Di lëtzebuergesch Äntwert op rickrolling: faustirolling. Hei hudd der ët fir d’éischt gesinn!
Archive for the ‘Entertainment’ Category
faustirolling
Thursday, May 28th, 2009extreme shepherding
Thursday, March 19th, 2009Den Internet huet séch lo getopped, ët kann een ën ausmaachen, ët wärt näischt Besseres gin, wi dee Video hei. Merci an Eddi.
Wou si mer? (1)
Friday, February 27th, 2009Haut fänken ech eng nei Serie un, op déi méch en Artikel vum Grommel bruëcht huet.
Ech posten ë kléngen Ausschnëtt vun enger GoogleMaps-Satellitephoto an d’Liëser kënne roden, wou dat soll sin. Ech fänken mol als éischt mat lëtzebuergesche Plaatzen un, wärt awer härno och an d’Ausland iwwer goen. Réng technesch gesin, ass ët ë Concours, wou jhiddereen ka mat maachen, mee een Deel soll och einfach nëmmen interessant Plaatzen erfier hiëwen, di ee vläit nach nët kennt.

Wat fir ee Gebai gëtt do gebaut a wou steet ët mëttlerweil (d’Photo ass schon ë besse mi aal)?
Wien wëll mat roden, kann dat an de Kommentare maachen.
Opléisung: Dat goung jo séier, de Ben wor den éischten, dee richteg geroden huet. Hei ass d’Originalplaatz.
google breedegrad
Thursday, February 5th, 2009Google huet alt rem e neie Projet eraus bruecht: Google Latitude. E Service, mat deem een iwwert en Handy ka séng Positioun bekannt maachen, sou datt Frënn wëssen, wou een drun ass. En, a méngen Aan, interessante Projet, dee wuel a nächster Zäit eng ganz Reih vun neie Méiglechkeeten wärt bidden. Lëtzebuerg gëtt leider nach net ënnerstëtzt.
Méng Prévisiounen:
- Staumeldungen kënne vereinfacht gin
- spontan Treffen vu Gläichgesënnten
- Verspéidungen sin offensichtlech
…
Wat ass nach alles domat méiglech? Schreiwt mer ët an d’Kommentaren.
chris christmas rodriguez
Thursday, November 20th, 2008Sorry Santa Claus a Kleesschen, dir zwee hutt ausgedéngt.
44
Sunday, November 9th, 2008Nodeems an de läschten Deeg jo bal all Blog séng Meenung zur Wahl vum Barack Obama als US-President huet misste kond gin, wëll ech hei mol e puer Linken weisen, vun Säiten mat Texter di e bessen méi ronderem dat ganzt Spektakel informéiren.
Den amerikanesche Magazin NEWSWEEK hat während dem Wahlkampf e Projet laafen, wou Reporteren de Presidentschaftskandidaten op Schratt an Tratt nogelaf sin. Wéll dat ganzt awer relativ ëmfangräich ass, huet d’Klaatsch-an-Traatsch-Säit Gawker eng Zesummefassung bruuecht, di nawell relativ interessant a witzeg ass.

Eng interessant geographesch Analyse vum Obama sénger Wiëlerschaft mat Landeskarten weist den “Strange Maps”-Blog.
Wat d’Zoukonft brénge wärt, erklärt e “Salon”-Artikel, dee nawell eng interessant Theorie vun enger véierter amerikanescher Republik erläutert.
Da gëtt ët zum Schluss natirlech och nach eppes fir ze kucken an ze lauschteren, an zwar de Video vun engem briteschen Reporter, deen de Wahldag sélwer eng 92-jähreg Wiëlerin, eng demokratesch an eng republikanesch Wahlparty besicht huet. Op läschterer war offensichtlecher Weis net grad souvill lass.
Wat lo soll mat den fanateschen Obama-Supportere geschéien, weess den “Onion News Network” och net sou richteg z’erklären.
lPhone
Monday, September 29th, 2008
Den “l” steet fir Lemming.
