egalwaat.lu » Blogs

popcornschluecht
Vun Zäit zu Zäit kréien ech nei Blogen fir d’Blogbuerg proposéiert. Dat war lo rëm de Fall an di virgeschloen Säit wor kenuvo.lu. Wann ech sou e Link geschéckt kréien, da ginn ech als éischt op di Säit kucken, wat sech do genau befënnt. Wéi dat am Ufank en automatiséierte Prozess war, krut ech vill Spam geschéckt, duerfir hun ech dunn ugefaangen dat ze moderéieren. Ech decidéieren vun Fall zu Fall, unhand vun objektiven Kriterien (Bezuch zu Lëtzebuerg), op déi Säit an d’Blogbuerg passt oder net. Mat Léift vun Hand ausgeliëst, quasi.

Wéi ech dunn mol op kenuvo.lu kucke war (wat soll dee Numm iwwerhaapt bedeiten?), huet mech direkt mol e Sproch erschreckt: “Le premier blog au Luxembourg”. Op der Säit selwer, stoung soss näischt. Dat war am Nomëtten, Owes wor d’Säit dunn awer richteg lancéiert.

Mee och schon mëttes, konnt ech alleng unhand vun deem Sproch des Säit genee aklasséieren, ouni se lo weider z’ënnersichen. Ech hu se natierlech trotzdem an d’Blogbuerg agedroen, well objektiv näischt dogéint schwätzt. Ech deelen iech mol mäi Virurteel iwwert déi Säit mat: Opgesat gouf se vun enger francophoner Persoun, di an der Belsch oder wuel éischter dem Frankräich wunnt oder viru kuerzem hei hin geplënnert ass. Et ass eng Privatpersoun, och wann d’Säit engem e bëssen den Androck gëtt, wéi wann eng Agence dohannert géing stiechen. Desweideren schéngt des Persoun net vill Ahnung vun lëtzebuergesche Blogen ze hunn. Just well ee kéng deem entspriechend Säite kennt, heescht dat net, datt se net existéieren. Ech froe mech och, firwat ech iwwert d’Blogbuerg d’Säit proposéiert kréien an déi Persoun sech d’Blogbuerg anscheinend mol guer net ugekuckt huet, soss hätt se jo misste gesinn, datt et duerchaus eng grouss Aktivitéit an deem Beräich um lëtzebuergeschen Internet gëtt. Dat Ganzt erënnert mech e bëssen un blog.lu, iwwert dat ech schon am Dezember 2005 (!) geschriwwen haat. Déi haten och geduecht, se wiren déi éischt an der lëtzebuergescher “Blogosphere”, opschons anerer dat domols schon zënter Joere gemat hunn. Dat do war lo meng reng subjektiv Vue vun der Säit; ech loosse mech awer gären dees Besseren iwwerzeegen a wënschen dem Site vill Succès. Mol kucken, wéi d’Diskussioun iwwert dës nei Säit sech wäert weider entwéckelen. Ech hu mer alt schon Popcorn prett gestallt.

Zur Säit selwer: d’Iddi ass eigentlech net schlecht, e lëtzebuergesche Blog (awer op franséisch) iwwert Technologien a soss Neies ze maachen. Leider awer net originell oder guer original. An de Saatz “Proposer une news” geet jo wuel iwwerhaapt net. “Une” news, sérieux? Weiblech an am Singulier? Tztztz…

d’lag vum internet 2010
Eng Fro, déi ech mer heiansdo stellen ass, wéi wäit den Afloss vum Internet hei zu Lëtzebuerg geet.

An Däitschland ass d’Diskussioun opkomm, datt d’Blogosphäre zum Récktrëtt vum däitsche Bundeskanzler gefouert huet. Séng Remarque ass am Ufank vun den traditionelle Medien (Zeitung, Radio, TV) guer net oder just wéineg opgegraff gin. Wéi dunn ower op enge sëlleche politesch- wéi medien-interesséierte Blogen iwwert d’Ausso diskutéiert ginn ass, wor et och op eemol en Thema fir d’Zeitungen (besonnesch de SPIEGEL). Natierlech kann ee lo soen, datt et einfach e puer Deeg gedauert huet, bis sech eng Meenung doriwwer konnt entwéckelen an den Internet ebe méi aktuell ass, wéi eng wöchentlech Zeitung. Trotzdem konnt d’Diskussioun um Internet während den decisiven, meenungsbildenden éischten Deeg dat Thema an eng bestëmmte Richtung lénken, aus där et di aner Medien dunn net méi eraus kruten. Dest ass natierlech och just méiglech, well et an Däitschland eng ganz Rei vun Säite gin, di zwar deelweis banal, mee oft och professionell iwwert d’Politik beriichten. Dobäi ass et egal, aus wéi enger Richtung se kommen (lénks, riets, Mëtt…) an op se versichen objektiv ze beriichten oder subjektiv Meenungen un de Mënsch ze bréngen. Tatsaach ass, datt eng Diskussioun statt fënnt.

Hei zu Lëtzebuerg dogéint, schéngt sou eng “Online-Kultur” vum Diskutéieren quasi inexistent ze sinn. Eng Rei vu Blogen (di och an der Blogbuerg ze fanne sinn), probéieren zwar vun Zäit zu Zäit dat eent oder anert Thema un ze schneiden. Eng Handvoll Leit diskutéieren dann e puer Deeg doriwwer, mee gréisseren Afloss an d’”Leit-Medien” ass net direkt ze fannen. Verschidde Säiten widmen sech komplett de politeschen Diskussiounen, mee verdanken hir Existenz ower entweder enger Partei oder soss eng anerer Gruppéierung, di meeschtens an engem bestëmmten politesche Beräich an ze tesselen ass. D’Tendenzen vun den Diskussiounen sinn an deem Fall da scho meeschtens am Viraus kloer.

