anno dazumals (bouneweg)

Wéi ech zoufälleg op Chroniques du Luxembourg ën Artikel iwwert eng Kaart vun der Stad Lëtzebuerg aus dem Joer 1770 fonnt hun, duecht ech mir, do kinns de mol eppes Klénges iwwert Bouneweg schreiwen. Als gebiertege Bouneweger hun ech méch scho méi wi eng Kéier iwwert de Wandel vum bevölkerungsräichste Quartier vun der Stad Lëtzebuerg interesséiert.

Ë genauen Grënnerdatum vun der Uertschaft ass mer net bekannt, mee ech gesouch de Numm schon op enger Kaart aus der Mëtt vum 17. Jorhonnert erwähnt. Domols wor op där Plaatz just ee Klouschter a Felder ronderem. D’Kaart vun desem Artikel ass iwwert 100 Joer méi jonk an ët wore mëttlerweil eng 2 Dozen Haiser dobäi komm. Fir net sou Uertskënneger beschreiwen ech mol di Kaart vun 1770 an hun zur Verdäitlechung ën deelweis transparente Stroosseplang vu Google Maps driwwer geluecht. Ech hun och gemierkt, datt all Gedréis, Vergréisserung a Verkléngerung vun der aktueller Kaart näischt genotzt hun, fir së genau iwwert den historesche Plang zë lééen. Natirlech huet séch zënterhir eng Jett geännert, mee d’Kaarten woren domol och nach net sou moossstabsgetrei an wuel éischter als Konschtwierker un ze gesin.

1. Fir séch mol als éischt zë placéiren, eng Plaatz di wuel jhiddereen kennt: d’Gare. Do, wou haut eng historesch wertvoll Gare steet, wor domols just, fir ët esou auszedrécken, Pampa. Ët sollt souwisou nach 55 Joer daueren, bis di éischt Eisebunn iwwerhaapt an England ging ufänke mat rullen. Di heiteg Stréck vun de Gleisen, gëtt just duerch eng “Chaussée” ugedeit, di ganz ënnen op der Kaart an di heiteg “Route de Thionville” iwwergeet, wuël eng vun de längste Strossen aus der Stad; féiert së dach vun der Gare iwwert Bouneweg den Houwald erop, da rem den Hesper Bierg erof bis an di Uertschaft mam nämlechte Numm, weider duerch Alzéng an hällt éischt kuerz firun der franséischer Grenz zu Fréiseng op.

2. Dese Rondpoint, deen d’Bouneweger Strooss mat der “Rue Auguste Charles” verbënnt, gouf éischt Mëtt de 1990′er Jore gebaut a bis zu deem Zäitpunkt wor do héichstwahrscheinlech nach d’Originalkräizung. Ech ka méch nach erënneren, datt déi Plaatz, wann ët richteg staark gereent huet, méi wi eng Kéier iwwerschwemmt war, wéll dat den déifste Punkt vu Bouneweg ass (ausser d’Dall erof bei d’Uelzëcht). D’Pompjéen hu misste méi wi eng Kéier eng Reih Kelleren auspompelen, wat mëttlerweil nemmi de Fall ass, wéll d’Kanalisatioun entscheeden vergréissert gouf (d’Aarbechten sin nach amgaangen, duerfir ass Bouneweg am Moment quasi ën eenzege Schantjen). Südöstlech vum Rondpoint ass eng Haiserfront (ënneschten Deel vun der ’2′), di ofgerappt gouf, sou datt ëlo d’Stross an den Trottoir vill méi Plaatz hun.

3. D’Strooss erof bis bei d’Uelzëcht (di domols nach anscheinend “Altzig” geheescht huet) goung bis bei eng Millen (di ech nach net kannt hun). Ech huelen un, dat ass déi Plaatz wou Ponts & Chaussées hautzudags ë grousst Lager hun. Di schwaarz Linn ë puer Meter südlech vun där Strooss ass (huelen ech un) di sougenannte ‘Bouneweger Baach’, vun där wuel di mannsten eppes wëssen. Hautzudags verleeft së komplett ënnerirdesch, ass kanaliséiert an ët gesäit ee just nach bei der Uelzëcht sélwer ë Rouer aus enger Mauer kommen, dat d’Kanalisatiounswaasser an de Floss leet.

