Comeback 1×04 “Wien ass hei de Chef?”

Referenz fir den Episodentitel: “Who’s the Boss?

“Merci Chuck Norris”

Update no desem Paragraph liësen. (Jo, Merci, Chuck Norris, duerfir, datt ech des Episod leider verpasst hun. Op ménger Opnaahm war leider just de Pierre Dillenburg zë gesin an zë héieren. Ech si mer direkt d’Aan an d’Oueren mat Seef auswäsche gaangen. Den offizielle Site bidd zwar ë klénge Résumé un, mee ausser datt de Pit d’Prënzenhochzäit verpasst (an ech duërwéngst d’Episod), gëtt ee just gewuër datt d’Sophie lo op eemol “ë neie Ronny” sicht. Häh, wat hun ech dann do net mat krut? D’läschte Kéier war ën dach nach d’accord, fir mat zë maachen? Ajo, a Schleichwerbung gëtt ët lo anscheinend och an der Serie (Logo um Laptop). D’nächste Kéier wärt ech awer rem de Boss sin an d’Episod kënne kucken. Ech muss mëch souwisou dru gin, sin der nach zwou en retard! Nët, datt dat iergend ee ging hei interesséiren…)

UPDATE: Den Thierry vum trauregen Hiërscht huët mer gehollef awer nach kënnen des Episod zë gesin, duerfir Merci un hien, datt ech lo awer nach muss mäi ‘recap’ schreiwen a rem eng weider Folleg hannen dra sin! Wärt de Pa jemols un di aktuell gesenten Episod eru kommen oder wärt hien op éiweg an der Vergaangenheet ronderem krootzelen? Bleiwt drun!

“Du verwuschte Sushi, du dréckegen Dim-Sung”

Während am Hannergrond eng Musek ‘Semper Fidelis’ vum Sousa spillt, erwäscht de Pit virun der Kathedral an engem Zelt, kuckt no sénge Frënn a freet sëch: “Wou si si nëmmen?” (haha, ë sot Sisi…) Déi interesséiert dat Ganzt awer anscheinend net an de Pit gëtt vum Serucity-Männchen K.O. gesat (Google fënnt iwwert 13.000 mol de Schreiffehler ‘serucity’, ë muss also stëmmen). Rem doheem, entschëllegen sëch d’Sophie an de Sak beim Pit, datt së ën am Stach gelooss hun. Si hun einfach aaner Prioritéiten, wéi de Ronny op d’Eurovisioun zë kréien oder de Sak mat séngem Wettproblem. Während de Ronny dem Sophie erklärt, datt hien net méi wëll mat maachen, besicht de Jacques (oder soll ech ën och Sak nennen? Blödste. Spëtznumm. Ever.) ën Hëllefscours fir anonym spillerech Wetter, dee vun engem Mr. Miyagi fir Aarmer gefouert gëtt (léiwen Akupunkturgag iwwregens), deen och besser gehat hätt, ë Cours fir besser Akronymen z’erstellen zë besichen. Eis Schachfiguren sin a Positioun fir lo alleguer hir Problemer geléist zë kréien. De Sak gëtt zwar net vu sénger Wettsucht geheelt, mee erkennt säi Problem an deem séng Sënnlosegkeet. Dem Sophie säi Ronny gesäit an, datt d’Eurovisioun di eenzeg Méiglechkeet ass, nach eppes aus séngem Liëwen zë maachen an alleguer hëllefen së dem Pit awer nach op d’Prënzenhochzäit, respektiv d’After-party zë kommen. Also Friede, Freude, Eierkuche, wéi een dat kinnt nennen (haha, ë sot… okay, ech halen op).

Ech muss soën, ech halen des Episod fir bis ëlo di béschten. Ee Gag reiht sëch un dee nächsten an së wirken och relativ modern (traureg Musek am Hannergrond hällt op, wann de Gitarrist sëch ewech mëcht, z. Bsp.). D’Personnagen kréien endlech eng glaafwiërdeg Motivatioun (sou glaafwiërdeg wi dat an eisem Li-La-Launeland méiglech ass) a si lo prett, hir kommend Aufgaben z’erfëllen. Am Fong geholl eng Fëll-episode, wéll sëch an der Gesamtstruktur näischt geännert huet an trotzdem ënnerhällt. D’Photoen um Schluss hun ech souguër méi witzeg fonnt, wéi së eigentlech sin a nët eléng, wéll anscheinend d’Hochzäitskoppel hir Party am Ofstellraum vun der Bouneweger Musek hat.

<- Comeback 1×03 “Vollt Haus”Comeback 1×05 “Wéi ech deng Mamm kennegeléiert hunn” ->

This entry was posted in Entertainment, Kritiken, Kultur. Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>