Haut de Moien um Knuedler:

Haut de Moien um Knuedler:


Fir déi, di et net kënne liesen: um T-Shirt steet “www.goodidea.lu”. Dat ass de neie Slogan vum Staater Geschäftsverband lëtzebuerger Commerce. Duerfir hänke lo um Knuedler a firum Palais rosa a schwaarz T-Shirter. Vu wäitem méngt een, et wir eng Aktioun vun “Point24″. Anscheinend ass Rosa dat neit Schwaarz.
Dat wor jo nawell séier gaangen, haut, mam Schnéi. Op der Foto hei niëwendrun gesäit een d’Plëss an der Staad géint 17 Auer. Den Hond an der Mëtt ass iwwregens ën Dalmatiner. Ënne riëts ass zum Vergläich eng Noopnahm vum Schnéi. Ët wärten ongeféier 20 cm gewiëscht sin. Bei wiëm louch méi? A bei wiëm manner?

Schéi Krëschtdeeg!
Um Knuëdler huët d’Staater Gemeng eng Bréifkëscht fir de Kleeschen opgestallt. Doran kënnen di Kleng an di manner kleng hir Wënsch un den türkeschen Beschof geheien. Wéivill Wonschbréiwer schon dra leien, ass net gewosst a wärt wuël och just de Kleeschen härno wëssen. U Gerüchter, datt der ë puër sech gingen ën Zichelchen fir an der Staad oder Parkplaazen fir hir Spillautoën wënschen, ass näischt drun.
Eng Säit aus der Kategorie “wiën ët interesséiert”: AirlineMeals.net. Eng riiseg Lëscht mat Beschreiwungen a Fotoën vun Flijeriëssen an eis national Passagéiertransportfluggesellschaft kënnt mol guër net sou schlecht dobäi ewech.
Link
Ouni lo hei Schleichwerbung zë maachen: d’Minettsdäpp vun Battin haaten do nawell eng gudd Iddi, hire Béier an der Staad rem sou auszëliwweren wi nach firun 50 Joër. Opmannst d’Touriste sin begéeschtert. Wann een eppes méi zum Term “Rullefax” (d’Béierkutsch) weess, soll ën dat hei hi schreiwen; souguër Google kennt näischt dozou.
Update: engem Artikel am Wort vum 20.7.2005 no, heescht dee Service “Rollefax”.
D’Preparatiounen an der Staad fir de Nationalfeierdaag ën Donneschden, laafe schon. Um Knuëdler gouf eng Bühn opgeriicht, virun der Post goufen d’Kellerfënstergitteren ersaat an iwwerall an der Uëwerstaad d’rout-wäiss-blo Fändelen opgehaangen. EWL weist eng Exklusivfoto vun den Preparatiounen…