Anno 1900 – Steampunk Convention

Hei sin ë puer Impressiounen vun der alljährlecher Steampunk-Convention “Anno 1900″ aus dem Fond-de-Gras, Éditioun 24. a 25. September 2016.


Wéi gewinnt, wor och rem den Train 1900 um Dill fir de Publikum op d’Plaatz zë féieren. Näischt passt besser zu Steampunk wi eng original Damplokomotiv aus dem Joër 1900!


De flotte Kader gouf natirlech gäre fir ë Photoshooting genotzt.


Houfreg hun d’Aficionadoen vum Damp hir Kostümer an vun Hand hirgestallten Objete presentéiert,…


…wéi zum Beispill des op elektronescher Basis fonktionéierend analytesch Differenzmaschinnen.


Fir Ënnerhaalung war gesuërgt, op ëlo méi Komödiantesches…


…oder mat Gesank.


Och di mi Kléng konnten sëch gudd op desem Karussel ameséieren. (Den Draach huet Miëhlstëbs gespaut, wann eng Bloospompel benotzt gouf)


Fir dat leiflecht Wuëhl wor och gesuërgt; op ët lo ëm gewëss Flëssegkeete goung…


…oder ëm.. nujo… wat ass dat eigentlech?

This entry was posted in Entertainment, Kultur. Bookmark the permalink.

One Response to Anno 1900 – Steampunk Convention

  1. Yves says:

    Fantastech!!

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>