Den Thierry (wéngst deem hu des Säit ën “a” zevill am Numm!) huet en interessant Dokument fonnt: eng Lëscht mat Domainnimm, di ee bei der Restena nët kann registréieren. Bei verschiddene Nimm verstinn ech ët (och wann dat ganzt zimlech willkürlech ass a Meenungsfräiheet anscheinend zimlech kléng geschriwwe gëtt), mee verschiddener si liicht absurd. Firwat soll een nët kënnen attert.lu oder ardennes.lu registréire kënnen? An oesling.lu? Ët gëtt jo awer eisleck.lu, domat haten së anscheinend kee Problem. An all d’Kombinatiounen mat “sex” am Numm sin natirlech souwisou verbueden. Ech méngen, ech kucke mer mol sextant.lu (wiën fiërt nët gär mat engem Seegelschëff) oder sextett.lu (eppes sou kulturelles wi Musek misst dach erlaabt sin!) un fir ze registréieren…
Verschidde Letzebuerger sinn mol rem méi hellëg wéi de Poopst …
Ech mengen .lu ass deen eenzegen Lännercode ausser .va wou den sex. net verginn gët?
Verklemmten Puritaner!
http://www.banannerepublik.lu kéint ech awer lo ufroen oder wéi?
south.lu ass drop mee north.lu net?? soll mol een daat verstoen!
an virwaat iwerhaapt south? well vlait d’régioun süden eng sait mecht mam domain south.lu? daat kann ech mer net viirstellen… weieng instanz wier iwerhaapt d’”regioun süden”?
Hmmm…
http://www.mutsch.lu gëtt et awer… Dat wor bestemt net einfach