D’Schlaang beim éischte Verkaaf vum iPhone zu Lëtzebuerg, den 26. September.
d’laach vun der nat…. äh vun egalwaat.lu
Wednesday, August 13th, 2008Dese Blog wor lo bal zwee Méint an der Summervakanz. Eigentlech stëmmt dat net, ech hat just keng Loscht an Zäit eppes ze schreiwen, mee iergend eng Excuse muss ee jo hun. Den Interessi fir ze bloggen ass net méi sou staark, wi am Ufank (2005). Mäin aanere Blog hun ech jo schon opginn a wärt en iergend wann mat desem fusionéiren (wann ech endlech eraus fonnt hun, wéi ech dat mat de Kategorien wärt maachen). D’Themegebidd vun egalwaat.lu war bis elo alles ronderem Lëtzebuerg. Dat wärt séch elo änneren an ech schreiwen einfach, op wat ech grad Loscht hun. Anstatt “objektiv” Artikelen iwwert verschidden Objeten, Événementer oder soss Eppes, gin et lo kéng Regele méi. Wiem dat net passt, hat Pech! ;)
Dat éischt, wat ech haut mol wollt erwähnen, ass, datt ech anscheinend am Télécran soll ze gesi sin. Op enger Photo vun der Avant-Première zu “The Dark Knight“. Wi gewinnt kucken ech op enger Zeitungsphoto ëmmer blöd dran. Oder kucken ech vläit och allgemeng ëmmer blöd dran? Wéll ech awer lo grad keen Exemplaire vun desem Magazin bei Hand hat, wollt ech alt mol op telecran.lu kucke goen. Natirlech wor do näischt ze fannen, ausser e grujheleschen Design, dee bei ménger läschter Visite vu firun iwwert engem Joer nach net do war. Grouss Banneren mat Photoen als Hannergrond a banalen wäiss/schwaarzen Iwwerschrëften driwwer. Do fehlt just nach Comic Sans MS als Schrëftart. Wéi een Möchtegern-Snowboarder… äh ‘Webdesigner’ hu se dann zesummen mat MS Paint dorop lass gelooss? Dat erënnert jo scho bal fatalerweis un Lëtzebuerg Privat (jo, ech verlinken dat hei, hihi).
Zum Dark Knight sélwer, deen en zimlech gudde Film ass, hun ech lo net mi direkt Loscht, eng Kritik ze schreiwen. En décke “Merci” geet awer un den Utopolis, deen d’Avant-Premièren anscheinen dozou benotzt, fir ze kucken, op d’Filmrullen an der Reih sin. Hätten se dat firdrun gemaat, hätt de Film net grad matzen an enger relativ spannender a décisiver Szene opgehaalen an éischt no 5 Minutte weider gaangen. Wat fir eng Technik stëcht eigentlech dohannert, wann bei engem “Problem mam Projekter” (O-Toun) direkt automatesch och d’Luuten am Sall uginn? An dat a béide Säll zu anscheinend verschiddenen Zäitpunkten. Firwat kënnt sou e grousse Blockbuster eigentlech net souwisou digital eraus? Oder wollten se vläit Raubkopien verhënneren? En RTL-Kameramann souss nämlech mat séngem Geschier an der éischter Reih. Schued datt ech den Handy schon aus hat, soss hätt ech lo eng Photo dovun hei hi gesaat.
Clipstar 2008
Sunday, June 8th, 2008Gëschter Owend wor d’2008er Versioun vum Clipstar-Kuerfilmfestival an ech versichen mol hei, d’Événement sou ze bechreiwen, wéi ech et erliëwt hun. Ech kinnt dat Ganzt scho baal “Angscht a Schrecken™ am Ciné Sura” nennen, wann net schon en aanere Blog dat ëmmer ging maachen.
Begréisst gouf ech un der Dir vum Thorben, dee schon hin an hir gehetzt ass, fir datt alles sollt perfekt fonktionéiren. Ech hat mer den Ticket op mocom.lu bestallt a kruut deen per SMS geschéckt. Do war sou e kléngt Bildchen vun engem 2D-Barcode dobäi an ech duëcht, déi hätte lo bestëmmt eng hypermodern Apparatur, fir deen ze scannen. Fir mäin Keessenticket hun ech dunn awer just misste mäin Numm nennen; ech war scho bal enttäuscht.
Et war méng éischte Kéier, datt ech an de Ciné Sura zu Iechternach wor an ech wosst net, wat mech do ging erwaarden. E kléngen, iwwerdaachten Bannenhaff, wou een am Drëpsschlaag sëtzt? En donkle Keller, wou niëwent engem d’Heizungsanlag dröhnt? Sou war et dunn awer guer net an ech war iwwerrascht, wéi gudd dee schéine a bequeme Sall mat modernster Technik équipéiert war.
