- Géi an d’Kabinn a ruff haard “So mol ee STOP!”
- Je no Bezirk, benotz ë Wiërfel mat 7, 9, 21 oder 23 Säiten.
- Fro virdrun no enger Taass Kaffi a lies am Kaffisaatz.
- Fro dee firun der, wat ë gewiëlt huet. Wann ën äntwert, kuck op de Buëdem a maach d’Kräitz.
- Oder kuck ëm fir 2 Sekonnen ganz eescht riicht an d’Gesiicht a laach dann hard.
- Benotz de Bläistëft an enger Kabinn an den Wahlziëdel an enger aanerer.
- Fro, op’s de ë Wahlziëdel vun déngem eegenen Design kinns benotzen. Fänk un ën DIN-A0-Blaad auserneen zë faalen.
- Insistéier, dass de just mat rosa Wuëssfaarwen kinns wiëhlen.
- Fro dee no dir nom PIN-Code vu séngem Handy, multiplizéier dat mat der Unzuël vu Leit, di an der Reih stinn a wiël dementspriëchend kreativ.
- Wahlziëdelorigami.
- Wann’s de däi Konvokatiounsziëdel weis, fro no Zoufallszuëlen. D’Chance sin di nämlecht wi beim Lotto.
- Stolzéier mat enger Uniform a Gewiëhr an de Wahlbüro a buchstawéier däi Numm haart am Nato-Alphabet. Kuck dobäi riicht op d’Mauer a klaak um Enn d’Féiss beieneen.
- Wärf däin Ziëdel an d’Urn a fro op’s de nach kinns Fritten an eng extra grouss Cola dobäi kréien.
- Reklaméier, datt den Däischtere Meeschter op Nummer 666 fehlt.
- So ën erfonntene Numm a fro d’Leit, wéivill së der ginge gin, wann’s de dee wiëls.
- Fro jhiddereen, op së kënnen erooden, firwat’s de komm bass. So all Kéiers “Pssssssst!” wann së dat Wuërt “wiëhlen” benotzen. Kuck verdächteg ronderem dëch.
- Telefonsjoker.
- Hal däin Handy bei d’Ouer, ruff haard “Pardon, ech hu mëch verwiëhlt” a laach dann haart. Fro jhiddereen eenzel, op ën de Witz verstaanen huet.
- Fro, op së an engem aanere Wahlbüro besser Konditiounen hun, z. Bsp. aaner/méi Kandidaten oder eng bequem “Wahlfotell”.
- Brëll bei all Kräitz, dat’s de mëss, ën Zitat aus dem “Brunnen” vum 5e-Däitschcours.
- Schwätz mat all de Leit an der Reih ouni Verben zë benotzen.
- Rull dëch um Buëdem a blär “d’Stëmme wëllen datt ech CSV wiëlen” a géi an eng fötal Stellung.
- Wiëhl de SREL; dee lauschtert engem wéinstens no.
- Huël den éischte Numm um Wahlziëdel a fro d’Leit am Wahlbüro, op s’ët wirklech kënne gleewen, datt déi Persoun sëch opgesat huet. Widderhuël dat mat all deenen aanere Nimm.
- Fro, a wéi enger Sprooch’s de d’Kräitzer solls maachen.
- Bastel der aus Sëlwerpabeier eng Mutz an déi di un. Benotz Händchen a gëff jhidderengem zë verstoën, datt “SI” soss déng Fangerofdréck an DNS eraus fannen.
- Fro, op’s de och nach däi Choix fir di läscht Wahlen rem kinns réck gängeg maachen.
-
Archives
- September 2016
- October 2015
- January 2015
- December 2014
- November 2014
- October 2013
- August 2013
- April 2013
- February 2013
- November 2012
- October 2012
- March 2012
- January 2012
- December 2011
- September 2011
- June 2011
- December 2010
- August 2010
- July 2010
- June 2010
- May 2010
- April 2010
- February 2010
- January 2010
- October 2009
- September 2009
- August 2009
- July 2009
- May 2009
- March 2009
- February 2009
- January 2009
- December 2008
- November 2008
- October 2008
- September 2008
- August 2008
- June 2008
- May 2008
- April 2008
- March 2008
- February 2008
- January 2008
- December 2007
- November 2007
- October 2007
- September 2007
- August 2007
- July 2007
- June 2007
- May 2007
- April 2007
- March 2007
- February 2007
- January 2007
- December 2006
- November 2006
- October 2006
- September 2006
- August 2006
- July 2006
- June 2006
- May 2006
- April 2006
- March 2006
- February 2006
- January 2006
- December 2005
- November 2005
- October 2005
- September 2005
- August 2005
- July 2005
- June 2005
- May 2005
- April 2005
- March 2005
- February 2005
- January 2005
- December 2004
- November 2004
- October 2004
- September 2004
- August 2004
- July 2004
- June 2004
- May 2004
- March 2004
- February 2004
- January 2004
- December 2003
- November 2003
- September 2003
- August 2003
-
Meta
dat as witzeg!!