Generatioun Juncker

No verschiddenen Texter (vum Max, vum Thierry, vum Manuel, vum Joël) hun ech och mol ë puër Gedanken zu deem Thema opgeschriwwen.

Eng vu méngen éischte Begéignungen mat der lëtzebuergescher Politik hat ech ongeféier am éischte Schouljoër, wann ech mëch richteg erënneren. Haut ging een dat 2. Cycle 1. Joër Grondschoul nennen oder sou. Muër vläit och rem aaneschters, kënnt drop un wat d’Politik décidéiert. Dat war sou ëm 1986 an ech hat an engem Molconcours eppes gewonnen. D’ganz Klass hat mat gemaacht bei deem Molconcours. Ech war den 2. gin (eng Reih aaner Kanner och). Ech weess nët méi wat ech gemolt hat. Ech hat ët domols, genausou och nach wi haut, just zimlech erstaunlech fonnt, datt iwwerhaapt een eppes vu mir gemooltenes ging gudd fannen, wéll ech an deem Konschtberäich iwwerhaapt keen Talent hun. Ech wosst domols schon, datt wahrscheinlech einfach iergend ë Lous mäi Schicksal décidéiert hat an dat Ganzt just als profiléirend Reklamm fir d’Politiker bei der Präisiwwerreechung geduëcht war. Kanner sin heiansdo naiv, mee nët onbedéngt domm.

Ech sin dunn mat méngen Elteren an de Staatsministère bei der Place Clairefontaine invitéiert gin a souss an engem klénge Sall mat enger Dozen aanere Familljen. Ech hu mëch wirklech op mäi Cadeau gefreet. Ët sollt sou ë kléngt Nintendospill sin (de Gameboy koum éischt 3 Joër mi spéit eraus, dee war fir d’Kommunioun). D’Spiller louchen a Kadospabeier agepaakt op engem Dësch am Eck. Während di ganzen Zäit ën éeleren Här do stoung a geschwaat huet, si méng Aan ëmmer rem op deen Dësch hi gewandert. Firwat hätten së eis nët kinnten als éischt de Präis iwwerreechen an dann d’Riëden haalen? Da wire mir Kanner wéinstens roueg a beschäftegt!

Méng Eltere sote mer, deen Här, deen do stoung zë schwätzen, wir de Santer. Dat huët mir nët wirklech weider gehollef, d’Spill louch nach ëmmer am Eck um Dësch. No ongeféier gefilltenen 3 Stonnen (a Réalitéit woren ët just 2 Stonnen) wor dunn dee “Santer” endlech mat sénger Riëd färdeg. Ech ka mëch net méi drun erënneren, wat ë sot, mee ët wärt deen üblechen politesche Bullshit-Bingo gewiëscht sin: “Kanner sin eis Zoukonft… blah blah… mussen an hir Kréativitéit investéiren… blah…” Ech kennen de Politschwätz aus den 80′er Joren nët, mee hautzudags wäre wuël Wiërder wi “Nohaltegkeet”, “Synergien” a “700.000 Awunner-staat” gefall.

Ët war eigentlech lo nët wirklech ë prägend Erliëwnis, mee wann ech richteg iwwerléen, hun ech och haut nach ëmmer dee nämlechten Androck vun der lëtzebuerger Politik. Aal Männer stin hannert engem Riëdnerpult, schwätzen iwwert Gott an d’Welt (nët onbedéngt an där Reihefolleg); op dat lo eng Podiumsdiskussioun an enger Bank oder ë Parteikongress am Centre Culturel vun engem kléngen Éislécker Duërf ass. Hir Paltongen richen no Zigaretten an Alkohol, ë Geroch, deen si a kléngen däischtere Kummeren mat giël/brong gemusterten Tapéiten opgegraff hun. Déi Kummeren wou si iwwert hir zoukënfteg politesch Projeten décidéiert hun. Nämlech, datt së näischt gingen änneren; ët war gudd sou, wi ët war. Wiëssel wor schlecht, wéll den Ausgang ongewëss. Sou hun ech mer dat ëmmer fir gestallt; ët ass fir mëch ë Sënnbild an Epitom vun der lëtzebuergescher Politik vum 20. Jorhonnert.

