Haut fänken ech eng nei Serie un, op déi méch en Artikel vum Grommel bruëcht huet.
Ech posten ë kléngen Ausschnëtt vun enger GoogleMaps-Satellitephoto an d’Liëser kënne roden, wou dat soll sin. Ech fänken mol als éischt mat lëtzebuergesche Plaatzen un, wärt awer härno och an d’Ausland iwwer goen. Réng technesch gesin, ass ët ë Concours, wou jhiddereen ka mat maachen, mee een Deel soll och einfach nëmmen interessant Plaatzen erfier hiëwen, di ee vläit nach nët kennt.

Wat fir ee Gebai gëtt do gebaut a wou steet ët mëttlerweil (d’Photo ass schon ë besse mi aal)?
Wien wëll mat roden, kann dat an de Kommentare maachen.
Opléisung: Dat goung jo séier, de Ben wor den éischten, dee richteg geroden huet. Hei ass d’Originalplaatz.
Ob den eichten Bleck geif ech soen eng Schwemm, groussen Basseng ennen, klengen doniervt. Als eicht haat ech un Stroossen geduecht, mee dei ass nach ze nei, also geif ech soen zu Bouneweg.
Bingo, ët ass d’Schwämm zu Bouneweg. Du hues 50 Gummipunkte gewonn! ;)