Et waren éischt eng Dozen Leit am Sall an ech hu mer dunn mol d’Fräiheet geholl, mech an di zweetläscht Reih ze setzen. Datt ech domat genau firun der Jury souss, ass mer éischt härno opgefall. De “Rescht” vum Publikum war zimlech gemëscht. Natirlech woren d’Crewen vun de meeschte Filmer do, awer gréisstendeels schéngen sëch vill Leit kannt hun. Ausser dem Thorben, gouf ech sélwer just nach vum Federico erbléckst; ech hätt deen wuel net erkannt, ech weess net firwat, mee Gesichter verhaalen ech mer éischter schlecht.
Kuerz éier et lass goung, koum een mat engem Kuerf voll Glaçen duerch d’Reihen. Ech koum mer rem vir wi e kléngt Kand, wou och nach de Glaçeverkeefer an de Kinosall sélwer era koum. Am grousse Kino um Kierchbierg oder séngem éelere Brudder um Lampertsbierg gëtt et dat jo net méi.
Den Thorben huet dunn och duerch den Owend geféiert, d’Kategorien ugesoot an den aktuelle Spillstand vun den EM-Matcher duerch gin. Séng Moderatioun wor sympathesch an huet och kee Blaad firun de Mond geholl (“…e méi oder manner kompetenten Dan Spogen…”, “…am Jury sëtzt deen Här, deen sëch traut Andy Bausch-Filmer eraus ze bréngen…”).
De Jury sélwer bestoung aus enger Reih bekanntener Persounen wi dem Joy Hoffmann, Tanja Frank, Paul Thiltges, Michael Dohrmann a Carlo Thiel. Nofoljhend beschreiwen ech lo méng perséinlech Kritiken a Bewärtungen vun de Filmer, di gelaaf sin. D’Filmer sin an deene Kategorien présentéiert gin, an deenen së agereecht goufen.
Kategorie KOMÖDIE
Le désir des choses
Regie: Option Média LCD
Produzent: Jean-Roland Lamy-Au-Rousseau
Dauer: 5 Minutten
E léiwen Stop-Motion-Animatiounsfilm vun enger Lycéesklass. Eng Bürosluut schwätzt mat aaneren Haushaltsartikelen a versicht d’Welt z’erforschen. Fir eng Schoulklass ass de Film gudd réaliséiert, awer net besonneg. Genau dat, wat een sëch ënnert sou enger Zort Projet ging firstellen.
Dréibuch: 2/5
Réalisatioun: 3/5
Gesamtbewärtung: 2/5
Bordun
Regie: Pierre Hansun
Dauer: 27 Minutten
Ee vu méngen perséinleche Favoriten vum Owend: Eng Fra huet eng Reih vun Virstellongsgespräicher an enger Welt, di kënschtlech Schniëwel keeft an ëmmer mi verréckt gëtt. Scho bal professionnell Mise-en-scène, gudd Schauspiller an en iwweraschend gudd a konsistent Dréibuch féiren een als éischt an d’Irre, sou datt ee méngt, et wir just eng Uneneenreihung vun skurril/absurden Szenen. Lues a lues ergëtt sëch dann awer e Schema, deen duerch eng tragikomesch Finale bestätegt gëtt.
Dréibuch: 5/5
Réalisatioun: 5/5
Gesamtbewärtung: 5/5
Jurypräis fir di bäschten Komödie.
Kategorie DRAMA
Lei, lui e l’altro
Regie: Steve Hoegener
Produzent: Sacha Bachim / Feierblumm
Dauer: 7 Minutten 30 Sekonnen
Hien ass an hatt verléift, hat kifft an dreiwt et awer mat engem aaneren, asw… Eng relativ banal Geschicht, mee kënschtleresch interessant duer gestallt. Et ass net direkt Stop-Motion an awer mi séier wi eng Slideshow; doduerch entsteet en interessanten Effekt, dee gekonnt d’Szenen ënnersträicht. Den Asaatz vun Filteren léisst eng liicht surrealistesch Atmosphère entstoen. D’Musek wor plaatzeweis ze haard an huet domat zimlech ofgelenkt.
Dréibuch: 3/5
Réalisatioun: 5/5
Gesamtbewärtung: 4/5
Jurypräis fir de bäschten Drama.