De Juncker war do anscheinend ganz aanescht.

1995 hat ech 15 Joër, Lëtzebuerg war Kulturhaptstad, pardon Haptstad vun alle Kulturen (wéi dat domols politesch korrekt geheescht huët) an ech hu mëch nët immens fir Politik interesséiert. Dat ass éischt ë puër Joër mi spéit geschidd, wou ech fir d’éischte Kéier konnt mat wiële goen. Ee Numm, deen een iwwerall héiren huet, wor ëmmer dee vum Juncker. Wee wor dat eigentlech? Kloër, dat ass eise neie Premier, souvill wosst och ech. Mee wat genau huët hiën ausgemaacht? An deene Joren duerno huët sëch mir ë relativ vast Bild vun dëser Persoun présentéiert. Hië wor iergendwéi aanescht, wi di aal Hären firdrun. Ët wor ë frësche Wand am Spill. Aaneschters wi déi firdrun, huët hien oft no sénger Nuës geschwaat an aaneren séng Meenung kond gin. Wou firdrun alles ëmmer an di nämlecht Routine gefall ass a keen engem op d’Zéiwe getrëppelt ass, fir datt dat Nämlecht nët och mat engem sélwer ging geschéien, huët de Juncker uge-eckt. Hiën huët “deenen do uëwen” mol séng Meenung gesot (obschons hien sélwer ganz uëwe wor). Dat huët mer gefall, datt huët och dem klénge Mann vun der Strooss gefall, dat huët all Lëtzebuerger gefall.

An dann all di Plaatze wou ën zë gesi wor an all di Leit mat deenen ën zë gesi wor. Hien ass duërch ganz Europa gereest an huët jhidderee kannt. Hië war op per du mam Kohl an huët souguër Interviewen op der däitscher Telé gin! Ë Lëtzebuerger am Ausland op der Telé! Dat huët dem nationale Mannerwärtegkeetsgefill gudd gedoën! Endlech gëtt ët och ë Lëtzebuerger, deen op der Weltbühn kann optriëden a vun enger Versammlung mat deene Groussen an di nächst reest. A wat huët ën sëch och fir Europa agesaat?! All Kéiers, wann rem ë Miesepeter géint d’EU oder den Euro gemeckert huet (gedu, Groussbritannien), wor hien direkt do! Hië wor de Mr. Euro, huët mam Schroeder a mam Chirac, Merkel a Sarkozy gepotert a Sonndes Owes wor ë rem an enger Talkshow op der ARD. Wat hun d’Lëtzebuerger gegrinst, wann ë rem ee Sproch lass gelooss huet oder dem Berlusconi heemlech mat der Hand op d’Glatz geklappt huet.

