Comeback 1×06 “Gehemmten Entwécklung”

Referenz fir den Episodentitel: “Arrested Development

“Ech wollt awer op méng Schokola- a Playmobil-Convention goen!”

Uiuiui, ech sin nach ëmmer zwou Episoden am Réckstand, iergendwann wärt ech bei der aktueller ukomm sin. Sidd gedëlleg, jonk Padawanen.

Den Titel passt natirlech rem punktgenau op den Inhalt vun der Episod (wiën hätt dat geduëcht?). Iergendwéi ass jhiddereen an enger gewëssener Hisiicht liicht behënnert. De Pit probéiert, wéi gewinnt, beim Sophie zë punkten a miërkt just luës, datt hien ëm nët ëmmer kann wéi ë Mippchen nolaafen a léiere muss och mol Nee zë soën. Mee am Fong geholl kann a wëll ën dat natirlech net. D’Sophie sélwer kritt net vill vu sénger Ëmwelt mat an denkt just un de Felix, deen him de Kuërf gin hat a probéiert sëch rem un deen erun zë maachen. Wat ëm härno och geléngt. An dat wahrscheinlech och just wéll de Saack ët net ka léieren sëch mol langfristeg un ë Meedchen zë bannen an direkt eppes mam Felix sénger neier Schécks (iergend sou ee 08/15-Model) ufänkt. An de Ronny leeft an deene polygonalen Bezéihungskëschten hin an hir a fillt sëch net fir sérieux geholl. No engem enttäuschte Liëwen spillt hien méi wi fräiwëlleg d’Roll vum klénge Kand, leeft mat séngem Petzi ronderem a klaut Schokola. D’Story hällt och éischter melancholesch op, wéi kee richteg op där Plaaz ukënnt, wou ën eigentlech hi wollt. De Ronny kann zwar rem gudd Musék maachen, mee muss sëch als éischt nach als erwuëssene Mënsch beweisen, de Pit ass nach ëmmer alléng an de Saack an d’Sophie siche rem Léift op lauter falsche Plaatzen. Deen eenzegen, deen sëch weider entwéckelt huet, schéngt de Bob hannert dem Comptoir zë sin, deen sëch net méi als Mary verkleed hued. War do eng Wett eriwwer oder hun ech eppes verpasst?

De Plot ass mol iwwerraschend sérieux an ët kinnt een ët scho bal als ‘nodenklech’ bezeechenen. Iergendwéi hun ech mëch un d’Gag’en gewinnt a fannen së mëttlerweil nawell witzeg. Mat der Petzicam de Ronny beim Undoen z’iwwerwaachen war duerchaus ë klénge “LOL” derwärt an dee blöde Video mam Aaf a mam Fräsch hun ech och op YouTube gesicht. Hätt ech dat léiwer nëmme gelooss!

<- Comeback 1×05 “Wéi ech deng Mamm kennegeléiert hunn”

This entry was posted in Entertainment, Kritiken, Kultur. Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>