PolitikerScheck

Geschwënn (an dräi Méint) si rëm Wahlen an da méngt jhiddereen, deen net schon op enger Parteilëscht steet, säi Pefferkär missten dozou bäi zë léen (ech jo hei och). Duerfir gouf eng Websäit mam Numm politikercheck.lu op d’Bee gesat. Ech duëcht, do kinnt ee lo d’Standpunkten vun de verschiddenen Parteien an hire Memberen zu bestëmmtenen Theme vergläichen, mee deem ass net sou. Opmannst am Moment nach net. Vläit a véier Méint.

Di eenzel Politiker mussen séch als éischt sélwer do umellen (wahrscheinlech géint ë kléngt Entgeld, ech hu kéng Konditiounen dozou konnten um Site fannen). Dat ass a méngen Aan schon den éischte Problem, wéll ausser deene bekannte Gréissten an deene gewinnten Mediegiëregen, wärt dat wuel kee maachen, sou fortschrëttlech wi eis Politiker sin.
Desweideren ass dee Site vum Opbau a vum Design hir eng eenzeg Katastroph. D’Haaptsäit huet den extrem bezeechenden Titel “Home”, de Navigatiounsmenü fonktionéiert net richteg (opmannst op der éichter Säit gëtt net all Grafik ugewisen, a wann, ass së ganz verzerrt) an op verschiddenen Ënnersäiten gi monter eng Dozen Schrëftarten am Text vermëscht.
Den eenzegen Inhalt, deen am Moment zë fannen ass (ausser Lëschten mat de Politiker), si vill Beschreiwungen vun der säitbedreiwender Asbl sélwer. An och datt së un Don’en a Sponsoring interesséiert wiren. Si kréien nämlech de ganze System vum däitsche Site abgeordnetenwatch.de zur Verfügung gestallt. Anzwar fir 1.000 € de Mount (ech misst nawell laang sichen, bis ech ë sou en deieren CMS ging fannen, di meescht, di ech kennen, si gratis). Arbëchtshëllef brauchen së och nach (fir wann een séch willt mellen), wéll den Opwand fir si alléng lo schon ze grouss ass (Impressumen schreiwen séch net alléng) a Reklammen gingen së och gär weisen (fir datt së och an Zoukonft kënnen iwwerparteilech an onofhängeg bleiwen).

This entry was posted in Internet & PC, News. Bookmark the permalink.

5 Responses to PolitikerScheck

  1. Joël says:

    Et mengt een, en CMS fir 1000€/Mount misst e bessen Standart-Layout hunn wéi daat, an wiesou ginn et just statesch Html-Saiten?
    Gesait fir mech no enger gudder Idee aus, déi awer leider ziemlech mies emgesaat ass.

  2. Chris says:

    Wow. Dat do ass… ech wees net wat dat do ass. Wat ass dat do?

  3. clada says:

    D’Letzebuerger Wort haat den Moien schon en Artikel driwer um Internet stoen, ech kann nemen den Kapp resselen!
    Ech fannen d’Animatiounen dei um Site sin, naja wei soll een daat lo leiw ausdrecken,…. schlecht gemeet, an d’Linken fir op dei weiderfeierend Saiten feelen!
    Den Site ass sou onvalid, dass den W3C den Fichier mol net d’checken kann ….! Also bei allem Respect fir probeieren Amerika mat hieren Wahlkampagnen an alledeem waat ronderem ass ze kopeieren gett et nach vill gaanz vill Arbescht hei zu Letzebuerg ;)

  4. Thorben says:

    Ech sin e groussen Fan vun AbgeordnetenWatch, en Portal fir interaktioun tescht Politiker an hieren lokalen Leit. Mee dovunner ass de Site na wäit fort.
    - d’Ausgesin ass grugeleg an héichgradeg onprofessionnel. Et ass e bessen schwéier dat eescht ze huelen
    - D’Offer momentan ass gläich null, an ech gleewen et ass e Fehlschloss dass een soueppes wuessen léisst. Et brauch een eng Offer, éier een ob de Public zougeet an net emgedréint
    - Déi “Artikelen” fannen ech net kloer genuch oofgetrennt vum Rescht, deen een Artikel mecht ob den eischten Uschäin d’Impressioun wéi wann et eng Meenung vun hinnen wier. An zu enger Meenung ass sou e Portal a mengen Aen net berechtegt. Reicht beim zweeten kucken erkennt een dass et eng Zouschreft ass.

    De Projet ass eng gudd Idee, mee d’Emsetzung ass e bessen komesch.

  5. Majerus says:

    Ech hoffen dir huelt dei Werbekampagne dei mer do gestart haaten net kromm op.. :)
    Ett war allerdengs den eenzegen Wee fir op den Punkt ze kommen wou mer elo sinn.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>