Passengers
Regie: Nadia Masri
Produzent: Sandra Laborier an Nickel Bösenberg
Dauer: 5 Minutten
Enger Prostituéierter hir Rees duerch d’Staad bis së schlussendlech vun engem Freier opgegraff gëtt, deen nom Akt vun sénger Famill ugeruff gëtt an hir erziëlt, datt en nach ze schaffen huet. Gudd inszenéiert, mee näischt Besonnesches. D’Geschicht ass och net immens originell an et fehlt och iergend wéi eng Pointe/Lektioun/Message. Opmannst ass mer keen opgefall; et fehlt iergendwéi en Enn.
Dréibuch: 2/5
Réalisatioun: 3/5
Gesamtbewärtung: 3/5
30 von 128
Regie: Patrick Dörnig
Dauer: 9 Minutten
E Student zu Tréier fënnt op der Uni en USB-Stick mat perséinlechen Donnéen drop. Hien forscht no, wéi enger Persoun e kinnt gehéiren. Hien kënnt mat deem gefonntene Meedchen zesummen, andeem’s en di Donnéen benotzt a wonnert sëch dann härno, wann hat hien gegoogled huet. D’Iddi ass net schlecht, regt zu Iwwerléeungen un, mee féiert dat net konsequent aus. Technesch gesin, sin e puer interessant Szenen dran (Masken faalen vun onbekannte Persounen erof, soubal hien hir Nimm liëst), mee huet besonnesch am Ufank zimlech Längten.
Dréibuch: 2/5
Réalisatioun: 3/5
Gesamtbewärtung: 3/5
Ricky
Regie: Mike Tereba
Produzent: Mike Tereba
Dauer: 9 Minutten
E Prof gëtt sénger Schoulklass éischt no enger ganz extremer Moossnahm Meeschter. E bessen hun ech mech un “Donnie Darko” erënnert gefillt, wann de Prof Virbueten vu sénger Dod gesäit. Mat Virblenden versin, entsteht en interessante Puzzle, wou ee lues a lues eraus fënnt, wéi et dozou konnt kommen. Eng gudd Inszenéirung, déi net vill versprëcht, mee dat awer gudd eriwwer bréngt.
Dréibuch: 4/5
Réalisatioun: 3/5
Gesamtbewärtung: 4/5
Kategorie DOKU
2 indisch Päerlen
Regie: Christiane a Fernand Thinnes
Produzent: Christiane a Fernand Thinnes
Dauer: 11 Minutten
Eng Kritik: dee Film ass 11 Minutten ze laang. Mam Charme vun engem Diasowend bei de Schwéierleit kritt een hei eng Indierees presentéiert, déi op zwou Plaaze goung, deenen hir Nimm ech net mol mat kruut. E Collage vun verschiddenen statesche Vuen (di een och an engem Photoalbum kinnt erem fannen), eng monoton firgedroen Liësung vun engem Text, deen een och hätt kinnten an engem Guide no liësen an Informatiounen, mat deenen een näischt kann ufänken (“…do goufe mir mat Informatiounen erschloen.” -> Gelifft? Wéi eng Informatiounen woren dat dann?, “…dee schnéiwäisse Palast…” -> Um Video gesouch deen awer zimlech donkelgro aus. Ass dat di richteg Plaaz?) hun hiert dozou bäi gedroen, datt net nëmmen de Publikum, mee och d’Jury sichtlech gelangweilt war. Réng technesch gesin vläit eng Dokumentatioun, awer net vum Inhalt hir.
Dréibuch: 0,5/5
Réalisatioun: 1/5
Gesamtbewärtung: 1/5
Bleif faarweg
Regie: Élèves du LTMAP
Produzent: Comité Spencer
Dauer: 3 Minutten
E witzege klénge Film mat animéierten Plastilinsfiguren, dee wuel eng Anti-AIDS-Kampagne sollt sin. Wat en am Beräich DOKU ze sichen hat, weess ech och net. D’Logik vum “farweg bleiwen” hun ech net verstaanen, wéll an der gewisener Szene (se maachen eng Kéier ouni Gummi -> d’Welt gëtt gro, dann mat Gummi an alles bleiwt farweg) sin d’Personnagen, di eenzeg gewiëscht, di faarweg bliwwe sin. Also misst et dem Film no jo eigentlech egal sin, op mat oder ouni Gummi?