Bei de Wahlen 2004 ass mer dunn eppes komesches opgefall. An de Méint firdrun hun ech duerchaus negativ Artikelen iwwert de Jean-Claude Juncker geliës. Natirlech woren déi Texter aus engem Deel vum politesche Spektrum, deen ee lo nët als “noh” zur CSV konnt bezeechnen, mee trotzdem duëcht mer, nujee, da war ët dat alt mam Juncker, ën hat eng schéin Zäit, mee wië weess, wat no de nächste Wahle kënnt. Wat koum, wor de Juncker. Natirlech, sin déi, di am härtste blären, nët onbedéngt ëmmer an der Majoritéit. Dat wor fir mëch eng Ursaach fir dat gudd Ofschneiden vun der CSV an deene Wahlen. Aanerersäits hun ech a méngem Ëmkrees awer och vill Leit héiere soën: “Jo, wien solle mer da soss wiëlen? Zum Juncker gëtt ët jo einfach kéng Alternative!” Dat wor ë Prinzip, mat deem ech nët averstaane war. Eng Persoun zë wiëlen, wéll ee mat hirer politescher Vue d’accord ass, wor eng Saach. Eng Persoun zë wiëlen, just wéll së dat mi kléngt Iwwel ass, eng aaner. Ech hun ët interessant fonnt, datt de Juncker ët tatsächlech färdeg bruëcht hat, séng Persoun op eng Positioun zë maneuvréiren, di komplett ausserhalb vum politesche Spektrum stoung. De Lëtzebuerger huët de Juncker nët gewiëlt, wéll hien vun ëm iwwerzeegt war oder ën ë fir dee richtege Mënsch op der richteger Plaatz fonnt huet, mee einfach just wéll hien de “Juncker” war. Datt ë gewiëlt gouf, wor iwwerhaapt kéng Fro. Ech hun dat nët gudd fonnt; Persounen, di sollen aaner Persounen représentéiren a vun hinne gewiëlt gin, sollten och versichen sëch ëm deenen hir Gonscht zë bewerben. Eng Positioun, di ëmmer fest steet, onofhängeg vum aktuelle politesche Wand, ass nët nëmmen ongesond, mee kann och zu engem kompletten Vu-sëch-sélwer-iwwerzeegt-sin féieren. Dat Ganzt ass mer an eng geféierlech Richtung gaangen. Dat Gefill huët sëch bei mir verstärkt, wéi 2009 rem dat Nämlecht geschidd ass.

2005 wor fir mëch dunn ë Wendepunkt an der Art a Weis, wéi ech de Premier gesin hun. Méintlaang ass Reklamm gemaacht gin, fir beim Referendum iwwert d’EU-Verfaassung mat Jo zë stëmmen. Ech hun dat als eng positiv a wichteg Kampagne gesin; d’Vollek sollt sëch wirklech domadder auserneen setzen, fir kënnen eng ordentlech Grondlag vun engem modernen Europa zë bilden. Mam Text vun der Verfassung sélwer wor ech awer deelweis nët averstaanen. Wéi genau sollt ech also wiëlen? Sollte mëch di positiv Aspekter iwwerzegen a mëch zu engem Jo verleeden oder kinnt ech mëch genuch un deenen negativen Aspekter stoussen a mat Nee ofstëmmen? Dat wor nët einfach, mee ech wor frouh, datt mol endlech dat europäescht Vollek gefrot gouf, wéll och haut nach gëtt d’Demokratie op EU-Niveau (ofgesinn vum EU-Parlament) relativ kléng geschriwwen. Eng Konstitioun fir d’Vollek a vum Vollek décidéiert.

Mee du koum d’Bomm. Nodeems sëch a ganz Europa eng ëmmer méi negativ Meenung iwwert d’Verfassung breed gemaacht huet, wéll ower di negativ Ajouten iwwerweit hun, sot de Juncker zum lëtzebuerg Vollek: “Entweder dir wiëlt mat Jo oder ech gi ménger Wee!” Dat wor fir mëch eng erschreckend Ausso, wéll së eendeiteg als Erpressung z’identifizéire wor. Ech duëcht mer, wien ass dee Mann, datt hien kann ë ganzt Vollek forcéiren an enger demokratescher Ofstëmmung (sou eng, di hiën zum Premier gewiëlt huët an där hien sollt dankbar sin) sou of zë stëmmen, wéi hien ët gär hätt? Dee Moment war ët bei mir kloër eriwwer an ech hat décidéiert, mat Neen of zë stëmmen (dat heitent ass och di eenzeg Kéier, wou ech soën, wéi ech bei enger Wahl ofgestëmmt hun). Ech verhandele nämlech nët mat Erpresseren. Dat wor eng Denkweis, vun där ech duëcht, datt aanerer së och gingen deelen. Aanerer, di dee Moment genausou enttäuscht vum Juncker ware, wéi ech. Domat stoung ech anscheinend awer zimlech alléng a méngem Bekanntekrees duër. “Jo, wat solle mer da soss wiëlen? Zum Juncker gëtt ët jo einfach kéng Alternative!” Di aal Leier alt erem. “Wiëssel ass schlecht.”

