukonftsvisioun aus “Rainbows End”, en SF-Roman, deen een iwwregens kann gratis a legal erof lueden: http://vrinimi.org/rainbowsend.html

  4. Grommel says:

    SL sucks natiirlech, mee dat do ass awer cool! Ech hoffen fir sie, dass een deen 3D Fichier och anescht kann asetzen :)

    An dee Cyberpiper ass och e Numero fir sech …

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>