Rezepter uëchtert d’Joër

Ech weess, lang war näischt méi hei zë liësen, duerfir séier ë Rezept vun eppes, wat ech grad gemaat hun. Genau dat Richtegt fir an der Summerhëtzt!

Toblerone-mousse

250g Mascarpone
100g Toblerone (oder eng Staang)
3 Eegiël
2 Eewäiss
70g Zocker
1dl Rahm
100g zergrimmelt Petits-Beurren (mat Mëllech oder Botter)

De Schokola zum Schmëlze bréngen (bain-marie oder Mikrowell).

D’Petits-Beurren mam Botter oder der Mëllech zerdrécken an ën Deeg draus maachen.

D’Eewäiss zu Schnéi vermixen. D’Eegiël mam Zocker mixen an dann de Mascarpone luës drënner vermëschen. Uschléissend de flëssege Schokola drënner hiëwen. Dann mat der Schlagsahn (vum Rahm) an zum Schluss dat nämlecht mam Schnéi maachen.

Dann mat engem Deel vun der Masse de Buëdem vun enger Schossel bedecken, den Petits-Beurre-Deeg driwwer léeën an de Rescht vun der Mousse luës driwwer schëdden. Als Dekoratioun kann een dann nach Kakaospudder wi bei engem Tiramisu driwwer pudderen. No ë puër Stonnen am Tiefkühler: genéissen!

This entry was posted in Personal & Hobbies. Bookmark the permalink.

One Response to Rezepter uëchtert d’Joër

  1. Murel says:

    Klengt Miam! Muss ech mol probeieren. Merci fird Rezept. Nierwelaascht kemmers du dech em d’ Blogbuerg? Firwaat gin meg Post net ungewisen? Sin schon 2 nei Post raus…dei guer net ungewisen gin… wann net fill dech net ungeschwaat…Merci LG Murel

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>