Zënter deem Moment stoung ech dem Här Juncker zimlech kritesch géigeniwwer. Ëmmer méi kléng Faux-pas’en a fragwürdeg Décisiounen si mer opgefall. Dee Standpunkt “Wann ët eescht gëtt, muss ee léien” wärt wuël all Politiker behärzegen, mee fir dat öffentlech op der däitscher Telé bekannt zë gin, kéim am Ausland quasi politeschem Suizid gläich. Beim Juncker léisst een dat duërch goen, wéll… hien ass jo de Juncker. Wann ee jorelaang an der Affär Bommeléer (iwwregens eng Affär di och vun 1986 ass, siehe 1. Paragraph) zwee- bis dräi-deiteg Aussoën an de Medie mëcht, ouni eppes Konkretes zë soën an een d’Vollek vun enger Saakgaass an di aanert féiert, fannen ech dat méi wi fragwürdeg. Wann sëch doraus rëm weider Affären erginn (Krise vun 2008, opgeholle Gespréicher, Geheimdéngscht, etc…) an ee kéng Responsabilitéit unhëllt, obschons een zanter 18 Joër Staatsminister an domat Chef vun all deenen implizéierte Servicer a Persounen ass, fannen ech dat just nach lächerlech. Gëtt ët wirklech nach ëmmer kéng Alternative? Ass Wiëssel nach ëmmer schlecht, sou wéi mer dat schon zënter iwwert engem halwe Jorhonnert fir gepriëdegt kréien? Firwat nët einfach mol d’Vollek décidéire loossen?

Ma d’Vollek ka jo décidéiren an zwar bei de nächste Wahlen! 2014 (mer sin 2013) wärt ech awer och rëm wëssen, wéi d’Resultat wärt ausgoën. Dee schon uëwen erwähnte Mannerwärtegkeetskomplex vum lëtzebuergesche Vollek erlabt ët ëm nët, Courage zë weisen an sëch mol ë Wiëssel zë trauen. De Lëtzebuerger meckert léiwer um Staminet, wat “déi do uëwe” rem fir ë Blödsinn maachen, mee am Wahlbüro léisst een sëch léiwer nët op Experimenter an. Wiële geet ee nämlech moies, wann ee nach niichter ass. An an där enker Wahlkabinn, wou ee lénks, riëts a firun sëch eng schwarz Wand gesäit, freet een sëch op eemol, op ët nach mi schlëmm kinnt kommen. Vläit kinnt ët jo och besser gin, mee firwat iwwerhaapt ë Risiko agoën, wann ee rem op di nämlecht Plaatz ë Krop kaa machen, wi di Kéier firdrun?

Ët weess ee nämlech, datt iergendwann och de Juncker zë aal fir d’Politik gëtt a spéitestens dann, gëtt ë neie Premier gewiëlt. Iwwerloosse mer dat léiwer einfach der nächster Generatioun. Ët huët een sëch lo sou laang un ë gewinnt, firwat iwwerhaapt no Alternative sichen? Ech färte just, datt d’Junckeriséirung vun der lëtzebuerger Politik iergendwann ë grousst Lach wärt hannerloossen, dat nët einfach zë fëlle wärt sin, wéll sëch ë ganz Vollek un dese Status quo gewinnt huet an dee Moment nët wéisst, wouhin. Mee ët wollt jo kee Wiëssel, wann dee nach méiglech ass, wéll Wiëssel ass nämlech anscheinend schlecht!

Addendum: De Magazin Forum huët ë nawell zimlech interessanten Artikel iwwert de Personnage vum Jean-Claude Juncker.

This entry was posted in Divers. Bookmark the permalink.

2 Responses to Generatioun Juncker

  1. Pingback: #GeneratiounJuncker | Gudde Mëtteg

  2. It’s great that you are getting ideas from
    this paragraph as well as from our dialogue made here.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>