Dréibuch: 2/5
Réalisatioun: 3/5
Gesamtbewärtung: 3/5
Jurypräis fir di bäschten Dokumentatioun
Giu, nelle cieche tenebre
Regie: Sacha Bachim, Manuel Castellani
Produzent: Feierblumm
Dauer: 16 Minutten
Deen eenzeg richtegen Documentaire iwwert italienesch Minenarbechter am 20. Jorhonnert. Zäitzeien erziëlen vun hiren Grousspäpp, Päpp an sëch sélwer, wéi schwéier s’ët haaten, wi si op Lëtzebuerg komm sin, nom éischten an zweete Weltkrich an bis an d’70er Joren eran. Komplett op italienesch mat franséischen Ënnertitelen. Schéi mat Biller vun domols an aktuelle Videoen ënnerstrach. Di interessant Thematik geréit no enger Zäitchen awer a Richtung Beruffsbetraffenheet, wann d’Leit ufänken vu Rassismus ze schwätzen.
Dréibuch: 3/5
Réalisatioun: 4/5
Gesamtbewärtung: 4/5
Kategorie ACTION
Darkness of the red Light
Regie: Claude Hoffmann
Produzent: Sacha Bachim / Feierblumm
Dauer: 15 Minutten 35 Sekonnen
D’Dréibuch zu desem Film ass wuel entstaanen, wéi d’Carapio (Scouten) vum Houwald op engem Weekend keng Ahnung haaten, wat se sollte maachen. D’Geschicht ass déi vun engem Nuëtsrallye, dee liicht schiif geet. Leider hënnert dat fehlend technescht Wëssen iwwert d’Filmkonscht zimlech graff a kann och net vun engem onoriginellen Dréibuch oflénken. Wann een e Lagerfeier filmt, sollt een d’Kamera op di richteg Hellegkeet astellen, soss gesäit ee just d’Feier a gro Ëmrësser, wi dat hei am Film de Fall wor. Genausou brauch bei deem Lagerfeier jhiddereen e Mikro oder muss nosynchroniséiert gin; am Film konnt ee just d’Knacken vum Feier héieren an heiansdo mol deen een oder aanere pësperen.
Dréibuch: 2/5
Réalisatioun: 1/5
Gesamtbewärtung: 2/5
A Demon in my View
Regie: Laurent Prim a Paul Kohn
Produzent: Feierblumm
Dauer: 15 Minutten
En dramaturgesch a filmtechnesch ganz interessante Film iwwert eng gestéiert Perséinlechkeet. Eng ganz Reih vun originellen Szenen, di nëmmen sou mat symbolträchtegen Metapheren geschwängert sin. Leider iwwerhiëft sëch de Film zimlech zum Schluss an wirkt, O-Toun Joy Hoffmann, prätentiös. Wat d’Wiërk genau wëll vermëttelen, erschléisst sëch mir net. Et gëtt wuel drop spekuléiert, datt et dem Spektateur wéi mir geet an sëch denkt, e wir eben ze blöd, fir d’Ausso ze verstoen.
Dréibuch: 4/5
Réalisatioun: 5/5
Gesamtbewärtung: 4,5/5
Jurypräis fir di bäschten Action
Kategorie MINICLIPS
Volonté de fer
Regie: Michel Frizaine
Produzent: Sehnerv
Dauer: 4 Minutten 10 Sekonnen
Wat gelifft? Ech hun glad a guer näischt verstaanen. De Film (deem séng däitsch Iwwersetzung “stählender Wille” ass (méng éischt Assoziatioun war eppes mat “Triumph des Willens”)) weist eng Kamerafahrt op enger Seelbunn zu Toulon. Um Gipfel ukomm, kritt een eng Koppel Plastiksstiwwelen présentéiert. Am zweeten Deel sin d’Plastiksstiwwelen (di zu enger Plastiksbox wi d’Fëscher se droen gehéiren) op engem Baam opgehaangen, wéi wann se kéng Loscht méi gehaat hätten. Ech hat och keng Loscht méi an hun dunn just nach iwwert dat Kräiz mat Blummen um Stroossegruëf gerätselt. Ass do een ëm d’Liëwe komm? Wa jo, wat hat dat mat deem firdrun ze din?