4. D’Hämmer Säit erop, wor domols eng riicht, wann och zimlech géi Affär. Fir dat net mussen den Autoen zou ze mudden, ass di Strooss wuel an eng gréisser Kéier geluecht gin (Päerd hate wuel kéng Problemer?). Di aktuell Kaart ass do leider scho nemmi wéngst Moossstabsproblemer ze gesin. Di laang Insel an der Uelzëcht existéiert och net méi; de nördlechen Arm ass hautzudags dréchen.

5. Den interessantesten an eelsten Deel vu Bouneweg ass dat fréiert Klouschter. Hautzudags weist bal näischt méi op séng Existenz hin (ausser de Stroossenumm “Cour du Couvent” (net ze verwiësselen mat der “Rue du Couvent” um Houwald, wou d’Post heiansdo Problemer hat, di zwee ausserneen zë haalen)). Als Erënnerung gouf Mëtt de 1990′er di fréier Klouschterpaart rem opgebaut, ech méngen së haate kuerz firdrun d’Sténg dovu fonnt oder sou ähnlech. Eng Touristenattraktioun ass së net sou richteg gin. Östlech direkt niëwendrun ass d’”Place du Parc” (Parkplaatz), déi fréier wuel de Klouschtergaart wor. Westlech dovun steet iwwregens d’Gebuertshaus vum Gabriel Lippmann, ee vun deene wéinege Lëtzebuerger, di ë Nobelspräis kruuten (fir ë Verfahren fir farweg Photoen kënnen zë produzéiren). Ëlo ass d’Plaatz komplett zoubetonéiert an ët steet ë klénge Kiosk drop, wou d’Bouneweger Musek alt och scho mol deen een oder aanere Concert gin huet. Där hire Museksall ass iwwregens de südlechsten Deel vum fréiere Klouschter (rue Pierre Krier).

6. Op deser Plaatz fänkt och d’Pierre Krier-Strooss un, wéll vis-à-vis säi Gebuertshaus stoung (dat gouf d’läscht Joer ofgerappt). Des Strooss schléit hautzudags hannert dem Klouschter eng aaner Richtung an, mee kënnt awer op der nämlechter Plaatz un, anzwar de Wee hannert dem Kaltreis erof a rem erop op d’Itzeger Knupp (7).

8. Interessant fannen ech, datt déi éischt bekannte Siedlungsplaatz vu Bouneweg komplett vergiess ass. Um Kaltreis gouf ët zu Réimerzäiten ë Gutt, vun deem an de 90′er Joren d’Grondmaueren ausgegruewe goufen an een së haut do ‘bewonnere’ ka goen. Dee Wunnsëtz muss wuel, nodeems ën opginn gouf, séier a Vergiëssenheet gerode sin, wéll quasi iwwert 1.000 Joer laang, ausser Felder, näischt méi do gebaut gouf. Dunn éischt koum d’Klouschter a séng Géigend a Mëtt den 1980′er Joren gouf eng Wunncité do opgeriicht. Historiker goungen ëmmer dovun aus, datt de Numm “Bouneweg” vun “bona via” (wahrscheinlech ë Réimerwee) ging hir kommen; mëttlerweil (besonnesch no der Entdeckung vum Gutt) soll den Ursprong am Wuert éischter vun “bonus vicus” ofgeleet sin.

Dat war ët dann mat deem kléngen Exkurs an d’Geschicht vun engem Staadter Quartier. Vläit maachen ech dat Ganzt iergendwann och nach mat aanere Quartieren, wéll di historesch Kaart ass nawell grouss.

This entry was posted in Kultur, Science. Bookmark the permalink.

One Response to anno dazumals (bouneweg)

  1. Max says:

    Immens soueppes ze liesen. En Deel vu ménger Famill kënt vu Bouneweeg sou dass ech vill Erënnerungen un de Quartier hunn. A well ëch mëch am grousse Ganzen (soziologësch a photographësch) fir de suburbane Quartier ronderëm eis Haaptstad interesséieren ass ët flott ze gesi wéi sëch de Quartier geännert huet.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>