Comeback 1×05 “Wéi ech deng Mamm kennegeléiert hunn”

Referenz fir den Episodentitel: “How I Met Your Mother

“To the Batmobile, Master Wayne!”

Ët ass den éischte Schouldag fir de Pit an der Spillschoulsschoul an de Ronny léiert de Bouwen hir Mamm kennen. Respektiv, si erënnert sëch nach un hien wéi së mat him am Holland vun den 80′er Joren op Tour gaangen ass.

Lo gëtt hei mol direkt gestoppt. De Ronny an d’Clementine haten eppes mateneen firun ongeféier 25 Joer? Ech hoffe jo wirklech net, datt d’Auteurin eis lo net d’Gesetz vun der ëmgedréintener Pappeschaft erfëllt an deen ofgedroschen Klischee benotzt, datt de Ronny lo dem Saack a Pit säi Papp wärt sin. Op der Telé gëtt jo vill mat Zoufall geschafft, mee dat dote wär mer dann awer ë bessen zevill (Nodeem’s ech d’Enn vun der Episod gesin hun, kann ech och soen, datt sëch dat net eraus gestallt huet, fléiendem Spaghettimonster siëf gedankt).

Während de Pit an d’Samantha versichen an der Schoul z’iwwerliëwen (de Pit verkleed sëch als Batman an d’Samantha schéngt éischter u sénge Matschülerinnen interesséiert ze sin (méng Prognose aus der 2. Episod war also richteg!)), probéiren d’Sophie an de Saack de Ronny beim S.E.C.S. unzëmellen, der Sich nom EurovisiounsContestSuperstar oder sou, net enger “société en commandite simple” wéi vläit Entrepreneuren hätte kinnten dénken. Do sin dann de Gast Waltzing a säi Schoussmippchen, di deenen zwee ë Strëch duerch d’Rechnung wëlle maachen a verlaangen, datt de Ronny sélwer laanscht kënnt an eng Reih vun Autorisatioune mat bréngt, déi deen natirlech net méi huet. D’Helden vum Dag sin dann eisen dynameschen Duo, de Pit an d’Samantha, déi mat hirer Bastelschoulerfahrung mol direkt di néideg Ziëdelen photoshoppen.

Am grousse Ganze kann ech soen, datt och des Episod um filmtechnesche Niveau gekonnt weider mëcht. Gefaalen di mer d’Iwwergäng vun den Szenen (d’Mme Clemens seet, së duëcht de Ronny wir doud. D’Sophie entzwousch aaneschteres freet: “Doud?”), kléng Populärkulturreferenzen vun deenen ech ëmmer ë grousse Frënd sin (“Master Wayne” oder “It’s your choice, Sophie”) an sou, menger Meenung no komesch verstoppte Saachen, wéi dem Gast säi Schoussmippchen säi Brëll, deen anscheinend kéng Gliëser huet. Storytechnesch fannen ech datt d’Protagonisten mol ë bësse méi Profil kréien (d’Samantha këmmert sëch ëm de Pit, d’Sophie ëm de Saack), mee ech sin trotzdem nach ëmmer iwwerrascht, wéivill Reklamm fir Alkohol gemaacht gëtt. Mussen së bal alleguer permanent saufen? A weg., fir alles wat helleg an deser Welt ass, weist de Ronny net méi sou oft am Kalzong, dat huet de Publikum wirklech net verdéngt.

<- Comeback 1×04 “Wien ass hei de Chef?”Comeback 1×06 “Gehemmten Entwécklung” ->

This entry was posted in Entertainment, Kritiken, Kultur. Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>