Lëtzebuerg um Internet: Den Ufank, Deel 1 (1)

Dat wat di meescht Leit haut mam Internet verbannen, ass den World Wide Web. Dee gouf awer éischt 1991 op d’Bee gesat, den Internet hat dee Moment sélwer schon technesch gesin 22 Joër. Am Ufank wor ën als amerikaneschen Universitéits- a Militär-projet natirlech nach nët sou international wi ëlo, mee spéitestens an den 80′er Joren sin och an Europa eng Reih Usergruppen entstaanen. Dat war deemols (ausserhallef vun Universtitéitszentren) wahrscheinlech nët sou einfach drun zë kommen, wéll opmannst an Däitschland Modemen (fir iwwert d’Telefonsleitung eng Dateverbindung opzëbauen) deelweis verbuëde waren. Ech huëlen un, datt di lëtzebuergesch Post do wuël kaum méi fortschrëttlech wor.

Wat fir Servicer goufen ët dann domols um Internet? Dee berühmtesten ass natirlech d’Email. Wiën lo genau di éischt lëtzebuergesch Email geschriwwen huët, wärt wuël kaum méi fest zë stelle sin; weider Informatiounen do driwwer konnt ech och nët fannen.

Een aanere Service, deen éischt spéider an den 80′er a 90′er Joren an den Internet intégréiert gouf (nodeems ën zënter 1980 an eegene Réseau’en existéiert huët), ass den Usenet. Di mannsten wärten hautzudags de Usenet mat sénge Newsgruppen nach kennen; séng Fonktiounen goufen am läschte Jorzéngt gréisstendeels duërch Websäiten iwwerholl. Wat een sëch drënner fir stelle kann, ass eppes wi eng Zort thematesch getesselt Mailinglëscht. Ët hat een ë Newsclient (bei verschiddene Mailclients wor een dobäi) mat deem een op ë Server zougegraff huët (z. Bsp. news.individual.de/). Dann kruut een eng Lëscht mat alle verfügbaren Newsgruppe geliwwert. Déi waren a sougenannt “Hierarchien” gegliddert, z. Bsp. de.* fir däitschsproocheg Gruppen, news.* fir Noriichten, comp.* fir Computerthemen. An den 90′er ass och eng lu.* fir Lëtzebuerg entstaanen, ët woren awer leider nët vill Newsserveren, déi di Hierarchie gefouert hun.

Di am meeschten vu Lëtzebuerger benotzten Newsgrupp war alt.letzebuerger. Dee Grupp ass 1993 entstaanen a wahrscheinlech vun ETH-Studente gegrënnt gin. Ëm d’Jordausendwenn hat di Diskussiounsronn nawell eng ganz Reih Stammschreiwer di all Woch eng ronn Dozen Diskussiounen lancéiert hun (méng Wéinegkeet wor och dobäi). Wiën interesséiert ass, fënnt dee gréissten Deel dovun bei Google Groups erëm. Dëse läschte Link féiert och zum Gronn, firwat de Usenet hautzudags quasi nët mi vill benotzt gëtt. D’Newsserveren haate meeschtens just ën Noriichtenarchiv vun 2-4 Wochen, wann een eppes mi Aales wollt nosiche goën, huët ee missten entweder op den eegenen Archiv zougräifen (deen een all puër Deeg sélwer aktualiséiert huët) oder op verschidden Websäiten, di hir Datebanken mat enger Reih Newsserven synchroniséiert hun. Eng vun deene gréissten Säiten war deja.com. No finanzielle Problemer war dee Site un eBay verkaaf gin a Google huët hir Newsdatebank 2001 iwwerholl. Deja News gouf dunn a Google Groups integréiert, ee Grond, firwat vill Leit hautzudags méngen, datt Newsgruppen dat nämlecht wi Webforen wiren. No engem groussen Influx vu neien Useren, di guër nët iwwert di traditionnel Systemen op d’Newsgruppen zougegraff hun, mee iwwert Websäiten an sëch deem entspriëchen och nët un di üblech Netiquette gehal hun, sin di aal Stamm-liëser a -schreiwer op aaner Plaatzen ausgewandert. alt.letzebuerger ass mëttlerweil zimlech verwaist, mat mol kénger Dozen neier Noriichten d’Joër.

This entry was posted in Internet & PC, Kultur. Bookmark the permalink.

One Response to Lëtzebuerg um Internet: Den Ufank, Deel 1 (1)

  1. Joël says:

    Ech hunn dat réischt elo gesinn (Iergendwéi stinn ech säit e puer Méint op Krichsfouss mat Feedreader), dofir elo réischt: spannend Idee, interessant Thema, ech hoffen do kennt demnächst da nach méi!

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>