BTVS: Breaking Bad

Numm: Breaking Bad
Land: USA
Datum: 2008 – leeft nach

Eng Roulotte fiert mat iwwerhéichter Geschwindegkeet duerch d’Wüst vun New Mexico, eng Box hänkt um Säitespijhel, um Steierrad sëtzt e Mann dee just e Calçon un huet an hannendran rutschen gliëse Fläschen an zwou Läichen hin an hir.

Sou fänkt de Pilotfilm vun “Breaking Bad” un. Et weess een direkt, hei muss eppes Schlëmmes geschidd sin. An domat gëtt och direkt de Grondtoun vun der Serie gesat. Et ass eng realistesch Serie, di éierlech mat hire Personnagen ëmgeet, se sou hëllt, wéi se sin a wou eben schlëmm Saache geschéien.

Em wat geet et? Den Walter White ass ufanks 50, Chimis-prof op enger High-School, huet eng schwanger Fra an e liicht behënnerte Jong. D’Liëwen huet sech net grad an déi Richtung entwéckelt, wéi en et sech a jonke Jore virgestallt hat, mee hien ass trotzdem zefridden. Do gett hie gewuer, datt e Longekriibs huet an net méi laang liewe wärt. Wéi dun säi Schwoer, deen als Polizist am Drogendezernat schafft, en eng Kéier op eng Razzia mat hëllt an hien do en aale Schüler vun em erem erkennt, kënnt him eng Iddi. Fir senger Famill eng, opmannst finanziell, Zoukonft ze garantéiren, deet hien sech (en ass jo Chimis-expert) mam fréiere Schüler, dem Drogefabrikant, zesummen a stell “Chrystal Meth” hir. Dat ganzt dierf seng Famill (a soss keen, besonnesch säi Schwoer) natirlech net gewuer gin. Vun elo un muss een zwee Liewen mateneen jongliéieren; am Privaten ass hien nach ëmmer de brave Familjepapp a Prof, dee vu jhidderengem ënnerschaat gëtt an am Geheimen klëmmt hien zum Drogeboss vun der Stad op a muss heiansdo moralesch zimlech fragwürdeg Décisiounen huelen. Dat mam Drogegeschäft ass nämlech net sou einfach. Wéi kritt een d’Wuer un den Junkie? Wéi gëtt een a kuerzer Zäit sou vill wi méiglech lass? An d’Konkurrenz schléift natirlech och net an iergendwann gëtt souguer e mexikanescht Kartell op en opmierksam.

Et ass eng Serie, di herrlech absurd, surrealistesch, kafkaesk Situatioune beschreiwt. Se weist wéi Mënschen méngen, eppes Guddes ze din an d’Mëttelen dozou hinnen egal sin. D’Protagonisten leiden permanent un de Konsequenzen vun kléngen Aktiounen, di se mol virun laanger Zäit geholl hun. An all kuerzzäiteg Verbesserung zitt anscheinend rem eng laangzäiteg Verschlechterung mat sech. Trotz all dem Elend weist d’Serie awer och di mi schéi Momenter, all Personnage huet och eng gudd Säit u sech, keen ass komplett gudd oder béis. Duergestallt gëtt dat awer net mam üblechen “et gëtt kee schwaarz/wäiss, just gro”, mee éischter ouni moralesche Fanger. D’moralesch Iwwerléeungen vun all Aktioun sin dem Spectateur iwwerlooss an awer och net zwéngend noutwendeg. Et kann een d’Serie och sou genéissen ouni mussen sech ze froen, op ee sélwer sou a sou réagéiert hätt an op dat dann och an der Reih gewiescht wir. Eng kriddeleg Fro, wann verschidden Aktiounen, egal wéi noutwänneg sin an een net de Luxus huet, sech des Fro ze stellen.

Filmtechnesch gesin ass d’Serie ganz grousse Kino. Visuell sin d’Biller éischter bescheiden, et gëtt net grouss mat Effekter geprahlt. D’Szenerie wirkt éischter roueg an heiansdo genéisst een och einfach mol nëmmen e puer Sékonne laang e Sonnenopgang an der nei-mexikanescher Wüst. Gréisstendeels ouni Musek, wat eng wëllkommen Ofwiësslung zum akusteschen Owerflow vun aanere Serien ass. D’Hektik entsteet réng duerch d’Dréihbuch, dat exzellent Geschichten présentéiert. D’Personnagen wirken réell, réagéiren realistesch a net ëmmer sou, wéi een et heiansdo gären hätt. Genau sou sin och d’Dialoger, di net “over the top”, awer och net op den dëmmste gemeinsame Nenner erof bruecht sin. Et gi Saache gesot, déi ee sou sélwer och ging soen.

Et ass keng Serie fir d’ganz Famill (op kee Fall fir Kanner) an am Ufank brauch een e puer Episoden, fir an d’Geschichten eran ze kommen. Duerno gëtt een awer dann mat aussergewéinleche Situatiounen an exzellente Schauspiller belount. Besonnesch opfaalen din den Aaron Paul als jonken Nowuess-schauspiller an den Bryan Cranston (bekannt als Papp aus “Malcolm In The Middle”), deen mat enger quasi perfekter Gesiichtsmimik, vill seet ouni mussen ze schwätzen. Aktuell ass grad di drëtt Staffel eriwwer an et ass fir d’nächst Joer schon eng véiert bestallt. Dat Ganzt leeft um amerikaneschen Pay-TV-Sender “AMC”, et brauch een also net ze färten, datt verschidden Wiërder ausgebleept gin. Kuckt iech et un!

This entry was posted in Kritiken, Kultur. Bookmark the permalink.

3 Responses to BTVS: Breaking Bad

  1. Chris says:

    Ech sinn fuerchtbar bänzeg op dës Serie gewiescht, zënter, dass ech déi éischt Staffelen am Wanter gekuckt hunn. Mä iergendwéi hunn ech déi drëtt Staffel enttäuschend fonnt, well hir de Fokus gefeelt huet, deen déi éischt zwou sou brillant gemaach huet.
    Natierlech waren d’Zeenen nach ëmmer genial geschriwwen, mä et huet mer iergendwéi de Pech gefeelt, deen dat ganzt gutt zesumme gehal hätt. An trotzdem war et awer nach mäilewäit virun de meeschten anere Sendungen. (Ausser natierlech “Mad Men”.)

  2. pa says:

    Di 3. Staffel huet mer eigentlech net sou schlecht gefall, ‘t wor eng gudd Weiderentwécklung, e bessen wor awer tatsächlech d’Loft liicht eraus. Den 3. Staffelcliffhanger hun ech awer besser fonnt, wi den 2. Dee war liicht gekënschtelt.

    Vum nämlechte Niveau hir, kennen ech am Moment tatsächlech och just nach Mad Men. Wärt iwwert déi Serie a nächster Zäit och mol eppes schreiwen.

  3. Joël says:

    Ech si grad beim Ufank vun der zweeter Staffel a kann kaum ophalen, se ze kucken. Wat eng herrlech Serie! Merci fir den Tipp!

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>