Zoukonfts-schock

Haut fänkt rem ë neit Joer (2015) un a genau, wi firun 365 Deeg, ass rem jhidderee gespaant, wat di nächst 12 Méint eis wärte bréngen. Di läscht Joren a Jorzéngten hun eis eng ganz Reih Verännerunge bruëcht, gudder a schlechter. Fir dest Joër wir fir Lëtzebuerg do z. Bsp. just der puer erwähnt, wi d’Hausse vun der TVA oder d’Bestiëdnis fir gläichgeschlechtlech Koppelen. Ech gi lo kéng Wärtung of, wat “gudd” oder “schlecht” wir, wéll ech éischtens keen Expert sin, weder an der Ékonomie, nach am Sozialen a beetens, wir eng Kategoriséirung egal wéi réng subjektiv. Wat ech awer fir wichteg halen, ass, datt d’Mënschen sëch mat Verännerungen sollen aussernee setzen, um individuelle a genau sou um gesellschaftleche Niveau.

Ee vun de gréisste Problemer vun eiser Zäit, ass datt sëch ganz Populatiounen géint des Verännerungen sträuben, siëf dat lo op engem generationellen, intellektuellen oder gesellschaftleche Niveau. Als Beispill ging ët duër goen, sëch rtl.lu-Liëserkommentarer un zë kucken. Di weisen normalerweis ën extrem déiwen Level vun Intelligenz, mee stin trotzdem stellvertriëdend fir eng allgeméng Meenung (déi Zort, di een am Bistro um Comptoir ka matkréien). All Changement un eiser Liëwenskultur gëtt direkt kritesch bekuckt a fir schlecht empfonn. “Fréier hätt ët dat net ginn! Do wuer alles besser!” War ët dat wirklech? Gouf nët éischter just manner driwwer geschwat? Huët sëch net just eis Diskussiounskultur konnte méi entwécklen, déi verschidden Tabuthemen salonfäheg gemaacht huet?

All Verännerung soll a muss kritesch betruëcht gin. Wat net ka fonktionéiren, ass direkt wëllen dogéint zë stëppelen, wéll engem ë bestëmmten Aspekt dovun net passt. Eng statesch Welt ass net méiglech an ën Ofschiërmen dréit just dozou bäi, datt een sëch sélwer härno net méi kann erëm fannen. Vill Konflikter, di haut op der Welt existéiren, bestinn awer am Grondkär genau aus deem Problem.

Changementer sin inevitabel. Ee vun deene gréisste Changementer a läschter Zäit, ass d’Vitesse mat där des Verännerunge statt fannen. Den Zoukonfts-schock ka vu ville Leit net mi séier genuch verdaut gin.

Wat genau ass eigentlech dee Phänomen, deem säi Numm den Titel vun desem Artikel ass? Ët ass de Changement am Verhaale a Fonktionéire vun enger Gesellschaft, deen sou grouss ass, datt fréier Generatiounen ë net méi ginge verstoen. Bis firun ë puer honnert Joer wor dese Wiëssel normalerweis iwwert 4-5 Generatiounen verdeelt a konnt sou op engem individuelle mënschleche Niveau a genau sou fir komplett Populatiounen ofgeschwächt gin.

D’Kanner vun der Generatioun A, hu liicht aanescht geliëwt wi hir Elteren (a punkto Liëwensqualitéit, Mentalitéit, Technologien, etc…), mee hun sëch awer net sou vill vun hinnen ënnerscheed, datt een së net nach kinnt zu hirer Welt dozou ziëlen. De Kanner vun der Generatioun B ass rem dat Nämlecht widerfuër a sou weider… Ë grousse Changement huet sëch sou iwwert vläit ë ganzt Jorhonnert ewech gezunn, mee op engem mi klénge Niveau tëschent zwou Generatiounen wor keen Ënnerscheed zë gesin. Éischt vun der Generatioun E oder F un wir d’Generatioun A schockéiert gewiëscht, fir zë gesin, wéi di liëwen.

Mam Opkommen vu neien Technologien a gesellschaftlechem Wandel (Ofschaafen vum Feudalismus a Sklaverei, Industrie, Transport, Kommunikatioun…) woren d’Méiglechkeeten do, des Changementer mi séier an d’Wéeer zë leeden. Am 18.-19. Jorhonnert wor den Zoukonfts-schock schon op 2-3 Generatioune geschrumpft. Den Ënnerscheed am Zäitgeescht vun de Joren 1700 an 1800 war manner grouss, wi deen tëschent 1800 a 1900. Wann ee weider geet, ging ech souguer behaapten, datt ën Ënnerscheed mat der nämlechter Envergure vun 1800-1900, duerno schon vun 1900 bis 1950 existéiert huet (zwee Weltkricher hu natirlech och net gehollef, d’Gesellschaft net op d’Kopp zë stellen). An duerno huet d’Beschleunegung zougeholl an dauert bis haut un.

