Google huet alt rem e neie Projet eraus bruecht: Google Latitude. E Service, mat deem een iwwert en Handy ka séng Positioun bekannt maachen, sou datt Frënn wëssen, wou een drun ass. En, a méngen Aan, interessante Projet, dee wuel a nächster Zäit eng ganz Reih vun neie Méiglechkeeten wärt bidden. Lëtzebuerg gëtt leider nach net ënnerstëtzt.
Méng Prévisiounen:
- Staumeldungen kënne vereinfacht gin
- spontan Treffen vu Gläichgesënnten
- Verspéidungen sin offensichtlech
…
Wat ass nach alles domat méiglech? Schreiwt mer ët an d’Kommentaren.
Ech wees gréisstendeels net mol selwer wou ech sinn.
Et kann ee rausfannen wou seng Fra/sai Mann friem geet.
Et kann ee kucken ob een vun enger Persoun net ugelun gett (“Maachen Iwwerstonnen” an en setzt am Café oder sou ;) )
Fannen et just bessen beängstigend dass een lo emmer kann wëssen wou eng Persoun sëch grad ophällt. Natirlech just mat deem sengem Averständnes, mee awer.
Stalken kann een domatt. Yay, dat hunn mer gebraucht. :)
ja mei, daat huet jamba awer well sait eiwegkeeten am angebot …
Partnertracker ftw! ;)