d’lag vum internet 2010

Eng Fro, déi ech mer heiansdo stellen ass, wéi wäit den Afloss vum Internet hei zu Lëtzebuerg geet.

An Däitschland ass d’Diskussioun opkomm, datt d’Blogosphäre zum Récktrëtt vum däitsche Bundeskanzler gefouert huet. Séng Remarque ass am Ufank vun den traditionelle Medien (Zeitung, Radio, TV) guer net oder just wéineg opgegraff gin. Wéi dunn ower op enge sëlleche politesch- wéi medien-interesséierte Blogen iwwert d’Ausso diskutéiert ginn ass, wor et och op eemol en Thema fir d’Zeitungen (besonnesch de SPIEGEL). Natierlech kann ee lo soen, datt et einfach e puer Deeg gedauert huet, bis sech eng Meenung doriwwer konnt entwéckelen an den Internet ebe méi aktuell ass, wéi eng wöchentlech Zeitung. Trotzdem konnt d’Diskussioun um Internet während den decisiven, meenungsbildenden éischten Deeg dat Thema an eng bestëmmte Richtung lénken, aus där et di aner Medien dunn net méi eraus kruten. Dest ass natierlech och just méiglech, well et an Däitschland eng ganz Rei vun Säite gin, di zwar deelweis banal, mee oft och professionell iwwert d’Politik beriichten. Dobäi ass et egal, aus wéi enger Richtung se kommen (lénks, riets, Mëtt…) an op se versichen objektiv ze beriichten oder subjektiv Meenungen un de Mënsch ze bréngen. Tatsaach ass, datt eng Diskussioun statt fënnt.

Hei zu Lëtzebuerg dogéint, schéngt sou eng “Online-Kultur” vum Diskutéieren quasi inexistent ze sinn. Eng Rei vu Blogen (di och an der Blogbuerg ze fanne sinn), probéieren zwar vun Zäit zu Zäit dat eent oder anert Thema un ze schneiden. Eng Handvoll Leit diskutéieren dann e puer Deeg doriwwer, mee gréisseren Afloss an d’”Leit-Medien” ass net direkt ze fannen. Verschidde Säiten widmen sech komplett de politeschen Diskussiounen, mee verdanken hir Existenz ower entweder enger Partei oder soss eng anerer Gruppéierung, di meeschtens an engem bestëmmten politesche Beräich an ze tesselen ass. D’Tendenzen vun den Diskussiounen sinn an deem Fall da scho meeschtens am Viraus kloer.

Ech fannen et och gutt, wann gréisser medial Institutiounen (d’Wort, RTL) net grouss drop aginn, wat all Topjhang mat enger Websäit kann an di grouss, wäit Welt eraus posaunen, mee trotzdem beaflossen verschiddenen Topegkeeten Artikelen, just well den Auteur sech net richteg iwwert d’Verbreedheet vun enger gewësser Iddi oder Laun informéiert huet (z. Bsp. huet virun enger Zäitchen d’Wort iwwert all domm Facebook-grupp bericht, wéi wann se géing d’Meenung vum gesamte Vollek bedeiten).

Wat feelt, sinn Diskussiounssäiten, di och am allgemenge Public bekannt sinn (den Internet ass och zu Lëtzebuerg endlech als Massemedium ukomm) an trotzdem sech net ze vill vun Individuen an eng bestëmmte Richtung zéie loossen. Oder wat bräicht .lu, ärer Meenung no, nach?

This entry was posted in Blogs, Internet & PC, News. Bookmark the permalink.

6 Responses to d’lag vum internet 2010

  1. Joël says:

    (Iergendwéi wëll däin flattr-Knäppchen grad net?)

    Ech fannen sokrates.lu ass e bëssi deen Site, deen s du beschreiwst. .lu brauch méi Blogger_innen. Mä villäicht ass den Afloss vun Blogs op d’Medien einfach dem klenge Land an der klenger Medienlandschaft verschold.

  2. Joël says:

    (flattr-Problem luch bei mir!)

  3. clada says:

    Iergendwei ass Letzebuerg an allem waat Internet ugeet nach extreem wait zereck bliwen. Trends schengen bei eis einfach net unzekommen, fir lo just en Beispill ze nennen : ween twitter dann schon hei zu Letzebuerg,… baal keen.
    An sou geet et och en bessen an den Blogs, et kommenteiert baal keen an wann dann sin et emmer nemen dei selwescht Leit, ech wees net richteg un waat et lait,… sin d’Leit ze schei oder trauen se sech net fir hier Meenung ze soen.

    Op der anerer Sait gett awer och eischter geint d’eegen Meenung vun den Leit Saachen ugeluecht. Sou gett zum Beispill net all Artikel op Wort.lu fir d’Kommentairen frai gin, an vill Kommentaren gin och gespaart.

    Fir den Recht vermessen ech awer och sou eng Plattform wou een einfach daat soen kann waat een well… mee froen mech just op vill Leit ausser dei bekannten daat benotzen geifen?!

  4. Thierry says:

    ween twitter dann schon hei zu Letzebuerg,… baal keen.

    Et sinn enorm vill Lëtzebuerger op Twitter!

  5. benem says:

    ech hun mer och na gëschter Gedanken iwwert den lëtzebuerger “Blogklumpen” (Joël Adami) gemaach. Irgendwéi sin ech zur Feststellung komm, dass eng gewëssen Euphorie an der Bloggerszen, déi virun enger Zaitchen opkomm as, rem ofgeebbt as. Ech muss dozou awer och soën, dass ech déi läscht Méint och selwer net méi konnt vill Blogs liesen an déi Saach verfollegen, dat verfälscht main Androck wahrscheinlech och zimlech.
    Irgendwéi schéngt et de lëtzebuerger (nach?) net ze interesséieren, selwer ze publizéieren.

  6. Pingback: Egalwaat

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>