Ech fannen et och gutt, wann gréisser medial Institutiounen (d’Wort, RTL) net grouss drop aginn, wat all Topjhang mat enger Websäit kann an di grouss, wäit Welt eraus posaunen, mee trotzdem beaflossen verschiddenen Topegkeeten Artikelen, just well den Auteur sech net richteg iwwert d’Verbreedheet vun enger gewësser Iddi oder Laun informéiert huet (z. Bsp. huet virun enger Zäitchen d’Wort iwwert all domm Facebook-grupp bericht, wéi wann se géing d’Meenung vum gesamte Vollek bedeiten).

Wat feelt, sinn Diskussiounssäiten, di och am allgemenge Public bekannt sinn (den Internet ass och zu Lëtzebuerg endlech als Massemedium ukomm) an trotzdem sech net ze vill vun Individuen an eng bestëmmte Richtung zéie loossen. Oder wat bräicht .lu, ärer Meenung no, nach?

content ass king
Den Titel vun desem Artikel kënnt op desem Blog a läschter Zäit leider ë bessen ze kuerz. Duerfir kann ech awer eng nei Versioun vun der Blogbuerg ukënnegen.

Den Design gouf ë bessen iwwerschafft an ët kritt een ëlo di neisten Artikelen, zesummen mat engem kuerzen Extrait aus den ageschriwwen Blogen présentéiert. Desweideren gelangt een iwwert den Titellink direkt op den beschriwwenen Artikel a net méi just op d’Haaptsäit vum jeweilege Blog. Dat hëlleft besonnesch bei “high traffic”-Newsblogen, wou ee soss misst als éischt nach sichen.

Wann nach een eng Iddi iwwert weider Informatiounen (Allgeménges oder spezifesch zu engem Blog), di kinnten ugewise gin, huet, ass säi Virschlag hei an de Kommentaren ausdrécklech erwënscht.

blogbuerg update service
D’Blogbuerg huet lo ën “Update Service” ënnert foljhender URL:

http://blog.egalwaat.lu/ping/

Wann dir ë Blog an der Blogbuerg stoen huet, kënnt der des Adress an ärem Blogsystem androen an dann gëtt all Kéiers, wann der ën Artikel schreiwt, d’Blogbuerg drop opmierksam gemaat an d’Haptsäit bannent ë puer Minutten mam Artikelnumm aktualiséiert.

Dat ganzt ass nach nei an ët wärte wuel nach deen een oder aaneren Fehler optrieden, duerfir sot Bescheed, wann ët net sollt richteg fonktionéieren.

8. staffel vun the west wing
D’Wäisst Haus bloggt lo och. Just fir ze soen. (Kommentarer sin awer anscheinend gespaart)

streetart has a posse
De Fireball huet mech op e neie Blog opmierksam gemaat, deen sëch ëm d’Streetart zu Lëtzebuerg bekëmmert. U sëch kinnt ee méngen, datt sou eppes hei zu Lëtzebuerg nach an de Kannerschong ging stiëchen, mee an de läschte Joren si mer relativ vill Beispiller dozou opgefall, z. Bsp. de bloen Hirsch vum läschte Joer a séngen verschiddenen Variatiounen.

Wéi ech firun e puer Méint op d’Porte Ouverte am neien CNA (net ze verwiësselen mat C&A) wor, hat ech am Skaterpark zu Dudetown geparkt. Do ass anscheinend nawell eng zimlech grouss Graffitiszene amgaangen sëch flott z’ameséiren. Ënner aanerem woren awer och Dréck vum Mittal an Thierry Vanwerveke ze gesin. Den éischten hat e puer Vampirzänn verpasst kruut an huet wi aus dem “Mittalalter” gewiërkt. Den Thierry huet eng Posse hannert sëch geschleeft.

Wien kennt nach Beispiller oder huet passend Photoen?

200
Ech hätt et net geduecht, mee no bal 2 Joer huet d’Blogbuerg elo konnten säin 200. Blog begréissen.

Ech weess, datt eng ganz Reih vun de Blogen, di nach dran stin, net mi existéiren oder aktualiséiert gin, mee zu iergend engem Zäitpunkt hun se awer existéiert. An nächster Zäit wärt et och eng Reih Ännerungen a geraumt gin. Virschléi a Verbesserungen sin natirlech wëllkomm.

séng nuddeleg unhängsel
Pastafari si keng no Jamaica ausgewandert Italiener. Nee, et sin Unhänger vun der Kiirch vum fléienden Spaghettimonster. Lëtzebuerg huet lo och sou eng Kiirch. Do gëtt geléiert, datt d’Welt vun engem fléienden Spaghettimonster erschaafe gouf. Firwat och net. Beweist mol de Géigendeel! Färdeg!

Link

konschtkanal
Artchannel gesäit sëch als Online-Video-Kultur-Magazin vu Lëtzebuerg. E Blog mat den neisten Informatiounen iwwert di lëtzebuerger "Konscht-szène" op franséisch, ën Agenda an d’Méiglechkeet fir Artisten, Reklamm fir di eegen Aktivitéiten ze maachen rënnen d’Angebot oof.

Link

blogbuerg: les alentours
Inspiréiert duerch dese Kommentar, huet d’Blogbuerg lo eng graphesch Iwwersiicht iwwert d’Verlinkungen vun den eenzelnen Blogen. Dat Ganzt gouf mëttels engem Flash-Applet, dem RelationBrowser realiséiert. Weiders dozou op der Blogbuerg. A Nee, haut gëtt et keen Abrëllsgéck, Ätsch!