Archive for March, 2009

extreme shepherding

Thursday, March 19th, 2009

Den Internet huet séch lo getopped, ët kann een ën ausmaachen, ët wärt näischt Besseres gin, wi dee Video hei. Merci an Eddi.

PolitikerScheck

Tuesday, March 10th, 2009

Geschwënn (an dräi Méint) si rëm Wahlen an da méngt jhiddereen, deen net schon op enger Parteilëscht steet, säi Pefferkär missten dozou bäi zë léen (ech jo hei och). Duerfir gouf eng Websäit mam Numm politikercheck.lu op d’Bee gesat. Ech duëcht, do kinnt ee lo d’Standpunkten vun de verschiddenen Parteien an hire Memberen zu bestëmmtenen Theme vergläichen, mee deem ass net sou. Opmannst am Moment nach net. Vläit a véier Méint.

Di eenzel Politiker mussen séch als éischt sélwer do umellen (wahrscheinlech géint ë kléngt Entgeld, ech hu kéng Konditiounen dozou konnten um Site fannen). Dat ass a méngen Aan schon den éischte Problem, wéll ausser deene bekannte Gréissten an deene gewinnten Mediegiëregen, wärt dat wuel kee maachen, sou fortschrëttlech wi eis Politiker sin.
Desweideren ass dee Site vum Opbau a vum Design hir eng eenzeg Katastroph. D’Haaptsäit huet den extrem bezeechenden Titel “Home”, de Navigatiounsmenü fonktionéiert net richteg (opmannst op der éichter Säit gëtt net all Grafik ugewisen, a wann, ass së ganz verzerrt) an op verschiddenen Ënnersäiten gi monter eng Dozen Schrëftarten am Text vermëscht.
Den eenzegen Inhalt, deen am Moment zë fannen ass (ausser Lëschten mat de Politiker), si vill Beschreiwungen vun der säitbedreiwender Asbl sélwer. An och datt së un Don’en a Sponsoring interesséiert wiren. Si kréien nämlech de ganze System vum däitsche Site abgeordnetenwatch.de zur Verfügung gestallt. Anzwar fir 1.000 € de Mount (ech misst nawell laang sichen, bis ech ë sou en deieren CMS ging fannen, di meescht, di ech kennen, si gratis). Arbëchtshëllef brauchen së och nach (fir wann een séch willt mellen), wéll den Opwand fir si alléng lo schon ze grouss ass (Impressumen schreiwen séch net alléng) a Reklammen gingen së och gär weisen (fir datt së och an Zoukonft kënnen iwwerparteilech an onofhängeg bleiwen).

banannerepublik.lu

Wednesday, March 4th, 2009

Den Thierry (wéngst deem hu des Säit ën “a” zevill am Numm!) huet en interessant Dokument fonnt: eng Lëscht mat Domainnimm, di ee bei der Restena nët kann registréieren. Bei verschiddene Nimm verstinn ech ët (och wann dat ganzt zimlech willkürlech ass a Meenungsfräiheet anscheinend zimlech kléng geschriwwe gëtt), mee verschiddener si liicht absurd. Firwat soll een nët kënnen attert.lu oder ardennes.lu registréire kënnen? An oesling.lu? Ët gëtt jo awer eisleck.lu, domat haten së anscheinend kee Problem. An all d’Kombinatiounen mat “sex” am Numm sin natirlech souwisou verbueden. Ech méngen, ech kucke mer mol sextant.lu (wiën fiërt nët gär mat engem Seegelschëff) oder sextett.lu (eppes sou kulturelles wi Musek misst dach erlaabt sin!) un fir ze registréieren…