Archive for the ‘Blogs’ Category

content ass king

Sunday, October 18th, 2009

Den Titel vun desem Artikel kënnt op desem Blog a läschter Zäit leider ë bessen ze kuerz. Duerfir kann ech awer eng nei Versioun vun der Blogbuerg ukënnegen.

Den Design gouf ë bessen iwwerschafft an ët kritt een ëlo di neisten Artikelen, zesummen mat engem kuerzen Extrait aus den ageschriwwen Blogen présentéiert. Desweideren gelangt een iwwert den Titellink direkt op den beschriwwenen Artikel a net méi just op d’Haaptsäit vum jeweilege Blog. Dat hëlleft besonnesch bei “high traffic”-Newsblogen, wou ee soss misst als éischt nach sichen.

Wann nach een eng Iddi iwwert weider Informatiounen (Allgeménges oder spezifesch zu engem Blog), di kinnten ugewise gin, huet, ass säi Virschlag hei an de Kommentaren ausdrécklech erwënscht.

blogbuerg update service

Thursday, September 24th, 2009

D’Blogbuerg huet lo ën “Update Service” ënnert foljhender URL:
http://blog.egalwaat.lu/ping/

Wann dir ë Blog an der Blogbuerg stoen huet, kënnt der des Adress an ärem Blogsystem androen an dann gëtt all Kéiers, wann der ën Artikel schreiwt, d’Blogbuerg drop opmierksam gemaat an d’Haptsäit bannent ë puer Minutten mam Artikelnumm aktualiséiert.

Dat ganzt ass nach nei an ët wärte wuel nach deen een oder aaneren Fehler optrieden, duerfir sot Bescheed, wann ët net sollt richteg fonktionéieren.

8. staffel vun the west wing

Wednesday, January 21st, 2009

D’Wäisst Haus bloggt lo och. Just fir ze soen. (Kommentarer sin awer anscheinend gespaart)

streetart has a posse

Sunday, May 25th, 2008

De Fireball huet mech op e neie Blog opmierksam gemaat, deen sëch ëm d’Streetart zu Lëtzebuerg bekëmmert. U sëch kinnt ee méngen, datt sou eppes hei zu Lëtzebuerg nach an de Kannerschong ging stiëchen, mee an de läschte Joren si mer relativ vill Beispiller dozou opgefall, z. Bsp. de bloen Hirsch vum läschte Joer a séngen verschiddenen Variatiounen.

Wéi ech firun e puer Méint op d’Porte Ouverte am neien CNA (net ze verwiësselen mat C&A) wor, hat ech am Skaterpark zu Dudetown geparkt. Do ass anscheinend nawell eng zimlech grouss Graffitiszene amgaangen sëch flott z’ameséiren. Ënner aanerem woren awer och Dréck vum Mittal an Thierry Vanwerveke ze gesin. Den éischten hat e puer Vampirzänn verpasst kruut an huet wi aus dem “Mittalalter” gewiërkt. Den Thierry huet eng Posse hannert sëch geschleeft.

Wien kennt nach Beispiller oder huet passend Photoen?

Heavy Mittal
Johnny Chicago has a posse

200

Sunday, February 10th, 2008

Ech hätt et net geduecht, mee no bal 2 Joer huet d’Blogbuerg elo konnten säin 200. Blog begréissen.

Ech weess, datt eng ganz Reih vun de Blogen, di nach dran stin, net mi existéiren oder aktualiséiert gin, mee zu iergend engem Zäitpunkt hun se awer existéiert. An nächster Zäit wärt et och eng Reih Ännerungen a geraumt gin. Virschléi a Verbesserungen sin natirlech wëllkomm.

séng nuddeleg unhängsel

Monday, August 6th, 2007

Pastafari si keng no Jamaica ausgewandert Italiener. Nee, et sin Unhänger vun der Kiirch vum fléienden Spaghettimonster. Lëtzebuerg huet lo och sou eng Kiirch. Do gëtt geléiert, datt d’Welt vun engem fléienden Spaghettimonster erschaafe gouf. Firwat och net. Beweist mol de Géigendeel! Färdeg!

Link

konschtkanal

Sunday, April 29th, 2007

Artchannel gesäit sëch als Online-Video-Kultur-Magazin vu Lëtzebuerg. E Blog mat den neisten Informatiounen iwwert di lëtzebuerger "Konscht-szène" op franséisch, ën Agenda an d’Méiglechkeet fir Artisten, Reklamm fir di eegen Aktivitéiten ze maachen rënnen d’Angebot oof.

Link

blogbuerg: les alentours

Sunday, April 1st, 2007

Inspiréiert duerch dese Kommentar, huet d’Blogbuerg lo eng graphesch Iwwersiicht iwwert d’Verlinkungen vun den eenzelnen Blogen. Dat Ganzt gouf mëttels engem Flash-Applet, dem RelationBrowser realiséiert. Weiders dozou op der Blogbuerg. A Nee, haut gëtt et keen Abrëllsgéck, Ätsch!

rem ganz nei

Sunday, February 18th, 2007

D’Blogbuerg ass lo rem ganz nei an der endgülteger Versioun 2.0 opgaangen. Bis ëlo sin mol zwee RSS-Feeds dobäi komm an an Zoukonft wärten een nach verschidden Informatiounen iwwert d’Blogen kënnen ofruffen.

Wien lo nach ë Blog vermësst, dee soll weg. de Formulaire um Site benotzen. Ech hu keen express ewech gelooss; entweder kennen ech de Blog dann net oder hun ë vergiëss. Mee dat kann een da jo ganz séier änneren ;)

D’Säit ass lo op englesch, wéll eng ganz Reih vun Blogger hei zu Lëtzebuerg net onbedéngt dem Lëtzebuergeschen fäheg sin an domat och méi ën internationalen Publikum ugesprach gëtt, deen sëch vläit mol wëll iwwert di lokal Blogosphäre (rem dat Wuërt!) informéiren.

blo(g) hirsch

Sunday, February 4th, 2007

De bloën Hirsch vum Kulturjoër 2007 huet zënter kuerzem och ën offizielle Blog, wou ën iwwert di verschidden Événementer informéiert.

Link