Jo, dese Blog liëft nach! No iwwert engem Joër Abstinenz, gouf ët lo uërg Zäit, datt hei rem eppes stoë kënnt. Méng kuërz Visit op der Expogast 2014 huelen ech alt mol duerfir als Ulass.
Ech fänke lo net un, wi di neiste Blogger-Generatioun zu Lëtzebuerg, iwwert Iessen zë bloggen. Ech wärt mëch och net woën, kulinaresch Kritiken vun den Exponaten zë schreiwen. Duerfir fehlt mer di gastronomesch Expertise an dat kënne genuch aanerer vill besser. Ech probéire lo éischter mol méng Andréck vun engem populär-kulturelle Point-de-vue op zë lëschten.
Wat ee natirlech am éischten beandrockt, sin di immens opwänneg Liëwensmëttelskulpturen, di engem presentéiert gin. Gehéiert fir mëch perséinlech net onbedéngt zu engem kulinareschen Erliëwnis, mee ass nët manner impressionant. Verschidden Delikatessen goufen hei benotzt, wi z. Bsp. Kéis oder, am Fall vum taiwanesche Bäidrag, Colocasia esculenta, enger Planz/Wuërzel, vun där ech bis ëlo nach ni eppes héiren hat.

Ët gouf deen Owend och ë Kachconcours, fir deen een am Viraus konnt Ticketen bestellen. Ganz flott konnt een de Käch nokucken, wéll all Kichen (fir di verschidde Nationalmannschaften) grouss Fënsteren haten. Hei gesäit een z. Bsp. ën Dessert, deen aus enger Mini-iwwerdosis Schokela an Hambiër besteet.

De lëtzebuergesche Menü, dee nawell och zimlech appetitlech ausgesin huet, gouf anscheinend mat lëtzebuergeschem Vodka zervéiert, wéi des Vitrine ee gleewen deet.

Rem zréck bei der Expositioun ass mer dunn nach dest italienescht Meeschterwiërk opgefall, dat aus Shortcake besteed.

Erstaunt war ech och iwwertd’”Provencale”, di eng ganz Haal gelount an aménagéiert hat, inklusive Aquarium vun engem James-Bond-Bösewicht.

An iergendwéi haten së och de Fausti entzwousch erem fonnt (Stëchwiërder: produits du terroir, aged).

P.S.: Ech wärt mëch wuel demnächst no engem neien Designtheme fir des Säit mussen ëmkucken, wéll am Moment passe vill Biller optesch net gudd bei den Text.
dat as jo délicieux
Nondikass, impressionant Geschier do dobäi – virun allem déi taiwanesesch Skulptur.
Ech stelle mer grad fir, ewéi de Fausti virun engem Glacebutték steet an säin overgiesslechen Hit “Zwou Bulle Mocka” séngt.
Hopefully I’d be as good ass you someday
Ԝow, amazing weblog format! How long have you ever been running a ƅloig fⲟr?
you made blogging look easy. Tɦe entіre glancee of your site is wonderful,
as smartly as the content materiaⅼ!