Wann een den Zäitraum 1900-1950 hëllt, sin dat just zwou Generatiounen an deenen sëch d’Welt zimlech vill verännert huet. Dat heescht, datt hei Grousselteren d’Welt vun hiren Enkelkanner méi wi just skeptesch gesin, vläit souguer net mi richteg kënne verstoen. Natirlech ass d’Mentalitéit vun enger Persoun ni statesch, mee probéiert sëch der Zäit un zë passen. Dat kann awer och just zu engem Deel geléngen, wann een an enger Zäit opgewuëss ass, di dat nach net gewinnt wor. Ët kann een engem net richteg ë Virworf maachen, wann ee Mënsch net mat engem Paradigmewiëssel d’Accord ass; schliesslech gin sou Ännerungen oft géint ganz Weltbiller fir, wou een sëch härno kann zimlech alléng gelooss fillen. Net desto trotz, ka keen de gesellschaftleche Wandel verhënneren a muss sëch ebe sélwer domadder ausernee setzen an eens gin.

Dëst Akzeptéiren vum Wandel (net onbedéngt vum Inhalt, mee réng vum Fakt datt Wandel statt fënnt), kinnt eng Reih Konflikter op der Welt scho léisen oder opmannst verkléngeren. Ë Fait, deen duerch den Accelerando vum Zoukonfts-schock ëmmer mi wichteg wärt gin. Wa mer nom 2. Weltkrich bei enger Längt vun 2 Generatioune louchen, ging ech behaapten, datt mer mëttlerweil bei enger eenzeger Generatioun ukomm sin. Duërch d’Benotzen vu neien Technologien (besonnesch Internet a Smartphonen) kënnen hautzudags Informatiounen, Meenungen a Noriichten (déi all zum Wandel bäidroën) am Nu iwwert de ganze Planéit verdeelt gin. Di heiteg Teenagergeneratioun ass mat dese moderne Medien opgewuëss a benotzt së wi selbstverständlech, d’Generatioun vun de “Millenials” (1979-1995, fréier och nach “Generatioun Y” genannt) hat och kee Problem domat, mee huet sëch awer scho missten aktiv domat auserneen setzen, fir së zë verstoën. Di Generatioun firdrun (“X”) dogéint huet së just luës a luës akzeptéiert a steet hinnen zu groussen Deeler zimlech skeptesch entgéint. D’Nookrichsgeneratioun gesäit di modern Kommunikatioun gréisstendeels negativ, oft wéll së së net versteet. Ech wëll natirlech net verallgeméngeren, wéll ët ëmmer Exzeptioune gin, mee gréisstendeels misst dat eng richteg Aschätzung sin.

Ët wärt fir eis immens wichteg gin, sëch op dat Phänomen vum Zoukonfts-schock kënnen an zë stellen, fir net mussen komplett vun ëm iwwerrascht gin an doduërch d’Schlappen zë verléiren. Den Accelerando wärt nämlech nach zu eise Liëwzäiten (ech schätzen 20-30 Joer) d’Schwell vun enger eenzeger Generatioun ënnerschreiden. Dat ging heeschen, datt, wann ee net informatiounsteschnech a gesellschaftlech um läschte Ball bleiwt, een iergendwann wärt séng eege Generatioun net mi verstoen. Eltere wärten hir Kanner sou friëm sin, wi Leit aus dem Joër 1800 d’Joër 2000. Dat kinnt dramatesch Konsequenzen hun an zu deem entspriëchende Problemer féiren, besonnesch wa Gesellschaften, déi op engem idiologeschen oder och réng geographesche Niveau getrennt sin, kéng Gemeinsamkeete méi kënne fannen.

Ausser, datt ee muss probéiren, ën oppene Kapp zë halen a sëch net vu firun an géint alles Neies sollt stellen, gesin ech net richteg, wéi een desen Dilemma kinnt léisen. Eng objektiv kritesch Edukatioun kinnt wuël hëllefen, mee misst wuël vu jhidderengem Eenzelne gedroe gin. Aanerersäits, vläit bréngt dat neit Joër an där Hisiicht ë Wandel an ët geet vill mi séier, wi ech duëcht? Oh Moment, dat hat ech jo scho firaus gesin!

An dësem Sënn, ë schéint neit Joër 2015 u méng Liëser!

This entry was posted in Entertainment. Bookmark the permalink.

2 Responses to Zoukonfts-schock

  1. NoTele says:

    Schéin Iwwerleeungen! Definitiv! Definitiv ass et traureg ewéi schnell d’Changementer an der haideger Welt virun ginn. Ech wëll elo net soen “Fréier wor alles besser”, ma ech fir mäin Deel hunn an mengem jonken Liewen ähnlech Saachen gesinn an sinn och een bëssen schockéiert wann ech gesinn, ewéi schnell zemools eeler Leit iergendwann an den Eck gedréckt ginn, net onbedéngt gewollt, ma sécher an Zukunft ëmmer méi krass! Wann een nëmmen kuckt ewéi schwéier et Leit hunn déi iwwert 50 Joer al sinn, an déi sollten hir Aarbecht verluer hunn, fir erëm een Fous an d’Aarbechts Welt eran ze kréien, dann weist dat ganz kloer wouhinner déi Tendenz an Zukunft weisen wärt! An dann sollen mer nach méi laang schafen goen an Zukunft?! Majo dann…
    Anyway hoffen ech dass et Egalwat.lu nach laang wärt ginn! D’Säiten gehéieren zu den Dinosaurier hei zu Lëtzebuerg an et gëtt der leider ëmmer manner vun deem Alter!

  2. den generation gap

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>