Dréibuch: 1/5
Réalisatioun: 2/5
Gesamtbewärtung: 1,5/5
Fish
Regie: Ralf Kohr
Produzent: Sehnerv
Dauer: 4 Minutten 5 Sekonnen
Um Schluss huet den halwe Kinosall mat geruff: “Fish, fish…” Ech huelen un, datt et sëch beim Wiërk em e Videoclip zum Lidd gehandelt huet. Eng Blondinn geet op allméiglech Art a Weise fëschen. Vun der Inszenéirung simlech dem Film firdrun ähnlech.
Dréibuch: 1/5
Réalisatioun: 4/5
Gesamtbewärtung: 2,5/5
Bad Boys gone bad
Regie: Sébastien Gudenberg
Produzent: Liberium Films
Dauer: 4 Minutten
Dräi Bouwen hate wuel enges Nomëttes d’Iddi hir Kamera aus ze probéiren. Mat wéineg Opwand an enger witzeger Iddi hun se dun en ënnerhaltsame Clip produzéiert, deen erstaunlech gudd beim Publikum ukomm ass. En iwweraschent Enn huet säint dunn dozou bäi gedroen. Wië seet, datt gudd Filmer mussen vill Arbecht a Ressource verlangen?
Dréibuch: 3/5
Réalisatioun: 3/5
Gesamtbewärtung: 4/5
Publikumspräis fir de bäschte Film
Machtlos
Regie: Andreas Britten
Produzent: Andreas Britten
Dauer: 1 Minutt 20 Sekonnen
E kléngen, vun der Inszenéirung hir zimlech minimalistesche Film iwwert engem Futtballist séng verluëren Dreem. Net immens originell a relativ einfach gehaal. Huet mir net gefall; ech duecht zum Schluss, war dat lo alles? Di iwweraschend Wende, wor guer net sou iwweraschend, wéi sëch dat den Auteur wuel firgestallt hat.
Dréibuch: 2/5
Réalisatioun: 2/5
Gesamtbewärtung: 1/5
Nosferatu
Regie: Olivier Koos
Produzent: Patrick Vedie
Dauer: 2 Minutten 29 Sekonnen
E Film, bei deem all Beschreiwung quasi engem Spoiler gläicht. En absolute Muss fir all Filmfan, derer d’Réalisateuren wuel sélwer och sin. Esou vill Witzer op sou kuerzem Zäitraum an eng gekonnt Inszenéirung, déi gläichzäiteg eng Hommage un dem Murnau säin Nosferatu ass, hun dese Clip zu méngem Favorit vum Owend gekréint.
Dréibuch: 5/5
Réalisatioun: 5/5
Gesamtbewärtung: 5/5
Jurypräis fir de bäschte Miniclip
Party 84
Regie: Patrick Döring
Dauer: 3 Minutten
Styroporéeër danzen zum Lidd “Party 84″. Einfach nëmmen gudd a bizarr Ënnerhaalung. E schéinen Ofschloss vum Owend.
Dréibuch: 3/5
Réalisatioun: 4/5
Gesamtbewärtung: 3,5/5
D’nächst Joer gesi mer eis hoffentlech rem op deser Plaaz. Eddi a Merci.
streetart has a posse
Sunday, May 25th, 2008De Fireball huet mech op e neie Blog opmierksam gemaat, deen sëch ëm d’Streetart zu Lëtzebuerg bekëmmert. U sëch kinnt ee méngen, datt sou eppes hei zu Lëtzebuerg nach an de Kannerschong ging stiëchen, mee an de läschte Joren si mer relativ vill Beispiller dozou opgefall, z. Bsp. de bloen Hirsch vum läschte Joer a séngen verschiddenen Variatiounen.
Wéi ech firun e puer Méint op d’Porte Ouverte am neien CNA (net ze verwiësselen mat C&A) wor, hat ech am Skaterpark zu Dudetown geparkt. Do ass anscheinend nawell eng zimlech grouss Graffitiszene amgaangen sëch flott z’ameséiren. Ënner aanerem woren awer och Dréck vum Mittal an Thierry Vanwerveke ze gesin. Den éischten hat e puer Vampirzänn verpasst kruut an huet wi aus dem “Mittalalter” gewiërkt. Den Thierry huet eng Posse hannert sëch geschleeft.
Wien kennt nach Beispiller oder huet passend Photoen?


