Comeback 1×03 “Vollt Haus”

“Ech wollt frustshoppe goen, mee just de Josy Welter hat nach op”

Okay, lo hun ech ët verstaanen. All Episod vu “Comeback” huet als Titel de Numm vun enger Sitcom. Di éischt wor “Prost“, di zweet huet “Retour” geheescht (Comeback wahrscheinlech sélwer?) an di drëtt lo “Vollt Haus“.

De Ronny leit bei eisen dräi Gécken zënter Deeg op der Couch a sténkt. Aanerer hätte scho laang de Mooss- an Erkennungsdéngscht geruff a mat Kräid ë wäissen Ëmrëss ronderem ë gezeechent, mee am Li-La-Launeland ass ët anscheinend üblech, einfach mol ë Strummert-Panzvollist an d’Wunnéng z’invitéiren an deen dann do säi Rausch ausschloofen zë loossen. Iergendwéi schaffen ët d’Marx Brothers dann awer ën an d’Buëdzëmmer zë bugséiren, fir datt de Jacques (ha! ech hun dem Saak säi Numm eraus fonnt!) sëch kann op säi Gebuertsdagsdinner mat der Fra vu séngem Liëwen préparéiren. Wat ën anscheinend all Woch eng Kéier mëcht. Mat enger aanerer Fra natirlech. D’Sophie huet ës genuch vun den zwee Männer, déi ëmmer musse léien (wat hat de Pit da lo gemaacht?) a besicht de Rëffert am Buëdzëmmer, fir deen endlech dovun z’iwwerzeegen, datt d’Eurovisioun di eenzeg Daseinsberechtegung fir hie ka sin.

Nodeems den dynameschen Duo sëch eng Lijhegeschicht fir d’Damm vum Owend ausgeduëcht hun, schéllt ët schons un der Dir an së kënnt era spazéiert. Leider ass së awer net dat, wat de Jacques sëch erwaart hat. Nodeems och nach ën drëtt Meedche sëch invitéiert gefillt huet, miërken së, datt dem Jacques séng Invitatioun u séng sämtlech Frënn gaangen ass. Währende de Pit kann ee Meedchen nom aaneren a séngem Zëmmer verstoppen an do vun hinnen Rotschléi a Punkto “Fraën” kritt, ass de Jacques amgaangen sénger Draamfra dat Blo’d vum Himmel erof zë léien. Dat gëtt awer ëmmer méi schwéier bis opeemol d’ganz Wunnéng voll mat Leit ass. D’Rettung sin d’Sophie an de Ronny, déi sëch an hirer (Mid)-life-crisis sélwer erkannt hun (së wësse net, wat së sollen aus hirem Liëwe maachen, den originellste Problem zënter der Existenz vun der Mënschheet); si si lo voll gelaaf a fänken eng Jam-session an der Wunnéng un, di jhiddereen verdreiwt. Sou gin ech och ëmmer Problemer mat ménge Nopere lass. Nodeem’s së also d’Invité’en an de Jacques all séng Frënn lass sin, kréien së sëch mam Ronny geéenegt, fir hien op d’Eurovisioun zë schécken.

Am grousse Ganzen ass des Episod net sou peinlech gin, wéi ech dat vum Thema erward hat. Verschidden Szenen wirken wi wann së an eng bestëmmten offensichtlech Richtung ginge goen (de Pit alléng mam Jacques sénger Ex an engem Zëmmer, do hun ech di ganzen Zäit geward, datt d’Sophie era kënnt an së bei iergend eppes erwëscht), mee kënnen dann awer rem iwwerraschen. D’Motivatiounen vun eise Protagonisten sin dann awer nach ëmmer ë besse forcéiert, mee ech huëlen un, datt dat sëch no ë puer Episode gëtt an een sëch un di eegen “suspension of disbelief” gewinnt huet. Wat mer awer gudd gefällt, sin di kléng belanglos Witzer, di net wirlech zur Geschicht, mee éischter zum “Feeling” vun der Serie bäi droen. Kléng Popkulturzitater an de berühmtenen lëtzebuergesche Lokalkolorit rënnen eng Homage un den aktuellen Jugend-zäitgeescht of. Ech wärt dru bleiwen!

<- Comeback 1×02 “Retour”Comeback 1×04 “Wien ass hei de Chef” ->

This entry was posted in Entertainment, Kritiken, Kultur. Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>