Lëtzebuergesch Internet-Archeologie: Ë Projet

Dësläscht gesouch ech (den Imparfait gëtt am Lëtzebuergeschen vill zë mann benotzt) op Facebook, datt wuël iergend een ën aale Backup vun party.lu muss fonnt gehat hun. Op enger Fanpage gi lo luës a luës all di aal Photoen zréck bis 1998 gepost, inklusive dem Taggen vun de Leit, wat deenen wuël méi oder manner angenehm wärt sin. Dat hat mëch rem drun erënnert, datt ech ët schuëd fannen, datt oft aal Säiten verschwannen, wann ë Content-Provider zou mëcht, wéi dat lo fir d’läscht bei Geocities de Fall war. Ee vun deenen éischte Servicer, wou ee konnt gratis eng Websäit online stellen (ech hat do, wann ech mëch richteg erënneren, 1997 oder 1998 eng hi gesat). Ech kenne Mënschen, di mi jonk sin, wi verschidde Websäiten op deem Site. Eng grouss Hëllef, fir Verluërenes rëm zë fannen, ass natirlech den Webarchiv. Mee och, wann een do alt deen een oder aanere Schnappschoss vun enger Websäit kann entdecken, informéiert ën awer nët direkt iwwert dat, wat d’Leit an där Zäit och wirklech gekuckt hun. Informatiounen iwwert den Zäitgeescht an di Säiten, di grad “in” woren (ech weess, Anglizismen sin “out”), fehlen do. Besonnesch Lëtzebuerg ass a punkto Internet-Archeologie nach éischter Entwécklungsland.

Fir ët zoukënftegen “Cyberhistoriker” (“cyber” ass och sou ë Wuërt wat eigentlech just an de 90′er benotzt gouf) mi einfach zë maachen, wärt ech a nächster Zäit probéiren, e klénge Résumé vun deene läschten 20 Joër Internet zë zéien; opmannst, wat de lëtzebuergeschen Deel dovun betrëfft. Domat era bezéihen wärt ech all Säit, di iergend ee Rapport mat Lëtzebuerg hat; nët nëmmen Säiten di ënnert dem lëtzebuergeschen TLD “.lu” gelaf sin. Ménger Recherche bei dns.lu no, ass de lëtzebuergesche Registrar 1992 vun der Restena gegrënnt gin (ech hat irrtümlecher Weis ëmmer 1995 am Kapp). Ech wärt dat Ganzt chronologesch ufänken, am Ufank wahrscheinlech ë puër Joëren pro Artikel bündelen an éischt bei mi rezente Joren splécken. Ët wärt ëm Villes goën: den “Rise and Fall” vun de “killer nightlife reporting”-Säiten, de groussen TLD-Massaker vun 2001, di éischt zaghaft Online-Versich vun der lëtzebuerger Press a nach villes méi.

Wann der Suggestiounen, Bemiërkungen oder soss welch Informatiounen hudd, wou der méngt, dat misst onbedéngt dozou gehéiren a fir d’Nowelt erhaale bleiwen, da schreiwt ët mer an d’Kommentaren. Ech si gespaant, wat doraus gëtt!

Addendum: Ech wärt dat Ganz nët strikt chronologesch tesselen, mee thematesch. Verschidden Themen kann ee nët pro Joër begrenzen.

This entry was posted in Internet & PC, Kultur. Bookmark the permalink.

4 Responses to Lëtzebuergesch Internet-Archeologie: Ë Projet

  1. Thierry says:

    Ech fannen dat eng interessant Idee. Ausser party.lu fällt mir virun allem Luxusbuerg als deen anere grousse Site an, op deem d’Jugend vill Zäit verballert huet (ouni deen Chat hätten ech a meng Kolleegen et wahrscheinlech ni duerch eng Infosstonn gepackt ouni bei där bescheuerter Logo-Schildkröt de Verstand ze verléieren).

  2. pa says:

    Oh Gott, un de Luxusbuerg hat ech scho guër nët méi geduëcht. Am #computers (dat wor ën Chatroom, keen Twitter-Hashtag) wor ech eng Zäitchen “op”. Dat muss sou ëm di 1999/2000 gewiëscht sin.

  3. benem says:

    Coooool! Go for it

  4. benem says:

    Nach e puer méi oder wéineger Kult-Saiten aus menger Internetjugend:
    - okay.lu
    - luxusbuerg.lu
    - party.lu
    - gaming.lu

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>